AutorInne-Lies Tullio Forgiarini

An der Publikatioun vum Nationale Literaturarchiv - PM 19 10 - huet de Philippe Matsas eng ganz Rei Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hirem Schreifëmfeld fotographéiert an d'Autorinnen an Auteuren hunn eng Zort Tagebuch vun engem Mount mat an d'Buch ginn. Bild - Text - do feelt jo da just nach déi akustesch Atmosphär.

Valerija / cbi

Tullio Forgiarini
Den Tullio Forgiarini doheem

Romaner, Kuerzgeschichten, Dréibicher an Theaterstécker fir Grouss a Kleng - dem Tullio Gorgiarini seng Literatur ass villfälteg an international unerkannt.

Wann hien net fir d'Schoul schafft, dann huet natierlech d'Schreiwen eng wichteg Plaz - wou a wéi dat geschitt a wat soss nach säin Alldag ausmécht.

D'Valerija Berdi war bei den Tullio Forgiarini un d'Dier schellen.

An der Mediathéik:

AutorInne-Lies / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

1910-1.jpg
Fotografie

De Fotograf Philippe Matsas huet 32 Lëtzebuerger Auteuren an hirem gewinnte Schreifëmfeld portraitéiert. Den nationale Literaturarchiv huet déi gefrot, e literarescht Tagebuch am Oktober 2019 ze schreiwen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen