Kultur The rape of Europe nom Maxim Kantor

Zanter dem éischte Lëtzebuerger Kulturjoer presentéiert de Moler an Auteur Maxim Kantor reegelméisseg nei Aarbechten zu Lëtzebuerg. De gebiertege Moskauer huet argentinesch Originnen; huet virun 30 Joer Russland verlooss huet, zanterhier pendelt hien tëschent Berlin, der Île de Ré an Oxford an huet och déi däitsch an déi franséisch Nationalitéit.

Kantor

Den aktuelle Krich tëschent Russland an der Ukrain hëlt hien als jorelaange Putin-Kritiker staark mat, dowéinst huet hie mat der Ekipp vun eisem Nationalmusée a Rekordvitess eng Expo montéiert. D'Suen, déi duerch den Entrée zesummekommen, ginn un d'Ukrain. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Maxim Kantor iwwer d'Expo "The rape of Europe".

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Wolter
Kultur

Den Direkter vum Nationalmusée kann d'Kritik un enger neier Ausstellung net wierklech novollzéihen. D'ukrainesch Ambassade, d'Associatioun LUkraine, hunn an de leschten Deeg ëffentlech gefuerdert, datt d'Ausstellung "The Rape of Europe" annuléiert gëtt.

Sammelplaz LUKraine Kierchbierg
Sammelplaz um Kierchbierg

Zanter bal engem Mount gëtt et um Kierchbierg e Sammelpunkt fir Spenden, déi an d'Ukrain bruecht ginn. Déi éischt Deeg wier d'Resonanz riseg gewiescht soen d'Organisateuren. Déi lescht Woch wier et awer zu engem Abroch bei de Spende komm.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen