Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Bicherabstinenzler a Bicherbordeller

Literatur

Vu Bicherabstinenzler a Bicherbordeller

A sengen ''Onméigleche Geschichte" mat onméiglechem Titel setzt sech de Guy Rewenig kritesch a spilleresch mat der klengkaréierter Natioun vun héichbezuelten, iwwerempfindleche Kulturbanausen auserneen.

auto_stories

3 min

Dem Guy Rewenig seng Sammlung vun ''onméigleche Geschichte'' kéint grad esou gutt ''Tales of ordinary madness'' heeschen, mee well den Charles Bukowski deen Titel scho fir sech reservéiert hat, steet alt ''Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektrizitéitswierk'' (Editions Guy Binsfeld) um Buchdeckel - den Titel iwweregens vun der néngter a leschter Geschicht, eng vun deene méi kuerze Storyen, nieft deenen dräi méi laangen, an et muss ee soen, deenen dräi beschten.

Et geet scho ganz gutt u mat ''Countdown'', 124 méi oder manner kleng Paragraphen, déi nom Prinzip vum Countdown auslafen an den Ech-Erzieler de ''klasseschen Dräi-Phase-Modell'' duerchliewe loossen:

"Fir d'éischt weess kee Mënsch méi, wien s du bass (...). Da weess du selwer net méi, wien s du bass. (...) Um Enn weess du och net méi, wou s du bass."

De Lieser weess allerdéngs ëmmer, datt en hei zu Lëtzebuerg ass. D'Gesellschaftskritik, déi wéi gewinnt déi klengkaréiert Natioun vun héichbezuelte Kulturbanausen an neierdéngs och d'Iwwerempfindlechkeet vun de Woke-Aktivisten an d'Viséier hëlt, nieft de klasseschen Zilscheiwe Kierch, Kapitalismus, Bürokratie, ass beim Guy Rewenig ëmmer mat engem Spill mat der Sprooch verbonnen. An dofir liest een e gär.

Exercices de style

All Geschicht ass en Exercice de style, deen eng bestëmmte formell Iddi ëmsetzt. Wéi gesot de Countdown, mee och d'Reductio ad absurdum (déi den Anti-Konsum als nei Kapitalismus-konform Haltung entlarvt), oder de Schnéiball-Effekt (wann anstänneg Lëtzebuerger Bierger sech géigesäiteg mat Scholdzouweisungen zouschëdden).

Eng ganz Partie Geschichte sinn dialektesch opgebaut, sief et datt sech eppes a säi Géigendeel verkéiert (wéi bei dëser Koppel, där hiren Enthusiasmus fir de Vierwaldstättersee op eemol an eng decidéiert Ofneigung kippt), sief et datt sech duerch een eng-Fro-keng-Äntwert-Spill e Mann aus enger eigentlech banaler Situatioun eraus an eng reegelrecht Roserei era steigert.

De Contraire soe vun deem wat ee mengt, dat ass d'Waff vum Rewenig sengem Alter ego Wolak fir sech der Cancel-culture-Well ze widdersetzen, déi jo keng Ironie zouléisst. E staarken Androck hannerléisst dann de Perspektivewiessel an der Geschicht ''Schaarf Kéier'': Hei ginn auslännerfeindlech Virurteeler, déi tragesch Mëssverständnesser provozéieren, un den Dag geluecht.

Dem Guy Rewenig seng Prosa ass ëmmer exzessiv, kompulsiv, mat laange bis ganz laange Sätz, et ass d'Polyphrasie, déi den Direkter vun der Nationalbibliothéik Marc Paasch, dem Haaptprotagonist vun der längster Geschicht ''Geforen a Virdeeler vum Sonndesjogging'' gepak huet. Hei dréckt sech den - dixit Wolak - ''autonome Privatanarchist'' aus, dee sech a kee Kader wëll zwénge loossen. Hei spruddelt eng vital Energie, ëmmer nach, déi sech dem Spill verschriwwen huet. Wéi heescht et dach op enger Plaz: ''fir zéng Minutte sinn ech nees e klenge Bouf''.