Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dreeme mat oppenen Aen"

Cirque du Soleil

"Dreeme mat oppenen Aen"

De Cirque du soleil war viru Kuerzem zu Lëtzebuerg, an huet Spectateure mat der Show Varekai verzaubert. Wien dëst verpasst huet kann sech den Zirkus mat Sëtz zu Montreal zu Antwerpen ukucken: Bis den 6. Mäerz ass d’ Show an der Lotto Arena zu Antwerpen ze gesinn. Et ass derwäert.

Charlotte Wirth

auto_stories

5 min

"Fir e puer Momenter kann een der Géigewaart entfléien"

Et ass niwweleg op der Bühn. Dramatesch Musek spillt. Vun Uewe kënnt eng wäiss Gestalt mat grousse Flilleken erof während op der Bühn fantastesch Wiesen nokucken. Faarweg an exotesch sinn se, se turnen an danze mä sinn irritéiert: Wat oder wien fält do vum Himmel erof?

Dëst ass keng Beschreiwung vun engem Mäerche mee den Ufank vu Varekai – d'Show vum Cirque du soleil, déi rezent an der Rockhal ze gesi war. Et wier wéi Dreeme mat oppenen Aen – esou huet d'Dänzerin Sylvia Camarda den Zirkus am 100,7-Interview beschriwwen. Si war selwer eng Zäit beim Cirque du soleil derbäi. Genau dës Impressioun huet een tatsächlech wann een sech Varekai ukuckt. Dat wat een an zwou Stonnen als Spectateur erlieft, ass schwéier a Wieder ze faassen. Cirque du soleil ass nämlech villes, mee e gewéinlechen Zirkus ass et net. 

Sech an der Geschicht verléieren

Op der Bühn léisen sech d'Kënschtler net een no deem aneren of fir hier Konscht an hiert d'Kënnen ze presentéieren. Ganz am Géigendeel. D'Show erzielt eng Geschicht a Kënschtler, Dänzer, Akrobaten, Museker a Sänger harmonéiere mateneen a schafen sou eng Dynamik, déi et dem Spectateur erlaabt, sech ganz an dëser Geschicht ze verléieren. D'Musek, d'Bühnebild an déi eenzegaarteg Kostümer droen natierlech dozou bäi dass dëst geléngt. A sou kann den Zuschauer effektiv mat oppenen Aen dreemen a sech an der Welt vu Varekai verléieren. 

D'Show erzielt d'Geschicht vum Icarus a setzt do un, wou de Mythos ophält. Se erzielt, wat mam Icarus geschitt nodeems en ze no bei d'Sonn geflunn ass. Hie lant an engem Bësch voller fantastescher Kreaturen. An dëser imaginärer an exotescher Welt muss den Icarus sech also erëm fannen a begéint eng jett fantastesch Wiesen, déi faszinant, komesch an heiansdo och bedreelech wierken. A vun dëse kann den Zuschauer sech verzaubere loossen. Akrobaten turnen an danzen op der Bühn, während dat Ganzt vu Live Musek begleet gëtt. Effektiv vermëschen sech Musek a Spektakel an déi zwee Sänger sinn Deel vun der Geschicht a begleeden d'Virféierung net nëmme musikalesch mee si gehéieren an der Geschicht zu den Awunner vun der magescher Welt. 

Fréier Turner als Akrobaten

D'Musek ass extra fir d'Show geschriwwe ginn a genau wéi eng gutt Filmmusek hëlleft se d'Fiktioun credibel ze maachen. D'Lidder ginn derbäi an enger ganz eegener Sprooch, der Sprooch vum Cirque du soleil gesongen. Ni gëtt et nëmmen ee Fokus op der Bühn mee et gëtt iwwerall eppes ze kucken. Während Kënschtler am Vierdergrond grad un engem Trapez schwéngen, krauchen anerer iwwert d'Bühn oder klamme Straicher erop. Et danzen der op der Trap, Museker mëschen sech ënnert d'Zuschauer – di fantastesch Wiese sinn iwwerall. Ënnerstrach gëtt dëst duerch eng performant Bühnentechnik: Deen een Ament fléie komesch Liichtgestallten duerch d'Loft, den aneren ass alles voller Niwwel. Kënschtler verschwannen duerch Lächer aus deenen den nächsten Ament Damp eraus kënnt. Genau dëst Zesummespill erméiglecht et, dass de Spectateur sech an der fiktiver Welt verléiere kann a genau dëst mécht de Cirque du soleil aus. 

De Konzept vum Zirkus mat kanadeschen Originen ass nämlech genau dësen. An all Show, ob Varekai oder Corteo, gëtt eng magesch Welt nogestallt, och wann d'Geschicht ëmmer eng aner ass. All Show verzaubert duerch aner, faarweg a faszinant Kostümer, eng eege Musek an natierlech eng aussergewéinlech kënschtleresch an akrobatesch Leeschtung. Wat de Spectateur op der Bühn gesäit ass nämlech e ganz héijen Niveau: Vill vun den Akrobaten hunn zum Beispill fréier op Weltmeeschterschafte geturnt, éier si bei den Zirkus gaange sinn. Deemno ass all Show och d'Resultat vun engem ausseruerdentlech haarden Training. Wat op der Bühn gewise gëtt muss bis an de leschten Detail stëmmen, soss ass d'Verletzungsgefor ze grouss. 

(Net) Obligatoresch: de "Comic Relief"

A sou kann de Spectateur och bei der Show Varekai iwwert déi impressionant Akrobatik staune – gläichzäiteg fält awer op dass all Schrëtt an all Bewegung berechent si fir dass d'Zesummespill klappt an d'Konschtstécker sécher gelant ginn. Och e sougenanntene “Comic Relief” dierf beim Cirque du soleil net feelen. An dëse geet schonn un, ier de Spektakel am Gaangen ass, wat engem d’ Waardezäit verkierzt. Sou ginn zum Beispill op eemol zwee Platzhalter duerch d'Géigend, botzen den Zuschauer hier Kleeder an ruffen deen een oder anere Spectateur op d'Bühn fir en e bëssen ze veräppelen. Während ech perséinlech op dëse "Comic Relief" verzichte kéint, muss ech awer soen dass en net stéiert.

En ass nämlech esou an d'Show integréiert dass een als Spectateur doduerch net aus senger Dramwelt gerappt gëtt, mee d'Komiker si vill méi en Deel vun der fiktiver Welt an et ginn ëmmer erëm Zeenen déi d'Stëmmung e bëssen oplackeren ouni dass den Zuschauer souzesoen zeréck an d'Realitéit muss. Iergendwann muss en dat awer dach well och eng Virstellung vum Cirque du soleil huet emol en Enn. An da bleift e mat engem ganz melancholesche Gefill zeréck. Jo, Cirque du soleil ass effektiv wéi Dreeme mat oppenen Aen, et ass e Sech-verzaubere-loossen, a fir e puer Momenter kann een der Géigewaart entfléien a verléiert sech an der Dramwelt. An dëst ass eppes ganz Besonnesches: Eppes, wat an eiser moderner Leechtungsgesellschaft vill ze seele méiglech ass.

"Varekai" ass nach bis de 6. Mäerz zu Antwerpen ze gesinn.