Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiem seng Schold?

Literaresch Rares

Wiem seng Schold?

Mat 18 Joer huet d'Sofja Andrejewna dee bal duebel sou ale Lew Tolstoi bestuet. Si huet hir schrëftstelleresch Ambitiounen opginn, fir hien a sengem Schreiwen z'ënnerstëtzen. Drësseg Joer méi spéit huet si e Roman geschriwwen. Eng Äntwert op dem Tolstoi seng fraen- a loschtfeindlech "Kreutzersonate".

auto_stories

5 min

"Eine Frage der Schuld" ass och d'Liewe vun der Sofja Tostaja.

Natascha heescht d'Heldin am Lew Tolstoi sengem weltberühmte Roman "Krich a Fridden". Dësen Numm huet de grousse russesche Schrëftsteller senger Protagonistin ginn. Dëst nodeems hie senger Fra hir Erzielung mam Titel "Natascha" gelies huet. Eng Erzielung, iwwer déi hien a säin Tagebuch notéiert huet: "Welche Energie der Wahrheit und Schlichtheit."

Seng Fra hat "Natascha" nach virun hirem Mariage geschriwwen a leider och verbrannt. D'Sofja Andrejewna Tolstaja war 50 Joer laang mam Lew Tolstoi bestuet. Si huet 14 Kanner kritt. A si huet den Tolstoi bei sengem Schreiwe beroden, verbessert a seng fäerdeg Säite fir hie frësch geschriwwen.

D'Sofja Tolstaja huet hir eege schrëftstelleresch Karriär an hir Molerei opginn. Dëst, fir déi grouss Fra ze sinn, déi anscheinend hannert all grousse Mann steet. Dobäi war si selwer immens talentéiert.

"Kreutzersonate"

1880 schreift den Tolstoi d'Novell, an där hien de Mariage a Fro stellt. An der Geschicht diskutéiere Leit an engem Zuch iwwer d'Roll vun der Fra. De Protagonist huet seng Fra ëmbruecht. Dat war fir hien deen eenzege Wee, fir seng Jalousie lass ze ginn.

Dem Protagonist no géing eng Léift, déi op enger geeschteger Verwandschaft berout a bei där d'Idealer iwwertenee stëmmen, net existéieren. All d'Elementer vun der Léift wären nëmmen Ausdrock vun enger Sexualitéit, déi just Misär bréngt. Déi automatesch zum Friemgoen, zur Jalousie oder zur Gewalt féiert. Hie bedauert net seng Fra ëmbruecht ze hunn, mee si iwwerhaapt bestuet ze hunn.

Publizéiert gouf d'Novell eréischt zéng Joer nodeems si geschriwwe war. Kopië waren awer schonn éischter am Ëmlaf. Si si regelrecht verschlonge ginn. Den Tolstoi war schonn zu Liefzäiten e bedeitende Schrëftsteller. Säi "Kreutzersonate" ass als skandaléist Pamphlet betruecht ginn.

D'Fra kontert

Fir d'Sofja Tolstaja war dës Novell eng immens Erniddregung. Jiddereen huet an der Fra, déi an der Novell mol keen Numm huet, dem Tolstoi seng Fra gesinn. An awer huet d'Tolstaja sech beim Zar dofir agesat, datt d'Geschicht soll publizéiert ginn. Domadder wollt si wuel och weisen, datt si sech mat der Romanfigur net identifizéiert.

Mee si huet och eng Äntwert ginn, a Form vun engem Roman. Si huet dem Tolstoi seng Geschicht aus der Perspektiv vun enger Fra geschriwwen. Dës Erzielung ass awer eréischt 100 Joer méi spéit, 1996 a Russland publizéiert ginn. 2010 ass d'Geschicht an der däitscher Iwwersetzung, "Eine Frage der Schuld" erauskomm.

An hirem Roman erzielt d‘Sofja Tolstaja d'Geschicht vun der Anna, déi sech mat 16 Joer an den 20 Joer méi alen Duc Prosorski verléift a sech mat him bestiet. Alles wat si virdrun un him bewonnert huet, säin Interessi un hirer Molerei, den Austausch iwwert d'Literatur, seng Zärtlechkeet an Opmierksamkeet ... Alles verschwënnt praktesch schonn an der Hochzäitsnuecht. Déi eenzeg Opmierksamkeet, déi si vun him kritt, ass seng sexuell Loscht.

Dem Kind wurde Gewalt angetan; dieses Mädchen war nicht auf die Ehe eingestellt; die aus Eifersucht kurz erwachte Leidenschaft schlief wieder ein, niedergedrückt von Scham und Abscheu vor den fleischlichen Gelüsten des Fürsten. Was blieb, waren Erschöpfung, Niedergeschlagenheit und Furcht.

D'Anna zitt mat hirem Mann op d'Duerf an dem Prosorski säin Härenhaus. Déi eenzeg Gesellschaft, déi si huet, ass hir Schwéiermamm, mat där si immens frou gëtt. No a no gëtt si gewuer, datt hire Mann sëllech Affäre mat de Bauerefraen hat. Hien huet sech, och nodeems si schonn dräi Kanner kritt huet, ganz gäre mat anere Fraen amuséiert. Op där anerer Säit ass hie schrecklech jalous, ënnerstellt der Anna, sech an en anere Mann verléift ze hunn an erniddregt si onënnerbrach.

Déi Zwee plënneren op Moskau, wou sech villes verännert. D'Anna kënnt aus hirer Hausfraen- a Mammeroll eraus. Hire Mann gëtt domat guer net eens. D'Anna mécht alles, fir hire Mann frou ze maachen a seng Léift an Zouwennung ze kréien. Si begéint awer ëmmer nëmmen engem jalouse Mann, bis alles eng ganz dramatesch Entwécklung kritt.

Eng Fra géint d'Konventioune vun hirer Zäit

Als éischt Schrëftstellerin a Russland thematiséiert d'Sofja Tolstaja an hirem Roman d'Sexualitéit. Dat war um Enn vum 19. Joerhonnert net akzeptabel. Si beschreift der Anna hir Verletzung, well de Mann just un hirem Kierper interesséiert ass. Si erzielt, wéi d'Protagonistin als jonk, onerfueren an net opgekläerte Fra de Sex just als Gewalt erlieft. A wéi si sech net gewiert kritt, well si fäert, hire Mann ze verléieren.

"Sollte denn nur darin unsere weibliche Berufung bestehen", dachte Anna, "vom körperlichen Dienst für den Säugling zum körperlichen Dienst für den Mann überzugehen? Und das abwechselnd? Immerfort! Wo bleibt denn mein Leben? Wo bleibe ich?"

D'Tolstaja erzielt an hirem Roman vun der Anna hirer Léift zur Literatur, zur Musek a vun hire Gespréicher mam Bechmetew. Hien ass e gudde Frënd vum Prosorski a begéint der Anna mat Respekt. Déi zwee tausche sech aus iwwert intellektuell Sujeten. A si schwätzen iwwert der Anna hiren Engagement fir d'Ënnerriichte vun den Duerfkanner an hiren Ënnergank als Fra an enger patriarchalescher Welt.

Anna oder Sofja?

"Eine Frage der Schuld" ass d'Liewensgeschicht vun der Protagonistin Anna. Et ass awer och d'Liewe vun der Sofja Tostaja. Am Buch ginn et vill Parallelen. Sief et hir Talenter, sief et hir Relatioun mam Tolstoi.

Datt et esou vill Joerzéngte gebraucht huet, bis dëse Roman aus den Archiven erausgeholl gouf, kéint un den oppenen Aussoen iwwert e Mariage leien, deen net sou war, wéi en no baussen duergestallt gouf. Et läit virun allem awer um Bild, dat an der Geschicht vum grousse Schrëftsteller Lew Tolstoi gezeechent gëtt. Dat sollt dem grousse Public net gewise ginn. Un der literarescher Qualitéit jiddefalls kann et net leien. Déi ass nämlech e gudde Gronn fir dëse Roman ze liesen.