Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Tja (feat. Nené Vásquez)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mobilisatioun fir den Dichter Ashraf Fayadh

Literatur a Mënscherechter

Mobilisatioun fir den Dichter Ashraf Fayadh

"Vie sauve et liberté pour Ashraf Fayadh" war e Liesowend am Neimënster iwwerschriwwen, deen aus Solidaritéit mam international unerkannten Dichter Ashraf Fayadh gemaach gouf. Mee generell, iwwert deen Owend eraus, geet et drëm, der Politik de Spigel virzehalen, seet ee vun den Organisateuren, de Jean Portante.

Cléo Thoma / ckl

auto_stories

4 min

Den Ashraf Fayadh ass zum Doud verurteelt ginn

Ugangs dës Joers huet de saudiarabesche Regime, wéi et an engem Amnesty Rapport heescht, op engem Dag alleng 47 Persounen exekutéiert – offiziell als Mesure am Kampf géint den Terrorismus. 

Den Ashraf Fayadh ass och, no verschiddene Prozesser, am November 2015 zum Doud veruerteelt ginn. De Mann vu 35 Joer ass Schrëftsteller an och Member vum Kënschtlerkollektiv "Edge of Arabia", fir deen hie beispillsweis 2013  fir Saudi-Arabien Curateur op der internationaler Konschtbiennale zu Venedeg war. 

Ze vill kritesch Gedichter

"Et gëtt him virgeworf, hien hätt sech vun der Relioun éloignéiert a senge Gedichter, an hie wier kritesch géintiwwer dem Regime. Doriwwer eraus soll hie Fotoe vu Fraen op sengem Handy gehat hunn – ugedoe Fraen, keng plakescher. Et muss een dobäi wëssen datt Saudi-Arabien eng absolut Monarchie ass. Déi eenzeg Verfassung déi et gëtt ass de Koran", erkläert dozou de Lëtzebuerger Auteur Jean Portante, deen d’Initiative ergraff hat, datt och Lëtzebuerg sech der weltwäiter Solidaritéitsbewegung mam Ashraf Fayadh soll uschléissen. 

Den Ashraf Fayadh schreift a senge Gedichter wat hien spiert, seet de Jean Portante: "a wann een net méi dierf schreiwe wat ee spiert, dann ass ee keen Dichter méi". An éischter Linn géif et de saudeschen Autoritéiten drëm goen, datt een net méi héieren oder liese kann, wat den Ashraf Fayadh ze soen huet. Et géif drëm goen, "eng Stëmm verschwannen ze dinn", sou de Jean Portante. 

"Eng Stëmm verschwannen dinn"

Ugangs war den Ashraf Fayadh zu véier Joer Prisong a 800 Peitschenschléi veruerteelt ginn. Dobäi géif een wëssen, seet Jean Portante, datt ee schonn no 150 Peitscheschléi riskéiert net méi do ze sinn". Déi Strof ass dunn awer vu engem Riichter sou ofegeännert ginn, datt den Ashraf Fayadh soll exekutéiert ginn.

Och de Blogger Raif Badawi war a Saudiarabien wéinst Apostasie an "insulte à l’islam" veruerteelt ginn, zu dausend Peitschschléi; opgedeelt a jeeweils 50 Stéck; déi éischt krut hien virun engem Joer. Eng international Mobilisatioun schéngt bis elo verhënnert ze hunn, datt seng Flagellatioun viru gefouert gëtt. 

Mëttlerweil zeechent sech of, datt et kéint zu engem Changement an de Relatioune kommen, déi Europa, ënner anerem, mat deenen diverse Staaten an där Regioun fleegt. D’Bezéiunge mam Iran verbessere sech, a Saudi-Arabien – laang Zäit privilegéierte Partner an, sou den offiziellen Discours, Garant fir Stabilitéit – schéngt an d'Abseits ze geroden. Eng Situatioun déi awer wuel nach ni een autoritaire Regime dovunner ofgehalen huet, esou mat senge Sujeten ëmzesprange wéi en dat fir gutt befënnt. 

Weltwäit Dichterbewegung

Datt lo Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen sech mobiliséieren, ass der weltwäiter Dichterbewegung ze verdanken. "D'Globaliséierung vun der Dichtung versicht an deem do Fall Drock auszeüben. Natierlech kritt ee net Drock ausgeüübt op d'Saudi-Arabier selwer, mee vläit op d'Regierungen déi mat hinnen Hand an Hand d'Weltpolitik weiderdreiwen", seet de Jean Portante. 

Et géif drëm goe souwuel een Appel un ee Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident ze maachen, wéi och un eng Lëtzebuerger Regierung, sou de Jean Portante, "fir ze weisen datt si do mat engem mëttelalterleche Regime ze dinn hunn". Hien mécht an dem Kontext e Verweis dorop, datt Saudi-Arabien d'Mënscherechtskommissioun vun der UNO presidéiert – "eng Schan". 

Grouss Mobilisatioun zu Lëtzebuerg

Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerzeen mobiliséiert sech massiv fir den Ashraf Fayadh, mat folgenden Auteuren: Serge Basso, Michel Clees, Nico Helminger, Tom Hengen, Pierre Joris, Anise Koltz, Paul Mathieu, Jean Portante, Nathalie Ronvaux, Lambert Schlechter, Michèle Schneeberger, André Simoncini, Michèle Thoma, Florent Toniello, Hélène Tyrtoff. Organisateuren vum LIesowend si nieft dem Printemps des poètes an Amnesty International och de Comité pour une paix juste au proche Orient. Si all waren beim Liesowend den 13. Januar an der Abtei Neimënster dobäi. 

An 43 Länner op der Welt ginn dëser Deeg Liesungen fir den Ashraf Fayadh organiséiert. Virun allem wichteg wier awer, datt dem Ashraf Fayadh seng Cause iwwer deen Owend eraus aktuell bleift, seet de Jean Portante.