Radioen

On air

Notturno  |  The Beach Boys - God Only Knows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uwe Timm: Ee Chronist

Däitsch Literatur

Uwe Timm: Ee Chronist

Den däitsche Schrëftsteller Uwe Timm gehéiert virun allem wéinst senger biographescher, autobiographescher a semi-dokumentarescher Literatur, déi hie meeschtens a Romanform op de Pabeier bréngt, zu engem vun de bedeitendsten Auteuren am däitschsproochege Raum.

auto_stories

5 min

Den Uwe Timm ass ee vun de bedeitendsten zäitgenëssegen Däitsche Schrëftsteller

Den Uwe Timm zielt zu de bedeitendsten zäitgenësseschen däitsche Schrëftsteller. Hien ass een Zäitzeien, dee politesch a sozial Zesummenhäng literaresch verschafft an esou ee Stéck Geschicht vermëttelt: Seng Kandheet am Nokrichsdäitschland, d’Opschaffe vun Hitlerregime, d'Scholdfro, seng Lénk Iwwerzeegungen, d'Mënschen, deenen hie markéiert hunn ... all dëst sinn Themen, déi seng Bicher fëllen.

De gebiertegen Hamburger huet iwwer 20 Bicher publizéiert: Kanner- a Jugendliteratur, Lyrik, Erzielungen a Romaner. Vun der "Entdeckung der Currywurst", dat an den däitsche Lycéeën um Programm steet, bis bei d'priméiert Kannerbuch "Rennschwein Rudi Rüssel."

D'Erënnerungen un de Brudder

Den Uwe Timm war zwee Joer al, wéi säi Brudder sech an d’Waffen-SS gemellt huet an e Joer méi spéit an der Ukrain säi Liewe gelooss huet. Seng Geschicht verschafft den Uwe Timm a sengem autobiographesche Roman "Am Beispiel meines Bruders". "Mai Brudder war dout, mee hie war een Ondoudegen. Hie souz wéi e Geescht ëmmer mat um Dësch", erënnert sech den Auteur. D'Trauer vu sengen Elteren hätten hien als Kand begleet an hie wier an deem selwechte Kader grouss ginn, wéi säi Brudder. "Ech hu mech dacks gefrot - och als Jugendlechen - wéi et komm ass, datt hie sech an d'Waffen-SS gemellt huet."

Wat dem Uwe Timm vu sengem Brudder nieft enger Foto an den Erënnerunge vun den Eltere bliwwen ass, war en hellblot Heft, an dat de Brudder seng Andréck als Zaldot festgehalen hat. Do hätt awer nëmme Schreckleches dra gestanen, seet den Auteur. "Et ass wéi en Inventar vum Krich: Doudeger, Bommenugrëffer, Panzer ..." D'Sprooch wier immens reduzéiert an et wier keng Plaz fir Dreem oder Wënsch.

D'Scholdfro

D’Fro vun der Schold an der Responsabilitéit vum Eenzelen am Nazi-Däitschland huet sech den Uwe Timm sech schonn a senger Jugend gestallt. Dat huet hien och vu sengem Papp entfriemt. Dee wier Offizéier gewiescht, net awer ee Nazi, betount den Uwe Timm. Hien hätt awer eng däitsch-national Astellung gehat an hätt déi preiseg Dugenden um Liewe gehalen. "Ech hunn zum Beispill ni dierfe kräischen, well e gudden däitsche Jong mécht dat net. Ech hunn net méi gekrasch zënter datt ech 13 Joer hunn."

Den Uwe Timm erzielt, hien hätt sech dacks mat sengem Papp iwwer d'Scholdfro gestridden. Säi Papp hätt ëmmer behaapt, d'Loftwaff hätt mam Holocaust näischt ze dinn. "Mee si haten domat ze dinn. Wat si méi daper gekämpft hunn, wat méi Mënschen ermort gi sinn." Dësen Zesummenhang hätt hie mat sengem Papp net kënnen diskutéieren. Bis zum Dout vu sengem Papp waren déi Zwee am Clinch.

1968er Bewegung

Den Uwe Timm kann een als Chronist vun der Nokrichszäit an der 1968er Generatioun bezeechnen. Eng Generatioun, déi sech géint d'Autoritéit an de Nationalismus vun den Eltere mobiliséiert huet, déi während dem Krich Verbriecher waren. "Si ware jo nach iwwerall, op den Unien, de Geriichter ... an hu gemaach wéi wann näischt wier." Deels hätte si d'Vergaangenheet esouguer verherrlecht. De Schrëftsteller fënnt, d'1968er Bewegung wier virun allem dowéinst esou wichteg, well si eng Demokratiséierung mat sech bruecht hätt. "Och am Verhältnes vun de Geschlechter, der Psychiatrie, der Pädagogik."

"Mäin éischte Lieser"

Während senger Studienzäit huet den Uwe Timm de Benno Ohnesorg kenne geléiert - de jonke Student, deen den 2. Juni 1967 während enger Demonstratioun géint de Besuch vum Schah vu Persien vun engem Polizist erschoss gouf. Déi zwee Studenten huet eng déif Frëndschaft an d'Léift fir d'Literatur verbonnen. "Hie war mäin éischte Lieser. An ab deem Moment an deem een engem aneren eppes vu sech ze liese gëtt, fänkt een u Schrëftsteller ze ginn", erzielt den Uwe Timm. Den Dout vum Benno Ohnesorg wier e grousse Schock gewiescht.

A senger Erzielung "Der Freund und der Fremde" erënnert den Auteur un dës Frëndschaft. Et ass ee Buch voller Anekdoten, Gespréichsfragmenter a Recherchen. Den 2. Juni 1967 wier d'Police esou schaarf géint d'Demonstrante virgaangen, datt der Honnerten hätte missen an d'Klinik goen. D'Police hätt deels nach déi al nati-Mentalitéit gehat, hire Chef wier fréier an der Wehrmacht gewiecht. "De Benno Ohnesorg war net dat eenzegt Affer, mee hie war deen eenzegen, deen ëm d'Liewe komm ass. Doduerch huet sech duerno alles esou radikaliséiert."

Engagéiert Schreiwen

"Die Entdeckung der Currywurst", "Freitisch", "Rot", "Kerbels Flucht", "Morenga" oder "Johannisnacht": Ëmmer erëm geet et am Uwe Timm senger Literatur ëm Mënschen op der Sich no sech selwer an enger besserer Welt. De Schrëftsteller weist op gesellschaftlech Mëssstänn hin. A matzen dran ass den eenzele Mënsch, op reell oder fiktiv. Dobäi uertdeelt den Uwe Timm awer net iwwer seng Charakteren, mee léist de Lieser d'Protagonisten entdecken.

Ganz aussergewéinlech ass och säi Roman "Halbschatten" vun 2008. D'Buch erzielt vun der Pilotin Marga von Etzdorf, déi sech 1933 zu Aleppo a Syrien d’Liewe geholl huet. Den Uwe Timm huet um Berliner Invalidenfriedhof duerch Zoufall hiert Graf entdeckt. Wéi hien déi vun der Marga vun Etzdorf selwer ausgewielte Grafschrëft, "Der Flug ist das Leben wert", gelies huet, huet hien ugefaangen ze recherchéieren. "Si wollt fléien an huet aussergewéinlech Flich gemaach." Wéi hier Machinn futti gaangen ass, hätt si mat der Nazi-Regierung een Deal gemaach, erzielt den Uwe Timm. Si wier Handelsvertriederin fir Maschinnegewierer ginn an hätt sech schlussendlech erschoss. "Hiert Schicksal hunn ech immens interessant fonnt."

Och wëssenschaftlech Aarbechten

Eng Rei vum Uwe Timm senger Bicher stinn an Däitschland um Schoulprogramm. Hien gëtt net just op Liesungen agelueden, mee och op Unien, fir Virtreeg ze halen. Essaien iwwer d’Literatur si nämlech weider Elementer vu senger literarescher Aarbecht. Esou och seng lescht Monographie mam Titel "Montaignes Turm", an där hien iwwert d’Literatur an iwwert d'Schreiwe reflektéiert: Iwwer de Michel Montaigne, iwwer de Gebridder Grimm hir Märercher, dem Kafka säin Amerika an dem Thomas Mann säin Zauberberg.


Den Uwe Timm am Gespréichplay_arrow