Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jaroslav Rudis: "Winterbergs letzte Reise"

Een Thema, ee Buch

Jaroslav Rudis: "Winterbergs letzte Reise"

Berlin, Prag, Wien, Austerlitz, Budapest, Zagreb, Sarajevo - mat Hëllef vun engem Baedecker-Reesguide aus dem Joer 1913 reest e jonken tschechesche Soignant mat sengem doudkranke Patient Winterberg duerch Europa. Eng aussergewéinlech Rees an eng beandrockend Literatur, déi vill ze soen huet - "Winterbergs letzte Reise" heescht de Roman vum tschechesche Schrëftsteller Jaroslav Rudis.

auto_stories

7 min

Den Oskar Kokoschka moolt Akte vun der Anna Mahler, d'Brücke-Moler trenne sech am grousse Sträit, de Marcel Proust publizéiert "Du côté de chez Swann" - den éischten Deel vu senger "A la recherche du temps perdu", den Thomas Mann fänkt mam "Zauberberg" un, d'Virginia Woolf huet hiert éischt Buch geschriwwen, de Stalin an den Trotzki léiere sech kennen, an e gewëssenen Adolf Hitler moolt kitscheg Aquarellë vum Wiener Stephansdom, déi hien dann zu München probéiert ze verhöckeren. Et ass d'Joer 1913.

An dem Jaroslav Rudis säi Winterberg? Dee reest vu Berlin op Sarajevo mat sëllechen Tëschestatiounen an dat mat engem Baedeker-Reesguide aus dem Joer 1913.

Wisou mécht hien dat? "Mich interessiert nur dieses Buch. 1913 war die Welt noch in Ordnung."

E melancholescht, witzegt Buch

Et ass schonn e komesche Kauz, dëse Winterberg, de Protagonist an dësem gutt 500 Säite staarke Roman vum tschecheschen Auteur, deen net just en avertéierte Geschicht- a Geschichtenerzieler ass, mee och Museker a grousse Fan vum Franz Kafka. A propos Kafka, Kafka-Band heescht dem Rudis seng Museksgrupp an hire leschten Album bezitt sech op dem Kafka säi wonnerbare fragmentaresche Roman "Amerika". An iwwerhaapt, 1913 war de Kafka guer net glécklech.

Mee zeréck bei de Winterberg, do geet et net ëm de Kafka oder de Kokoschka, och net ëm de Proust, mee do geet et ëm Schluechten an Attentater, ëm Königgrätz a Feuerhallen, ëm Sachsen a Böhmen, ëm Schnéi a Krich, ëm Léif a Läichen an awer och ëm Béier an ëm d'Eisebunn. De Jaroslav Rudis:

"Es geht auch um viele Niederlagen, um viele verlorene Schlachten, um viele Friedhöfe, viele Leichen tauchen auf. Es geht aber auch um viele persönliche Niederlagen und Verluste, aber es ist vielleicht ein melancholisches Buch, aber hoffentlich auch sehr lustig. Das ist mir auch sehr wichtig und das finde ich an dem Buch sehr tschechisch. Ich liebe Humor und ich liebe auch die Melancholie und wir haben in der tschechischen Literatur diese Tradition von Literatur und Humor."

An do kann ee wierklech just soen, datt dës Kombinatioun vu Melancholie an Humor dem Jaroslav Rudis exzellent gelongen ass. De Jan Kraus ass e Soignant, dee stierwend Mënschen an den Doud begleet. De Winterberg ass ee vu senge Patienten, deen am Stierwe läit a wou de Jan sech a sengem Haus ariicht, mengt hien et wier eng Saach vun e puer Deeg, mee. "Winterberg war der erste Matrose, der meine Überfahrt überlebte. Winterberg war der erste, der mit mir zurückkam."

Eng laang Zuchrees duerch Mëttel- an Osteuropa

Überfahrt nennt de Jan dëst Begleeden an den Doud, dat hien esou gutt mécht, wéi hie kann an awer guer net gutt packt, no all Doud muss hie sech besaufen, mee vläicht och well all Doud hien un den Doud, also d'Überfahrt vun enger Fra, mat där hie frou war, erënnert.

De Winterberg stierft net, wou hien erausfënnt, datt de Jan aus dem tschechesche Vimperk - also Winterberg staamt, ass den ale kranke Mann voller Energie a forcéiert säi Fleeger sech mat him op eng laang Zuchrees ze maachen.

Eng Zuchrees duerch d'Geschicht vu Mëttel- an Osteuropa mat zwee skurrille Protagonisten. Anescht wéi beim beim Claudio Magris sengem monumentale Wierk "Danubio", steet am "Winterbergs letzte Reise" och déi perséinlech Geschicht vun den zwou reesende Figuren am Zentrum vun der Erzielung.

Eng haart Aarbecht

De Jan Kraus ass aus der deemoleger Tschechoslowakei geflücht, lieft elo an Däitschland an huet e fatzegen Alkoholproblem. Mat senger palliativer Aarbecht verdéngt hie sech säi Brout, eng Aarbecht, déi hien als immens haart empfënnt. Haart ass fir hien och d'Rees mam Winterberg, well hien dës Rees ni maache wollt an absolut net versteet, wisou hie sech drop agelooss huet, well de Winterberg ass keen angenehme Reescompagnant.

Den ale Mann lieft a senger Welt an dës Welt ass net vun haut. Derbäi kënnt, datt de Winterberg ouni Punkt a Komma erzielt, flott fir d'Lieserin an de Lieser natierlech, ëmsou manner spannend fir de Jan Kraus, deem u sech all déi Schluechten tëschent de Sachsen a Preussen a Böhmen egal sinn, an hie kann och dem Winterberg seng Passioun an d'Sich no der Vergaangenheet net begräifen.

"Die Stadt Königgrätz sollte sich für die Katastrophe bei Königgrätz bedanken. Ja, natürlich, so ist es. -Bei wem denn? bei den Toten? - Warum schauen si historisch nicht durch, lieber Herr Kraus? Es ist doch so einfach. Ohne Königgrätz würde Königgrätz vielleicht gar nicht existieren. So wie Austerlitz ohne Austerlitz oder Lützen ohne Lützen nicht existieren würde. Niemand würde diese Orte kennen. Nun ja, so kommt es in der Geschichte. Ohne Königgrätz kein Königgrätz, ohne Wallenstein kein Eger, ohne Franz Ferdinand kein Sarajevo, und natürlich ohne Pilsener Bier kein Pilsen, ohne Budweiser kein Budweis und ohne die Feuerhalle kein Reichenberg. Nun ja, so ist es."

Kloer Uspillungen un däischter Zäiten

A propos" Feuerhalle" - dem Winterberg säi Papp hat den éischte Crematoire an der Tschechoslowakei gebaut, natierlech schwätzt de Winterberg vu senger Kandheet, vu sengem Papp an deem senge Schwieregkeete fir e Crematoire populär ze maachen, mee et ass och eng kloer Uspillung un däischter Zäiten an Europa:

"Er wollte verstehen, warum es die Deutschen getan haben, jaja, die Deutschen, aber auch die Österreicher, und die Italiener, und die Slowaken und die Kroaten und viele andere. Doch vor allem die Deutschen, er wollte wissen, jaja, warum die Deutschen die Bahnhöfe mit den Feuerhallen verbunden haben, warum die Deutschen das ganze Europa in eine einzige grosse, brennende Feuerhalle verwandelt haben. Jaja, er wollte alles wissen über the beautiful landscape of battlefields, cemeteries and ruins."

Et ass en Englänner, deen dat alles wësse wëllt, een deen och am Winterberg sengen Erënnerungen eng bedeitend Roll spillt. Een, dee ganz begeeschtert ass vun eben de schéine Landschaften, Schluechtfelder, Griewer a Ruinen a Mëttel- an Osteuropa, deen awer och eng Symbolfigur an dësem Roman ass. Well all dës Griewer a Schluechtfelder sinn net just bedeitend fir d'Geschicht vun Europa, mee virun allem fir dat, wat all dës Griewer a Schluechten dem Mënsch ugedoen hunn an nach ëmmer undinn.

E liesenswäert Buch

Well eng weider Schlësselfigur ass d'lenka Morgenstern. De Winterberg war dréimol bestuet, mee hie war awer just mat enger Fra frou, an am Fong geholl reest hien a sengem Kapp guer net mam Jan Kraus, mee mam Lenka: "Hochzeitsreise zu den Schlachtfeldern und an die Gräber? Das würde sich doch keine Frau wünschen. Auch nicht eine vom Mond."

Weder de Jan nach d'Lieser versti ganz laang all déi kryptesch Uspillungen un de Mound, un dës onbekannte Fra, déi dem Winterberg esou vill bedeit, an déi hien iergendwéi op dëser Rees fanne wëllt. Och wann hie weess, datt d'Lenka net méi ass.

"Durch mein Herz geht nicht die Schlacht bei Königgrätz, nicht das Attentat von Sarajevo, nicht Austerlitz, nicht all die anderen Schlachten. Die sind nicht mein Grab, lieber Jan. Mein Grab liegt auf Usedom. Und dort ist auch ihr Grab. Ich habe ihr versprochen . Ich komme nach, nach Brünn und nach Wien, und nach Budapest und nach Sarajevo. Dann weiter. Doch ich habe es nicht gemacht. Ich war zu feige."

Et ass vläicht dës Feigheet, déi d'Lenka hiert Liewe kascht huet, et ass gewëss dëst Scholdgefill, dat de Winterberg weiderdreift. Dem Jeroslav Rudis geléngt mat dësem Wierk op alle Fall eis net just d'Geschicht vu Mëttel- an Osteuropa méi no ze bréngen, mee och déi vill Zorte vun Doud, vun der Trauer, vum Gewëssen a vun der Léift op eng subtil, intelligent, humorvoll a wéi de Rudis selwer seet, och melancholesch Manéier matzedeelen.

Op alle Fall sinn déi gutt 500 Säiten absolut liesenswäert a wann ee sech d'Zäit léisst fir tëschent den Zeilen ze liesen, ass et en iwwerwältegend Stéck zäitgenëssesch Literatur.