Radioen

On air

Notturno  |  Lonnie Holley & Moor Mother - I Am A Part Of The Wonder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Working class hero

Graphic Novel

Working class hero

E Portrait vum éischte Lëtzebuerger Deputéierte Jean Schortgen a Form vu Graphic Novel. "Schortgen. En Eisefrësser an der Chamber" (Editions Guy Binsfeld/Gemeng Käl-Téiteng), vum Charel Meder (Text) a Marc Angel (Zeechnung), ass manner eng historesch wéi eng mythologesch Duerstellung.

auto_stories

3 min

Am Juni 1914 war mam Jean Schortgen deen éischten Aarbechter an d'Chamber gewielt ginn, als Deputéierte vum sougenannte "Lénksblock", der Allianz vu Liberalen a Sozialisten. Dat war fënnef Joer virun der Aféierung vum allgemenge Walrecht. Bis dohi war d'Zensuswalrecht a Kraaft: Wiele konnt just, wien sech et konnt leeschten, e gewësse Montant u Steieren ze bezuelen. D'Aarbechter waren deemno ausgeschloss - an d'Frae souwisou.

Den Téitenger Minnenaarbechter Jean Schortgen hat ëmsou méi Verdéngscht, datt hien säin Deputéiertemandat parallel zu senger haarder Aarbecht an der Minn hat missten ausüben. Fir kënnen un de Chamberdebatten Deel ze huelen, hat hie missten onbezuelte Congé ufroen.

Aarbechterkampf wärend dem Éischte Weltkrich

D'Graphic Novel "Schortgen. En Eisefrësser an der Chamber" (Éditions Guy Binsfeld/Gemeng Käl-Téiteng), gezeechent vum Marc Angel an zeenariséiert vum Charel Meder, konzentréiert sech op déi kuerz mee ganz intensiv Period tëschent 1914 an 1918, vum Schortgen sengen Ufäng am Parlament bis zu sengem déidlechen Accident an der Minn Brommeschbierg zu Téiteng.

Et waren d'Jore vum Éischte Weltkrich an der Besatzung duerch däitsch Truppen, d'Jore vun der Liewensmëttelpenurie an de Präisexplosiounen, ënnert deene besonnesch d'Aarbechterklass gelidden hat. Deemools war et wichteg, an der Chamber d'Stëmm vun engem Volleksvertrieder zu héieren, deen déi ganz schwiereg Situatioun aus eegener Erfarung kann hat - et war deen eenzegen...

Am Ufank vun der Graphic Novel präziséieren déi zwee Auteuren, datt si sech aus dramaturgesche Grënn e puer Fräiheete mat der Chronologie an der Duerstellung vun historesche Fakte geholl hunn. Hire Schortgen ass eigentlech manner e reelle wéi e mythologesche Personnage, en Held ouni däischter Säiten, dee sech ouni dee geréngsten Hannergedanke fir seng Saach geaffert hat.

Schortgen, e mythologesche Personnage

Déi éischt Zeechnunge weise wéi et blëtzt, stiermt a reent. Pressefotografe waarden op den éischte gewielten Aarbechter an der Chamber. Op eemol daucht eng imposant Figur am Hannergrond op, e Riis, e "working class hero" - Titel iwweregens vun enger aktueller Ausstellung am Téitenger Musée vun der Aarbecht (MUAR).

Et ass d'Glorifizéierung vun engem Mann, dee sech mat enger bal iwwermënschlecher Energie konsequent fir d'Aarbechter an hir Familljen agesat hat, an enger vun Dokteren, Affekoten a soss Vertrieder vun der Bourgeoisie dominéierter Politik-Arena.

Dobäi hat hie géint all méiglech Widderstänn ze kämpfen: géint déi lokal an national Notabilitéiten, géint d'Virurteeler vun der Bourgeoisie, mee och géint verschidden Aarbechter, déi ëm wéinst sengem parteipoliteschen Engagement Verrot u senger Klass virgeworf haten; doriwwer eraus waren et dem Schortgen seng Responsabilitéiten als Familljepapp, de sozio-ekonomesche Misär, den herkuleaneschen Aarbechtspensum, d'Geforen an der Minn, asw. Dem Marc Angel säi kontrastéierten, monochromen Zeechestil ënnersträicht ganz gutt d'Häert vun där Zäit.

Iwwerflësseg Anachronismen

Manner gelonge fir net ze soen iwwerflësseg sinn déi zwee onbedeelegt Observateuren, déi d'Handlung plazeweis kommentéieren: si gesinn aus wéi den Tolpatschenduo Dupond et Dupont aus dem Tintin, oder wéi déi bei wäitem manner sympathesch Streikbriecher vun der amerikanescher Detektivagence Pinkerton.

Iergendwann iwwerwaachen déi zwee de Schortgen aus engem anachronistesche Kontrollraum mat Videoschiermer. Datt d'Heielei Kuckelei-Ikon Jean Oktav op eemol opdaucht an eng Fernseh-Moderatrice zum Schluss dem Schortgen seng Nekrologie mécht hätt wierklech net misste sinn.

De grousse Merite vun der Graphic Novel ass et, an engem populäre Format d'Figur vum Jean Schortgen engem breede Publikum ze presentéieren. Et kann een dovunner ausgoen, datt net jiddereen den 1. Mee 2018 säin 100. Doudesdag matkritt huet.