Radioen

On air

Espresso Beats  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat Béist an eiser Séilekomedie

Theater

Dat Béist an eiser Séilekomedie

De Pol Cruchten inszenéiert am Théâtre National dem Thomas Bernhard säi "Vor dem Ruhestand" iwwer d'Weiderbestoe vum faschisteschen Denken. E Stéck, dat beréiert, well et mam Fanger op dat Béist an eis an net just ronderëm eis weist, fënnt d'Valerija Berdi no engem Besuch bei de Prouwen.

auto_stories

6 min

Ee Menage à trois: D'Nora Koening, d'Christiane Rausch an de Georg Marin während de Prouwen.

De Rudolf Höller a seng zwou Schwësteren, d'Clara an d'Vera sinn d'Protagonisten am Thomas Bernhard sengem Stéck “Vor dem Ruhestand.” Den éisträicheschen Auteur huet sech um Fall Filbinger inspiréiert, fir dës Familljegeschicht déi d'Gesënnung an d'Gesellschaft am Nokrichsdäitschland z'erzielen.

Ënnert dem Hitler-Regime huet den Hans Filbinger als Militärriichter Doudesuerteeler verhaang. Nom Krich war hien als CDU-Politiker Ministerpresident vu Baden-Württemberg. ​Seng Vergaangenheet ass réischt 1978 ëffentlech debattéiert ginn. De Filbinger huet deemools just ee vu sengen Doudesuerteeler zouginn a behaapt, déi aner véier, déi opgedeckt gi sinn, vergiess ze hunn.

Den Thomas Bernhard wollt mat sengem Stéck duerleeën, datt mam Enn vun engem faschistesche Regime net gläichzäiteg och déi faschistesch Iwwerzeegungen aus de Käpp vun de Matleefer ausgeläscht ginn.

Onrecht, deemools ewéi haut?

Aus genau dësem Gronn huet de Pol Cruchten, dee bei der Regie vum Tom Dockal an Sally Merres assistéiert gëtt, sech dëst Wierk vum Thomas Bernhard ausgesicht fir et op d' Bühn vum TNL ze bréngen. Haut géifen d'Leit iwwer d'Migranten soen: "Haaptsaach se kommen net bei eis". Dat Friemt ofzelehnen, ofzeschiben, oder eben ze vergasen, wier nationalsozialistescht Denken. Dat eraus "ze wullen" hätt hien um Stéck interesséiert.

De 7. Oktober ass dem Heinrich Himmler säi Gebuertsdag. Dat feiert de Rudolf Höller, gespillt vum däitschen Acteur Georg Marin. Mee hie mécht dat heemlech, well trotz senger Nazi-Vergaangenheet als Lagerkommandant huet hien eng Carrière als Geriichtspresident an Landtags-Deputéierte gemaach a steet kuerz virun der Pensioun. Op dësem besonneschen Dag deet hien seng SS-Uniform un, de Portrait vum Himmler gëtt opgehaang an et gëtt sech un di gutt al Zäiten erënnert.

Den Hans Filbinger soll 1978 gemengt hunn, dat wat deemools ënner dem Nazi-Regime vu Recht war, kéint net haut vun Onrecht sinn. A genee dës Astellung entlarvt den Thomas Bernhard mat sengem Protagonist, dem Rudolf Höller dee seng SS-Uniform eemol d'Joer houfreg dréit.

Näischt un dem ale Mann ass sympathesch. Erniddregung, Megalomanie an Xenophobie maache seng Perséinlechkeet aus. Dem Thomas Bernhard seng Sprooch ass, wéi gewinnt, pointéiert, bësseg a schaarf. All Saz huet eng kloer Ausso, gläich wéi trivial an alldeeglech se agepak ass: "Der Soldat im Soldaten stirbt nicht​nichts ist verlierbar, ausser die Erinnerung​die Mehrheit denkt genau wie wiraber geheim."

Beim Text bleiwen

Déi zwou Schwëstere si bei dëser Feier derbäi an et soll eng net existent Familljenidyll demonstréiert ginn. An der Roll vum Vera spillt d'Christiane Rausch eng Fra, déi schwankt: Tëscht der Angscht virun hirem Brudder an der Iwwerzeegung, datt hien an der Vergaangenheet een Held war. Och d'Gefiller géigeniwwer hirer Schwëster schwanken.

D'Clara, gespillt vum Nora Koenig, huet eng ganz aner Vue op Hitler, Himmler an Höller. Si gouf de Bombardementer vun den Alliéierte schwéier blesséiert a sëtzt am Rollstull. Trotzdem gëtt d'Clara, anescht wéi hire Brudder, d'Schold net den Englänner, mee dem Nationalsozialismus. Géint hir Geschwëster kritt si sech gewiert, a probéiert duerch Ignoranz hir Dignitéit ze behalen.

De Pol Cruchten huet dem Bernhard seng "deutsche Seelenkomödie", wéi et am Ënnertitel heescht, eent zu eent fir d'Inszenéierung iwwerholl. Bei esou engem "groussen Auteur", dierft een net versichen een Theaterstéck ze maachen, dat méi intelligent ass wéi den Text.

De 6. Abrëll ass d'Première.