Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - In Care Of 8675309

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ee Kulturentwécklungsplang fir Lëtzebuerg?

Kulturpolitik

Wéi ee Kulturentwécklungsplang fir Lëtzebuerg?

A wéi engem Kader soll sech d'Kulturpolitik an Zukunft zu Lëtzebuerg ofwéckelen? D'Fondation Robert Krieps, déi der LSAP nosteet, hat eng Debatt zu deem Sujet organiséiert. Déi sougenannten "assises de la culture", déi am Juni ofgehale ginn, sollen op ee Kulturentwécklungsplang eraus lafen. Wéinstens steet dat esou am Koaltiounsprogramm vun der rout-blo-grénger Regierung.

auto_stories

4 min

Serge Tonnar, Jean Tonnar, Marc Limpach, Danielle Igniti a Robert Garcia

Ee Kulturentwécklungsplang wier net dofir do, fir Inhalter ze bestëmmen, erkläert den däitsche Kulturberoder Patrick Föhl. Mat esou engem Plang sollt de Kader geschaf ginn, an deem eng Kulturpolitik sech kéint entfalen.

Sech am kulturelle Beräich op d'Politik verloossen? De Robert Garcia huet sech grondsätzlech skeptesch gewisen. Fir den nach-Direkter vun de Rotonden geet et an engem Kulturentwécklungsplang virun allem mol drëms, eng Visioun z'entwéckelen. Et misst determinéiert ginn, wéi wichteg d'Kultur fir d'Gesellschaft wier. "Fir mech huet d'Kultur an der Geschicht ëmmer Fortschrëtt bedeit," sou de Robert Garcia.

Méi kulturell Bildung zu Lëtzebuerg

Fir d'Danielle Igniti, Direktesch vum Kulturzenter opderschmelz zu Diddeleng, muss d'Fro vum Publikum am Mëttelpunkt stoen. Zu Lëtzebuerg misst de Public méi opgebaut ginn. "Kultur-Bildung, ass menger Meenung no zu Lëtzebuerg net intensiv genuch." An engem Milieu wou Theater a Concerten eppes Alldeegleches wären, hätten d'Kanner Chance. "Déi aner, déi dat doheem net gewise kréien, hunn net souvill Chance. Well an der Schoul gëtt net op alle Plazen dorobber opgepasst."

Fir kulturell Bildung a Bedeelegung ze fërderen, wär eng modern Kulturverwaltung néideg, déi op Kooperatioun a Koordinatioun géif setzen, sou den däitsche Beroder Patrick Föhl. De Problem wär, datt et dacks keng Schnëttstellen zwëschent Etablissementer wéi Schoulen oder Altersheimer a Kulturinstitutioune géif ginn. "Dat heescht et brauch een ëmmer méi Intermediairen oder Ureizer duerch Subventionéierungen, fir déi Verbindungen ze schafen. Dat Selwecht gëllt fir Tourismus an d'Kultur."

"Kricher vun de Kierchtierm"

De Manktem u Kooperatioun géif sech schonn ënner Gemenge bemierkbar maachen, sot de Jean Tonnar. Den Escher LSAP-Kulturschäffen huet d'Beispill vun der europäescher Kulturhaaptstad 2022 genannt. Kayl huet jo schonn annoncéiert, net wëlle matzemaachen, an och Käerjéng a Péiteng hu sech vum Projet distanzéiert: "Do gesäit een dann och schonn op klengem Niveau, déi kleng Kricher vun de Kierchtierm. Dat ass absurd."

Matmaachen, net just nokucken

Fir de Sänger Serge Tonnar misst ee Kulturentwécklungsplang nach méi op d'Kënschtler setzen. Virun allem an dat kreatiivt Potential vun deene méi Klenge misst investéiert ginn: "Wat och ganz wichteg ass, dat ass Participatioun vun der Bevëlkerung un der Konscht, un der Kultur, u kreative Prozesser. Wéi Jonker net nëmme Publikum ginn, well dat ass passiv Konsuméierung vu Kultur, mee wéi se kënne selwer aktiv ginn." Kreativitéit géif an de Schoule gréisstendeels nach ëmmer bestrooft, sou de Serge Tonnar.

D'Diskussioun ëm ee méiglechen neie Kulturentwécklungsplang gouf vun der LSAP-noer Fondation Robert Krieps organiséiert. Kontrovers gouf net diskutéiert, well déi Bedeelegt all éischter zum lénke politesche Spektrum ze ziele sinn. Op d'Kritiken un der méi liberaler kulturpolitescher Approche, sou wéi se den DP-Kulturministère géif verkierperen, gouf et deemno keng Äntwert.