Radioen

On air

Notturno  |  Gino Vannelli - Appaloosa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschent geomeetresche Formen an der Onendlechkeet

Danzkreatioun

Tëschent geomeetresche Formen an der Onendlechkeet

De Big Bang: Ufank vum Liewen op eisem Planéit, den Ufank vun all deene schéine Saachen, awer och vun all de Komplikatiounen an eisem Alldag. D'Choreographen vun der Compagnie "Creative Overload" schaffe mat ganz reduzéierte Mëttel, fir d'Relatioun vum Mënsch mam Universum ze ënnersichen.

auto_stories

3 min

De Big Bang: Ufank vum Liewen op eisem Planéit, den Ufank vun all deene schéine Saachen, der Natur, der Zivilisatioun - awer och den Ufank vun all de Komplikatiounen an Atrocitéiten, déi vum Mënsch ausginn.

D'Compagnie "Cognitive Overload" ënnersicht an hirem Work in progress mam Titel "Big Bang" d'Fro, wéi mir eis déi ganz fundamental Froe vun eiser Realitéit op der Welt kënne stellen. Mir sinn zwar Kierperen, déi sech duerch d'Liewe beweegen an no enger relativ kuerzer Zäit erëm stierwen, mee wéi kënne mir eis Relatioun tëschent der Zäit an dem Espace besser verstoen?

D'Choreographe Lucas Bassereau a Constance Diard gesinn dat esou:

"La choréographie, c'est écrire le temps et l'espace avec le corps", seet den Lucas Bassereau. "Nous avions envie de définir clairement un motif et de le déplier au maximum - se poser les questions de la déconstruction du mouvement lui-même".

D'Constance Diard fënnt, datt dës Aarbecht dozou bäigedroen huet, datt een mat méi grousser Prezisioun un d'Mouvementer konnt erugoen: "Il y a à la fois la compréhension du mouvement et le pouvoir d'accéder à un plus vaste champ du possible".

"Big Bang" ass och eng Kollaboratioun mat der Kënschtlerin Jeanne Sevez, déi sech ëm d'Kostümer këmmert. Erausfuerderung war et fir si, eng gewësse strikt geomeetresch Form, Punkten a Linnen, mat Textil kënnen anzefänken, wou dach Stoff, wa gedanzt gëtt, ëmmer a Beweegung ass.

Klang an Textur ginn iwwereneegeluecht

Wichteg war et de Kënschtler och, fir kënnen eng Struktur ze schafen, déi net nëmmen Texture schafft, mee och mat ënnerschiddleche Kläng, déi engem d'Gefill ginn, sech anzwousch an der Onendlechkeet erëmzefannen:

"On a collaboré pour la musique avec le compositeur Nicolas Canot. On a travaillé sur une superposition de plusieurs métronomes. En utilisant ces métronomes, quand on les fait passer dans un synthétiseur modulaire, comment la musique va se transformer, et comment on va créer une musique claire et didactique. Mais à travers cette transformation on perd les repères. C'était jouer avec ce paradoxe entre quelque chose de simple et en même temps créer une sensation d'infini."

D'Compagnie "Cognitive Overload" fillt sech no verbonne mat der Aarbecht an der Abstraktioun. Et hëlleft, sech op d'Beweegung selwer ze konzentréieren, well déi net duerch eppes aneres muss ersat oder däitlech gemaach ginn. Doduerch géif sech d'Aarbecht op dat Essentiellt riichten, an all Geste, all Ausso kann sech op sech selwer stäipen:

"Avec la musique et la danse on a créé un kaleidoscope vivant. Visuellement, cela peut être assez chargé, et on peut aussi juste s'asseoir, regarder et se poser des questions sur les visuels et la construction. Bien sûr le public peut projeter ce qu'il veut à l'intérieur."