Radioen

On air

Tockcity  |  Kids Return - Lovers War

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tintin-Mania

Bande-Dessinée

Tintin-Mania

De jonke Kärel mam wäisse Mippche lieft weider. 40 Joer no der Parutioun vun deem leschte kompletten Album stinn dem Tintin seng Exploiten nach ëmmer op de Bestsellerlëschten. D'Fachliteratur iwwert hien a säi Createur fëllt Bibliothéiken, an zäitgenëssesch Kënschtler vun allen Disziplinne setze sech mat him auserneen. Wouhier kënnt dësen Hype?

auto_stories

3 min

Den Tintin ass bis haut beléift

Den Hergé war strikt dergéint, datt säi Wierk no sengem Doud vun aneren Auteure géif weidergefouert ginn. Dee leschten Album "Tintin et l'Alph-Art" bleift am Stadium vum Entworf bestoen. An d'Societéit Moulinsart, déi d'Autorerechter verwalt, waacht doriwwer, datt keen dem verstuerwene Meeschter säi leschte Wëlle verletzt.

Trotzdeem ass den Tintin bis haut net aus de BDs-Rayone vun de Librairien ewechzedenken. Nieft deenen Onmasse vun neie Parutiounen, hält hien iwwer Joerzéngten ewech d'Stellung op de Bestsellerlëschten. Natierlech läit dat zum Deel un enger efficacer Marketingstrategie vun den Editeuren. Déi loosse sech ëmmer Neies afalen, fir déi al Geschichten opzepäppelen: Mol kënnt den Tintin als Luxuseditioun, mol als ongekierzten, kommentéiert Ausgab eraus. An donieft gëtt et déi ganz Flut vu Biografien a Fachbicher, déi et soss nëmme bei deene ganz grousse Literaturklassiker gëtt.

An och de Commerce mat Tintin-Artikelen a Gadgete floréiert: Vun der Bettwäsch iwwer d'Béierdeckele bis bei immens deier Figuren, déi als Konschtobjeten a Sammlerstécker gehandelt ginn. Kultstatus huet zum Beispill déi rout-wäiss karéiert Rakéit aus "Objectif Lune", déi mat hirem coolen Design wuel méi wéi eng Architektewunneng dekoréiert. Mee och dee beschte Marketing kann esou ee laangliewegen Erfolleg net garantéieren. Do muss dee Produit, deen et ze vermaarte gëllt, op der Héicht sinn.

D'Ligne Claire

Dem Tintin säin Zeechestil ass Schold: D'Ligne claire. Biller, op deenen all Element däitlech z’erkennen ass, kloer Konturen ouni vill perséinlechen Duktus an e komplette Verzicht op Relief a Schieter - dat sinn d’Particularitéite vun dësem Zeechestil, vun deem den Hergé als Begrënner ugesi gëtt. Ee Stil, dee wéinst senger graphescher Eleganz a Lieserlechkeet bis haut vill Vertrieder huet, net nëmmen an der Bande-Dessinée, mee och am Design an der bildender Konscht.

De Begrëff "Ligne Claire" passt awer och op dem Hergé seng Manéier, Geschichten, Zeenen a Sequenzen erëmzeginn. Bei kaum engem anere loosse sech Bewegungsofleef an Zesummenhäng esou liicht novollzéien. Kucken a Liese verschmëlzen zu engem Virgank. Wie wësse wëllt, wéi an enger BD de Cadrage an den Découpage auszegesinn hunn a mat wat fir Mëttelen de Rhythmus kann accentuéiert ginn, deen ass gutt beroden, en Tintins-Album opzeschloen.

Toxic vum Charles Burns

Bis haut komme regelméisseg Aarbechte vun zäitgenësseschen Auteuren eraus, déi sech als Hommage, Parodie oder kritesch Ausernanersetzung mam Hergé sengem Wierk verstinn. Den amerikaneschen Zeechner an Illustrateur Charles Burns huet zum Beispill en Album publizéiert, deen 2012 ënnert dem Titel "Toxic" op Franséisch erauskoum. Vu Ligne claire ka keng Rieds sinn: Schwaarz Flächen, messerschaarf Schraffuren a gëfteg Faarwen dominéieren. An holzschnëttähnleche Biller beschreift de Burns, ee vun de Stare vum Underground Comic, d'Erliefnisser vun engem Personnage, deen den onglécklechen Zwillingsbrudder vum Tintin kéint sinn. Dee schéngt awer an engem Albdram gelant ze sinn. Nieft enger Partie Referenzen un divers Tintin-Episoden, si Krankheet, Doud a Verwesung d'Ingrediente vun der Geschicht.

"Toxic" krut nach zwou Fortsetzunge verpasst, "La Ruche" an "Calavera". Dem Hergé säi konstruéierten Universum, an deem näischt dem Zoufall iwwerlooss ass, a wou all Problemer mat Optimismus an Humor geléist ginn, gëtt hei duerchernee gerëselt. Eng aussergewéinlech Approche, an d nei Weeër tëscht traditioneller BD an experimenteller Grafik exploréiert ginn.