Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Crowded Roomz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tintin, en zweedimensionalen Held

Comichelden

Tintin, en zweedimensionalen Held

Dem Tintin seng Aventurë si bis haut beléift. Eréischt viru kuerzem war dem Hergé seng Figur nees am Kino ze gesinn. Ouni vill Succès. Kann de braven Held mat sengem Mupp nëmmen um Pabeier bestoen?

auto_stories

4 min

Den Tintin ass ee brave Comicheld. Foto: Internet Archive

D'Haaptfigur vu "Les aventures de Tintin" ass ee jonke Kärel mat engem wäisse Mippchen. Hien huet ee ronnt Poppegesiicht an ee Putsch routblond Hoer, déi d'Luucht aus stinn. Dacks huet hien ee Reemantel un a bal ëmmer eng brong Box. Eng Silhouette, déi all Mënsch kennt.

Vill vun den Tintin-Albume si kuerz nom zweete Weltkrich erauskomm. Zum Deel sinn et iwwerschaffte Reeditiounen, vun deenen et virdru scho schwaarz-wäiss Versioune gouf. D'Qualitéit vum Drock ass fir déi Zäit erstaunlech gutt: Nuanceräich Faarwen, héich opgeléiste Raster a gestache schaarf Konturen. Dat war keng Selbstverständlechkeet, well d’Bande Dessinée war am Prinzip net dofir geduecht, fir der Nowelt erhalen ze bleiwen. Si gouf als mannerwäertege Masseproduit ugesinn. Als Räbbi, just gutt fir jonk Mënschen um Liese vu richtege Bicher ze hënneren.

Keng gewéinlech Bande Dessinée

Beim Tintin war dat e bëssen anescht. Hien ass nämlech d'Kand vun engem äerzkonservativen, déifkathoulesche Geescht, dem Belsch Hergé. Den Tintin sollt deem Béisen de Kampf usoen an e positiven Afloss op seng jugendlech Lieser hunn. "Les Aventures de Tintin, reporter du «Petit Vingtième», au pays des Soviets" heescht déi éischt Aventure, déi dee schmächtege Belsch a säin treien Hond Milou ze bestoen haten. D'Geschicht ass an der Kannerbäilag vum Magazin "Le vingtième siècle" 1929 bis 1930 fir d'éischt publizéiert ginn.

Aus haiteger Siicht ass dës éischt Editioun kee Meeschterwierk. D'Zeechnunge sinn onbehollef, graff an ouni Déift, Hannergrënn si knapps ugedeit. D'Geschicht ass eng Uneneereiung vu méi oder manner topege Witzer a Kaskaden.

Zäitzeien

Dat huet sech och bei deenen zwee Wierker, déi duerno koumen - "Tintin au Congo" an "Tintin en Amérique" - net geännert. Beschtefalls kann ee si als Zeie vum deemolegen Zäitgeescht ugesinn. De politeschen an deontologesche Corcelet war esou enk, datt kaum Beweegungsfräiheet bliwwen ass fir de Personnage duerch eng Geschicht ze schécken, déi ee Lieser vun haut nach géif interesséieren.

Mee den Tintin huet iwwerlieft an ass u senger Aufgab gewuess, obwuel hien ëmmer deeselwechte bliwwen ass. Den Zweete Weltkrich, d'Rock'n'Roll-Ära an d'1968er hunn d'Comice kaum influencéiert. Dem Tintin seng Exploite fëlle 24 Albumen am Laf vun deene sech eng ganz Rei Figure ronderëm hie versammelen. Seng Famill, wéi d'Fans soen. Vun enger richteger Famill ass an der Bande-Dessinée net rieds. Den Tintin ass als jonken Erwuessenen op d'Welt komm a verschwënnt en halleft Joerhonnert méi spéit, ouni datt hie gealtert ass. De Personnage lieft nëmmen dofir, déi Aufgaben, déi him an den Episode gestallt ginn, ze meeschteren. Dofir brauch hie keng Elteren, keng Bezéiung a keng Kanner.

Net Filmräif

Sämtlech Verfilmunge vum Tintin si méi oder wéineger an d'Box gaangen. Do hëllefe kee Steven Spielberg a kee Mega-Budget. Den Tintin kann nëmmen an enger Bande Dessinée existéieren. Dat mierkt een, wann een dem Hergé säi Personnage mat anere populäre Figuren aus dem Kino oder der Literatur vergläicht.

De Geheimagent James Bond zum Beispill ass zwar och Jonggesell, mee hien huet eng Schwächt fir Fraen a Cocktailer. Den Tintin ass dogéint abstinent. D'Pippi Langstrumpf ka brav Kanner mat sengem verdréinte Charakter duerchernee bréngen. Den Tintin ass brav. Den Harry Potter gläicht him schonn e bësse méi, dee mécht awer am Laf vun den Episoden eng Evolutioun mat, déi besonnesch an de Filmer däitlech gëtt. Den Tintin bleift dee Nämmlechten.

Hien huet weder aussergewéinlech Fähegkeeten, nach markant Charakterzich. Vu senger Intimsphär gëtt de Lieser nëmmen esou vill gewuer, wéi et fir d'Verseesdemech vu senge Beweggrënn néideg ass. Him ginn déi zwou Dimensiounen duer, déi d'Säite vun engem Album him bidden. Esou wéi seng Perséinlechkeet eriwwer kënnt, esou gëtt hien och gezeechent: Flaach, ouni Schiet a mat kloere Konturen. Hien ass ee Pabeiermännchen an enger Pabeierwelt.

Déi drëtt Dimensioun, déi den Tintin mat der reeller Welt verbënnt, muss de Lieser sech virstellen. Dat ass dem Tintin seng Stäerkt.