Radioen

On air

De Moien  |  Andréck vun engem virwëtzege Reesenden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wonnen, déi net wëllen heelen

Literatur

Wonnen, déi net wëllen heelen

D'Liewe vun engem manesch-depressive Mann no der Trennung: an hirem Roman "Blessures sans cicatrices" (Phi) behandelt déi Lëtzebuerger Autorin Michèle Frank e schwierege Sujet. Bei der Ëmsetzung klappt esou gutt wéi näischt.

auto_stories

4 min

De manesch-depressive Bruno huet sech vu senger Fra Mona getrennt. Firwat, weess hien och net esou richteg. Vläicht well hien Alkoholiker ass, mat sech a sengem Liewen net eens gëtt, a méi wéi eng Kéier un de Suicide geduecht huet? Eigentlech de Combel fir e Sozialaarbechter, dee sech ëm jonk Drogenofhängeger an Delinquente soll bekëmmeren ... Jiddwerfalls muss de Bruno elo kucken, wéi hie sech eleng am Alldag duerchschléit. Vläicht andeems hien eng aner Fra kenneléiert? Oder ass hien net awer besser beim Mona opgehuewen?

Spannend ass dat net grad, wat d'Autorin Michèle Frank, eng pensionéiert Däitsch- a Franséischprofessesch, déi elo als Molerin aktiv ass, dem Lieser do zerwéiert. Dat läit an éischter Linn um Opbau vum Roman.

Dat Interessantst direkt am Ufank verroden

An der éischter Hallschent vu "Blessures sans cicatrices", engem Buch vun nëmmen 130 Säiten, geschitt esou gutt wéi näischt. Dofir erzielt de charakterlech ganz schwaachen Haaptprotagonist, mat engem prononcéierten Hang zum Selbstmatleed, wat fir eng Zort Mënsch hien ass, wéi seng eege Fra hie gesäit, wéi eng Astellung hien zum Liewen huet:

"J'ai un besoin fou d'être aimé. Bien sûr, tout le monde a besoin d'être aimé. Mais moi plus que les autres. Parce que j'ai souffert tout petit, quand les autres avaient leur famille pour les cajoler, les protéger (...)."

Fir dat wéinegt Spannungspotential, dat hätt kéinte bestoen, definitiv ze zerstéieren, léisst d'Autorin de Bruno och direkt zum Beschte ginn, firwat hien esou ass wéi hien ass: eng traumatesch Kandheet wéinst enger dominanter däitscher Mamm, déi wärend dem Zweete Weltkrich an Ostdäitschland zesumme mat de Kanner virun de Russen huet misste flüchten. Eng Fra, vun där sech esouguer de Papp ënnerbottere gelooss huet, ëmmerhin e fréiere Wehrmachtsoffizéier, deen no laanger Krichsgefaangenschaft Direkter vun der Gendarmerie gi war ...

Iwwerhaapt, steet de Papp esou propper do, wéi hien dat behaapt? Alles dat belaascht de Bruno, deen zu allem Iwwerfloss och nach e Brudder huet, op deen hie jalous ass. Zum Gléck gëtt et do nach ee méi sympatheschen Hallefbrudder, deen am Roman awer praktesch keng Roll spillt ...

Keng Dialogen, minimal a schappeg Beschreiwungen

No deem laange Psychogramm, dee sech esou liest wéi de Compte-rendu vun enger Sëtzung beim Psychanalyst, ass eigentlech schonn alles gesot. Dobäi bleift nach d'Hallschent vum Roman mat eppes wéi enger Handlung ze fëllen ...

Also komme sech de Bruno an d'Marie, eng Frëndin vu senger Fra, méi no. Mee och déi Renconter gëtt esou oninteressant wéi nëmme méiglech eriwwerbruecht. Dialoge gëtt et - wéi iwwregens am ganze Buch - keng. D'Marie wierkt esou lieweg wéi eng Fënsterpopp. Beschreiwungen, vun där e Roman normalerweis lieft, sinn hei op e strikte Minimum limitéiert an einfach schlecht.

Wa vun engem Salon rieds geet, "qui témoigne d'un intérêt certain pour la culture", da feele mer e puer Beispiller, déi mer et géifen erlaben, dat kënne selwer ze beurteelen. Dofir kritt een da fir d'Handlung Iwwerflësseges ze liese wéi eng zwou Säite laang Presentatiounsbroschür iwwer Konscht als Therapie ...

Onfräiwëlleg Komik a sproochlech Ticken

An enger Zeen erënnert der Marie hire Vanillsparfum de Bruno un d'Kichelcher, déi seng Mamm him als Kand gebak huet. Dogéint ass näischt auszesetzen. Mee muss dat grad zu deem Zäitpunkt sinn, wou hien déck Loscht huet mat der Marie an d'Bett ze goen? Esou onfräiwëlleg komesch an aner bizar Passagë ginn et der am Roman nach méi.

Datt sech den Erzieler permanent Froe stellt, dacks eng hallef Dosen hannerteneen, kéint sech nach duerch säi labille Charakter rechtfertegen. Mee wann ee genee dee selwechte Stil an enger geschriwwener Nott vu senger Fra erëmfënnt, dann ass dat warscheinlech en onbewosste sproochlechen Tick vun der Autorin, där hir sëlleg Formulatioune mat "sans doute", "peut-être" a "probablement" och séier kënnen nerven.

"Blessures sans cicatrices" vun der Michèle Frank schwätzt e ganz schwierege Sujet un, deen der Autorin warscheinlech besonnesch um Häerz läit. Mee dee Roman ass esou schlecht zesummegebastelt, datt een och mam beschte Wëllen do näischt ze rette weess.