Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Maehila - Gentle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bedeit Lëtzebuerg fir Artisten?

Luxembourg Art Week

Wat bedeit Lëtzebuerg fir Artisten?

Lëtzebuerg huet eng eenzegaarteg Situatioun um europäesche Konschtmarché. Et zitt ëmmer méi Galeristen heihinner. D'Kënschtler ginn awer éischter an d'Ausland. Dräi Galeristen erkläre firwat.

auto_stories

3 min

Groussen Undrang bei där éischter Luxembourg Art Week

Am Dezember 2014 huet de gebiertege Rheinländer an haitege Berliner Galerist Michael Krome seng Krome-Gallery opgemaach. Hien huet zimlech séier d’Catherine Lorent ausgestallt, an et solle weider lëtzebuerger Artisten nokommen. Ënner anerem de Filip Markiewicz.

Déi zwee Artisten hätten op ee Bléck op Lëtzerbug, deen op d’mannst ambivalent wär. An dat, obwuel si am Fong ganz patriotesch wären. “Mir deet dat ëmmer bësse wéi, dass si net hei bleiwe wëllen.” Hie géif gär dozou bäidroen, dass Lëtzebuerg zu enger Plaz géif ginn, wou een och als subversive Kënschtler gär géif liewen a schaffen.

De Virdeel vu Lëtzebuerg

Déi belsch Konschtspezialistin Audrey Bossuyt, déi am Gronn mam Nordine Zidoun eng Galerie opgemaach huet, huet bis ewell eng Rei hei éischter onbekannt amerikanesch Kënschtler ausgestallt. Mee viru kuerzem ass d’Audrey Bossuyt mam Martine Feipel a Jean Bechameil och op de Goût vun der lëtzebuerger Konscht komm. Si wëll fir d’Kënschtlerkoppel onbedéngt eng Vertriedung zu New York fannen.

Audrey BossuytAn den europäesche Metropole wär et immens schwéier, fir international Artiste ze vertrieden. Et géif einfach ze vill Galerië ginn. Lëtzebuerg hätt dee Virdeel, dee Bréissel virun 10 Joer gehat hätt: "Engem groussen, amerikaneschen Artist mécht et keng Angscht, wa säin Artist zu Lëtzebuerg ausstellt." Dat wär ee wichtegen Atout vu Lëtzebuerg.

Artiste musse sech exportéieren

De Galerist Alex Reding vertrëtt eng 23 Kënschtler; dorënner och eng Handvoll Lëtzebuerger, vun deenen awer déi meescht am Ausland liewen. Hie réit sengen Artisten, sech z’exportéieren. "Et kann ee sech nëmme profiléieren, wann een et fäerdeg bréngt zu Bréissel, zu Paräis oder zu Berlin ee Fokus ze kréien"

Den Alex Reding bedauert de Manktem un noutwennege Strukturen zu Lëtzebuerg. Mee hie gesäit awer och, datt d’Leit aus dem Milieu sech an déi richteg Richtung engagéieren. Senger Meenung no gehéiert seng Initiative, d’Luxembourg Art Week, och dozou.