Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vlado Franjevic - Allerartzeiten

Printemps des poètes

Vlado Franjevic - Allerartzeiten

Vum 25. bis de 27. September liesen néng Autorinnen an Auteuren aus siwe Länner am Kader vum Lyrikfestival Printemps des poètes hir Poesie am Casino an der Uewerstad an an der Abtei Neimënster am Gronn. Mir stellen Iech ee vun den Dichter vir, dee bei dësem Festival derbäi ass.

auto_stories

2 min

De Vlado Franjevic a sengem Studio. Foto: vladi.li

1963 a Kroatien gebuer, lieft de Vlado Franjevic zanter 1993 a Liechtenstein. Nieft der Poesie ass d'Molerei e Gebitt, an deem den Dichter doheem ass. Eng sëlleg Ausstellungen huet hie virzeweisen, Ueleg an Acryl, Mëschtechniken, kleng a grouss Formater, dann awer och Installatiounen a Skulpturen, mol figurativ, mol abstrakt, ëmmer awer ganz expressiv an net spuersam mat de Faarwen.

Esou änlech kann een och seng Lyrik bezeechnen. De Vlado Franjevic schreift a publizéiert zweesproocheg: op kroatesch an op Däitsch. Seng Gedichter op Däitsch si ganz staark un d'Struktur vun der kroatescher Sprooch ugeleent, wat senger Poesie dann dacks ee méi haarde Rhythmus an éischter ongewéinleche Stil gëtt. Seng Theeme sinn d'Léift, d'Gesellschaft, d'Konscht an och de Krich a Kroatien huet hie literaresch verschafft. Nieft der Lyrik, sinn et och Essaien a kuerz Prosa.

ALLERARTZEITEN

es ist die zeit gekommen

in dieser wir uns nicht mit

primären dingen beschäftigen

sondern mit fragen

bis wann wir nachgeben dürfen

und dabei

nicht als weicheier und naive schwachköpfe

gekennzeichnet werden

es ist die zeit der ängste und schwäche

gekommen

und die mutation allerlei abfälle

als vielleicht der einzig mögliche ausweg

herzklopfen

nur noch traurige mole

als ob die tränendithyrambe

aussenfensterglasabwärts trommeln

als ob es niemanden gibt

wenn ich das fenster

als ob

öffne