Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass Street Art?

Konscht

Wat ass Street Art?

En ass séier, éphémère, "eng onofhängeg Stëmm am urbane Raum" – Street Art. Eng Konschtform, mat där sech och an der Literatur beschäftegt gëtt.

auto_stories

5 min

Street Art vum bekannte Kënschtler Banksy: "Anonym Bréiwer un eng Stad"

Den Term Street Art gouf fir d’éischt Kéier an de 70er an 80er Joere benotzt, fir d’Konscht vun deenen Artisten ze beschreiwen déi hier Kreativitéit am ëffentleche Raum ausgelieft hunn. Gelungenerweis gëtt Street Art dacks op Graffiti reduzéiert.

Well des Beschreiwung awer där vum Graffiti relativ änelt, muss een hei kloer ënnerscheeden. Beim Graffiti geet et em d’Sprayen vun Nimm, sougenannten Tags, op Maueren oder Zich. Des Tags si gréisstendeels just innerhalb vun der Graffiti Zeen ze verstoen an fir d’Majoritéit vun de Leit bedeiten se näischt. Text a Schrëfte sinn d’Haaptcharakteristik vun dëser Konscht déi hiren Ursprong an de 70’er Joeren an den USA huet.

"Anonym Bréiwer un eng Stad"

Street Art sengersäits ass zougänglech fir jiddereen a kennzeechent sech duerch ganz verschidden Interventiounen am urbanen an ëffentleche Raum, mat deenen d’Artiste wëlle mam Publikum kommunizéieren. Witzeg, ironesch, politesch, kritesch an deelweis emotional Messagen tauchen an de Stroossen vun dëser Welt op. De Cedar Lewisohn beschreift dëst a sengem Buch als eng net editéiert Vue déi d’Kënschtler kennen duerstellen. Et ass keen den hinne virschreift wat se solle maachen, d’Artisten decidéiere selwer wou a wéini se hier Wierker creéieren.

A sengem Buch “60 Innovators shaping our creative future”, gëtt den Auteur Lucas Dietrich eng duerchaus adequat Definitioun vu Street Art: Eng onofhängeg Stemm am urbane Raum, eng erfrëschend Alternative zu de konventionelle Medien a sterilen urbane Projeten. D’ Alison Young, Auteurin vum Buch "Judging the Image", beschreift des illegal Konscht als anonym Bréiwer un eng Stad, geschriwwe vu geheime Korrespondenten. Et sinn ongewollte Spam-Mailen, déi d’Inbox vun der Staat zum iwwerlafe bréngen.

Et ass wuel net falsch ze behaapten, datt Street Art sech déi eidel, an deelweis dach inspiréierend Toile vum urbane Raum zu Notze mécht, an dëst mat Message bemoolt. D’Francesca Gavin, Auteurin vu "Street Renegades - New Underground Art" argumentéiert an hirem Buch, datt Street Art Interventioune kee kommerzielle Gedanken hunn, et géing just drëm goe fir de Leit hier Aart a Weis wei se d’Liewen an de Stied erliewen, ze änneren.

Ouni Grenzen a Regelen

Am effentleche Raum ginn et fir d’Street Art Kënschtler keng Grenzen a Regelen. Si liewen hier Konscht aus, ouni sech em d’Police oder Gemengen ze këmmeren, déi des illegal Konscht alles anescht wei ënnerstëtzen. A genee och dëst ass Deel vum Charme vu Street Art: d’Konscht ass éphémère an et weess een ni op dat Wierk wat e Moies um Wee fir op d’Aarbecht gesinn huet, den Dag drop nach do ass.

D’Kënschtler déi sech Street Art verschriwwen hunn, sinn esou ënnerschiddlech wei hier Konscht. De weltbekannte Kënschtler Banksy schafft mat Schablounen, den JR mat riseg grousse Fotoen oder de Space Invader mat klenge Mosaicken. Wei de Cedar Lewisohn schreift, wier et falsch d’Artisten ze kategoriséieren. Se hätten alleguer hier eege Motivatiounen, Art vu Konscht a Message. Des urban Rebellen hunn zënter 2000 den ëffentleche Raum fir sech entdeckt,. Och wann et virdru schonn eng Rei Kënschtler gouf wei de Blek Le Rat zu Paräis, esou ass Street em d’Joer 2000 richteg bekannt ginn.

Zréck bei "d'Internationale situationniste"

De Kontext an dem Street Art entsteet, also am urbane Raum, gëtt oft mat der Theorie vun de Situationnisten a Verbindung bruecht, schreift de Cedar Lewisohn. 1957 zu Paräis vum Guy Debord gegrënnt, war d’ "Internationale situationniste" eng marxistesch an avantgardistesch Grupp, déi dat alldeeglecht Liewe wollt restrukturéieren, a gläichzäiteg och d’Experienz vun de Stied wollt revolutionéieren.

Mat de Konzepter vum "dérivé" an "détournement" déi d’Situationnisten vun der "Lettriste International" geléint hunn, wollten se hiert Ëmfeld op enger aner Manéier erliewen. Beim "dérivé" zum Beispill goufen d’Leit encouragéiert fir ouni Ziel duerch d’Staat ze goen, a sech ze verléieren.

Setzt een dëst mat Street Art a Verbindung, da kann een Ähnlechkeeten erkennen. Den "détournement" zum Beispill kann ee mat enger Technik bei Street Art a Verbindung setzen, déi "subvertising" heescht. Eng Mixture aus de Wieder "Advertising" a "Subvertising", déi doraus besteet, de Sënn vun enger Publicitéit nei ze arrangéieren, se ze zerstéieren a mat hir e neie Sënn ze ginn.

En anere wichtegen Aspekt vu Street Art ass de Message deen d’Kënschtler wëlle produzéieren. Déi eng wëllen einfach de Leit de Wee op d’Aarbecht méi interessant maachen, déi aner probéiere mat politesche Messagen e Bewosstsinn ervir ze ruffen. De Kënschtler Slinkachu dee mat Miniatur-Figuren Zeenen aus dem Alldag op de Stroossen no stellt, probéiert mat senge Wierker d’Leit dozou opzeruffen hiert Ëmfeld méi bewosst ze erliewen an no den Detailer ze sichen.