Alles dréit sech ëm de Benkei, ee Japaner, deen zu New York lieft an hanner enger onscheinbarer Fassad direkt zwee Geheimnisser verstoppt: hien ass esouwuel als Konschtfälscher wéi als Optragskiller a "Racheengel" gefrot. A siwe Kapitele féieren Taniguchi a Mori duerch dem Benkei seng Welt an erschafen eng Mëschung aus Film Noir, Mafia-Epos a Samurai-Geschicht.
Wat de Benkei undreift, gëtt een ni esou ganz gewuer. Am Mëttelpunkt vum Manga sti seng extravagant Missiounen, déi "Benkei in New York" méiglechst spektakulär inzenéiert. Hei kann een och dem Taniguchi seng fein Schwaarz-Wäiss-Zeechnunge mat hiren detailléierten Hannergrënn, déi vill zur Atmosphär bäidroen, erwänen.
Vun de Klischeeë bei de Figuren, an där net ëmmer plausibeler Handlung, dierf ee sech net oflenke loossen. "Benkei in New York" funktionéiert ganz nom Prinzip "style over substance".