Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Dead Don't Die

Festival de Cannes 2019

The Dead Don't Die

No enger gelongener Optaktzeremonie während där den Edouard Baer den internationalen Jury vun der 72. Editioun vum Film Festival zu Cannes presentéiert huet, war et dëst Joer "The Dead Don't Die", e Film vum Jim Jarmusch, deen de Steen un d'Rulle bruecht huet.

auto_stories

3 min

Gebierteg aus dem Bundesstaat Ohio ass dee mëttlerweil 66 järege Jim Jarmusch relativ séier mat 17 Joer op New York geplënnert, wou hien och haut nach ëmmer lieft. Mat "The Dead Don't Die", engem gemittlechen Zombie Film bei deem een, ofgesinn vun engem mënscheniessenden Iggy Popp, keng Angscht brauch ze hunn, gouf dann och gëschter Owend déi 72. Editioun vum Film Festival zu Cannes agelaut. De Film ass, wéi sou dacks beim Jarmusch, e klengen awer rengen Independant Bijou, dee sech all Zäit vun der Welt hëlt fir dem Tandem Bill Murray an Adam Driver déi Plaz ze ginn, déi si brauche fir dee fuerzdréchenen absurden New Yorker Humor vum Jarmusch op seng Zuschauer wéi en Tai Chi Cours fir Leit am drëtten Alter ganz lues awierken ze loossen. Op et Zombië sinn, déi no Wifi oder Xanax jäizen oder d'Country Lidd "The Dead don't Die", iwwer dat sech déi zwee Flicken am Déngschtauto beschwéieren, well et um Radio leeft, obwuel si et dach schonn am Ufanksgénérique vum Film héieren hunn, den Jarmusch scheit sech net fir de Zombie-Film mächteg op d'Schëpp ze huelen.

Plot a Billersprooch

Säi Meta-Discours geet da souguer sou wäit, datt den Driver an de Murray eng Diskussioun iwwer de Zeenario vum Film am Film hunn. De Murray ass jalous op den Driver, deen de ganze Zeenario ze liese kritt huet, do wou de Murray just seng eege Zeenen am Virfeld krut. Dee freet sech dann, wat de Jarmusch sech do erlabe géif, no all deem, wat de Murray scho fir hie gemaach hätt, mat enger klorer Referenz op d'Filmer, déi déi zwee Vertrauter scho matenee gedréit hunn, an e puer intim privat Momenter, op déi dann awer just ugespillt gëtt. Nieft dem Adam Driver, dee mat sengem klenge roude Smart duerch d'Landschaft dackelt, engem Steve Buscemi als gudden alen Redneck Bauer mat enger Make America White Again Kap, an engem Tom Waits, deen de Zombië bei der Aarbecht nokuckt, während deem hie genësserlech seng Pouletshämmche verschléngt, ass d'Tilda Swinton an der Roll vun enger schottescher Doudegriewerin den absoluten Héichpunkt vum Film. Wann d'Ae vun den zwou Läichen, déi si als Ziggi Stardust Sosien oppreparéiert, op eemol opginn, an déi zwou Gestalten op eng net geplangten Aart a Weis nees zum Liewen erwächen, dann zéckt si net hiert Samouraischwäert ze zéien, an deenen zwee, an enger kuerzer an schwongvoll eleganter Beweegung, de Kapp propper vum Kierper ofzetrennen. Kuerz viru Schluss geet et dann och, ouni wëllen ze vill ze verroden, Richtung "Close Encounters Of The Third Kind". Déi steif Tirebouchons-Witzer vum Jarmusch harmonéiere gutt mat sengen statesche Kompositiounen.

D'Billersprooch erënnert un e ganz primitive Stommfilm, deen de Verdéngscht huet, sech vun all Iwwerflëssegem geléist ze hu fir sech op d'Essenz ze konzentréieren. Schued ass da just, datt de Jarmusch schlussendlech awer e bësse Bauchpinselei bedreift, an net wierklech vill ze zielen huet, ofgesi vun där markanter Handschrëft, déi all Film vun him dréit. Ganz nom Motto: déi Doudeg sinn nees zeréck, a wat gëtt et soss Neies?