Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vill Reen a Schottland"

Sunset Song

"Vill Reen a Schottland"

Am Kader vum "Luxembourg City Film Festival" war déi lëtzebuergesch Avant-Première vu "Sunset Song", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun mat Iris Productions. Den 9. Mäerz kënnt de Film bei eis an de Kino. De Film ass mat engem klenge Budget gedréint ginn, vun engem vun de groussen Cineasten vun haut, dem kultivéierten an äussert witzegen Terence Davies. Mir hunn hie begéint.

Cléo Thoma / Tom Dockal

auto_stories

8 min

"Mir hu sonnegt Wieder gebraucht, dofir si mir a Neiséiland gefuer"

“Sunset Song” ass d'Verfilmung vun engem Roman vum schotteschen Auteur Lewis Grassic Gibbon. D’Geschicht spillt um Ufank vum leschte Joerhonnert, an handelt vun engem jonke Meedchen an enger – wéi een haut géing soen – dysfunktionaler Bauerefamill, déi ënnert engem äusserst autoritairen a geleeëntlech brutale Patriarch leit. 

Dem Papp säi Verhalen provozéiert eng Tragedie, déi d’Famill ausserneerappt. Zerrass ass och d’Haaptfigur, dat jonkt Meedchen, d'Chris. An zwar tëschent sengem Ëmfeld, dem Land an der Famill fir déi hatt eppes méi Staarkes wéi just Loyalitéit verspiert; an anerersäits, der Perspektive, op eng héijer Schoul ze goen, an eppes Besseres aus sech ze maachen.

Hatt erlieft eng kuerz Zäit vu groussem Gléck: d’Liewe befreit hatt vu sengem tyrannesche Papp, an hatt erlieft eng grouss Léift. Deen Ament awer scho braut sech, wäit ewech vun do wou hatt lieft, eng Katastroph zesummen, den éischte Weltkrich, deen och hatt wäert erreechen.

Luef fir d'Schauspiller

Den Terence Davies, een onheemlech interessanten, kultivéierten a witzege Mënsch, an ee vun de ganz grousse Cineaste vun haut, erzielt heivunner an oppulente Biller, mat laangen Astellungen déi déi schottesch Landschaften zelebréieren, an d’Sonnestralen afänken. En huet awer och keng Angscht viru mënschleche Saachen: bei de Sexzeenen oder der Krëmmung vun engem Personnage, deen amgaang ass geschloen ze ginn, ass hie grëndlech; a seele sinn d’Geräischer vun enger schwéierer Gebuert esou realistesch an engem Film wéi a "Sunset Song". Vill Luef verdéngen d’Schauspiller: d’Agyness Deyn an der Haaptroll, de Peter Mullan als Patriarch, de Kevin Guthrie an deen d’Chris sech verléift, an all déi aner.

Den Terence Davies (l.) mam Agyness Deyn a Peter Mullan

Eigentlech ass de Film scho vun 2015. Den Terence Davies, bekannt fir "Distant Voices, Still Lives", "The Long Day Closes" oder nach "The Deep Blue Sea" war, just ier en hei um Filmfestival "Sunset Song" presentéiere koum, op der Berlinale, fir do säi rezenteste Film virzestellen, “A Quiet passion”, iwwert déi amerikanesch Poetesse Emily Dickinson.

Klenge Budget: "Do kann ee net waarden bis de Reen ophält"

Sunset Song wier schwéier ze maache gewiescht, erzielt den Terence Davies. "Mir hate net genuch Suen, dat heescht mir hunn all e Risk geholl. Wann net genuch Suen do sinn huet ee just eng gewëss Zuel vun Deeg Zäit fir ze dréinen. Do kann een, zum Beipill,  net waarde bis et ophält mat reenen, scho guer net a Schottland, wou et déi ganzen Zäit reent". Emsou méi frou war den Terence Davies eegenen Aussoen no, fir op eng engagéiert Equipe kënnen ze zielen, och aus Lëtzebuerg. "Mir hätten de Film net ouni si kënne maachen. D’Acteure waren och engagéiert, mä d’Equipe war einfach wonnerbar".

Et ass opfälleg, datt den Terrence Davies elo zwee Filmer sou kuerz hannerteneen erausbréngt. Bis ewell konnte sech bis aacht Joer tëschtsenge Realisatioune vergoen. Dat hätt deels praktesch Grënn, seet de Realisateur. "Ech gehéiere net zum Mainstream, an ech engagéiere keng Schauspiller, nëmme well se vill Geld erabréngen. Mir ass et egal ob se berühmt sinn oder net, ech casten déi Leit déi bei hir Rolle passen. Dat mécht et schwéier fir Sue fir Filmer zesummenzekréien. Do geet et ëmmer ëm Nimm. Mä wat ass wa se hir Roll net gutt spillen? Da kréien ech d’Schold".

"Den Här Tarantino ass en Topert"

All d’Interieure vum Film goufen zu Lëtzebuerg gedréint. A Schottland wär dat net méiglech gewiescht, well et do keng Filmstudioe gëtt, seet den Terrence Davies. Fir d'Baussenzeenen ze dréine war scho méi schwiereg. "Mir hu sonnegt Wieder gebraucht, well am Buch d'Joereszäiten immens wichteg sinn. A Schottland kann een net op waarmt Wieder waarden, duerfir si mer a Neiséiland gefuer. Wéi mer do ukoumen, haten se do grad déi schlëmmste Stierm zënter 50 Joeren! Ech hu mech gefrot: wat maache mer hei? A Schottland hätt ech datselwecht gehat, an zwar gratis. Glécklecherweis gouf et eng Wiederännerung, a mir kruten e puer wonnerbar sonneg Opnamen".

Den Terence Davies ass houfreg op seng Kameraleit

Ganz houfreg ass den Terence Davies op seng Kameraleit, dorënner de Michael MacDonough, dee mam alternativen Oscar vum Mark Kermode vun der BBC ausgezeechent ginn ass. Dat wiere richteg Kënschtler, seet hien.

Op d’Fro, firwat de Michael MacDonough nieft klasseschem Filmmaterial och mat Digitalmaterial géing schaffen, iwwerdeems ee wéi de Quentin Tarantino houfreg drop ass, nëmme mat 70 Millimeter an op Celluloid ze schaffen, ass dem Terence Davies seng Äntwert méi wéi kloer: "Den Här Tarantino ass en Topert, dee bilt sech vill ze vill eppes an. Mir haten decidéiert all d'Baussenzeenen op 65 Millimeter ze dréinen. Zu deem Zäitpunkt war digital nach net vun därselwechter Qualitéit wéi haut. T’ass wéi deemools wou den Tounfilm koum, et huet d’Filmer maache komplett changéiert. All d’Laboe wäerten zoumaachen, well se net méi gebraucht ginn. D’Material wat mir kruten, ass fir t’leschte Kéier iwwerhaapt gebraucht ginn."

Fantastesch um Blat, schwiereg an der Realitéit

"Sunset Song" baséiert op engem Roman, mee fir d’Verfilmung huet de Cineast sech e puer Fräiheeten erausgeholl. Et ass him drëm gaang, d’Essenz vum Buch mat de Mëttele vum Film anzefänken an ze vermëttelen. Villes gouf einfach aus praktesche Grënn ewechgelooss."Um Enn vum Buch geet dat ganzt Duerf de Bierg erop bei déi grouss Steng, an de Paschtouer priedegt Verzeiung. Dat gesäit fantastesch um Blat aus, mä a Schottland, wann der uewen um Bierg stitt, an de Wand bléist sou staark datt d’Steng souguer wackelen, an d’Leit ziddere vu Keelt, dann ass dat net romantesch. Mir hunn eng aner Léisung fonnt, fir dat erëm ze ginn, awer net wuertwiertlech." 

De Film hält sech awer un den narrative Bou vum Buch. An och wann d’Situatioun vun der Haaptfigur zimlech aarmséileg ass, sou ass se och räich, argumentéiert den Terence Davies: "Si huet d'Léift vun hirer Mamm,  an si huet dräi Bridder: och dat ass e Räichtum. Ech sinn dat jéngst vun zéng Kanner, vun deenen der siwen iwwerlieft hunn. Mir haten och näischt, mä et huet een de Räichtum, datt ee sech géigesäiteg huet. An dat gëtt engem eng enorm Léift".

"Schof sinn net sou domm wéi Kéi"

"Wéi vill schwul Männer ginn ech gutt eens mat Fraen"

D’Chris am Film fënnt säi Gléck, mä dat Gléck ass nëmme vu kuerzer Dauer. Säi Mann, den Ewan, muss an de Krich, a wann hien erëmkënnt huet hien Doudangscht – an d'Chris leit ënnert sengem Verhalen. Mee am Film geet et vill em Verzeien. "Den Ewan kritt seng Rédemptioun, um Schluss, wann hie seet, 'ech wär gär bei hatt zeréckgaang, fir ëm Äddi ze soen'. Fir munnech Leit funktionéiert dat net: si soen, hie behëlt sech sou schrecklech wann hien erëmkënnt, et kann een him net verzeien. Mä ech fannen, am Buch verzeit een him. An am Film och. Et deet him leet, datt hien him net Äddi gesot huet. An dat ass fuerchtbar. Sech am Nachhinein u Gléck, oder un Trauer z'erënneren, dat ass wierklech schwéier z'erdroen.

"Sunset Song" geet ëm eng jonk, staark Fra, déi ënner ganz schwieregen Ëmstänn hire wee mécht. Et fält op, datt den Terence Davies a senge Filmer dacks Fraen déi grouss, schéi Rolle gëtt. Dorop ugeschwat, sot hien: "Dat ass wéinst menger Mamm, a menge Schwësteren, a menge Schwësteren hire Frëndinnen, mat deenen ech grouss gi sinn. Wéi vill schwul Männer ginn ech gutt eens mat Fraen. Well keng sexuell Projeten am Spill sinn. A virun allem Fraen aus Nordengland: déi sinn immens witzeg, an et ass wonnerbar bei hinnen ze sinn".

Dem Terence Davies seng nächst zwee Filmer handele vu Männer, verréit hien. Mee: "Ech hunn, a mengem Häerz, eng speziell Plaz fir Fraen. Well de Problem mat Männer, wann ee schwul ass, ass datt ee sech ni relax mat hinne spiert. Zemools wa se Sport gär hunn. Sport, dat kann ech net verdroen".