Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Metallica - Lux Aeterna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Süchteg no Opmierksamkeet

Léa Murawiec, Le grand vide

Süchteg no Opmierksamkeet

Der Léa Murawiec hir Heldin a "Le grand vide" ass mat der Welt, esou wéi se ass, net averstanen. Hir Protagonistin dreemt dovun, an de Grand vide ze fléien, vun deem et heescht, datt do eng Communautéit vun Aussteiger an enger Offline-Existenz lieft, als Rebellioun géint d'Gesellschaft souzesoen.

auto_stories

5 min

"Esse est percipi" huet den engleschen Theolog a Philosoph George Berkeley am 18. Joerhonnert gesot. "Sinn bedeit gesi ginn," esou kéint een dëse Saz fräi an d'Lëtzebuergescht iwwerdroen, deen ee sech och als Motto fir Le Grand Vide kéint virstellen.

An hirer éischter BD, déi am klenge Verlag 2024 erauskomm ass, erzielt d'franséisch Zeechnerin Léa Murawiec vun eng eegenaarteger Parallelwelt, an där d'Existenz vun de Mënschen dovunner ofhänkt, datt aner Leit sech bewosst sinn, datt et si gëtt.

Satiresch Parabel op Celebrity-Kultur

Jiddwereen huet eng "Présence", déi méi oder manner grouss ass, jee nodeem ob aner Leit wëssen, wien een ass. Wiem seng Présence géint Null tendéiert, gëtt krank a stierft, wien dogéint vun all Mënsch kannt gëtt, ass quasi onstierflech a bleift éiweg jonk. Fir net vergiess ze ginn, loossen d'Leit an der Stad, an där d'BD spillt - eng Groussstad voller Héichhaiser, an där ee praktesch ni de Himmel gesäit - keng Geleeënheet aus, aneren un hire Numm ze erënneren. Si hänken en wéi Reklammen un d'Haiser oder bezuelen anerer dofir, en op engem Blat Pabeier unzekucken.

Et ass net schwéier, a Le Grand Vide eng satiresch Parabel op Celebrity-Kultur a Social Media ze erkennen, op d'Vermaartung vu sech selwer, zu där en hautdesdaags bal gezwonge gëtt. Wien net permanent medial iergendwou op sech opmierksam mécht, dee schéngt et effektiv net ze ginn.

Dem Léa Murawiec seng Heldin ass mat der Welt, esou wéi ass ass, net averstanen. D'Manel Naher ass eng jonk Fra mat wéineg soziale Kontakter, déi, wa se mol virun d'Dier geet, am léifsten an de Bicherbuttek spadséiert. Kee Wonner also, datt d'Manel nëmmen eng geréng Présence huet, wat senger Famill grouss Suerge bereet.

Dozou kënnt nach, datt et de selwechten Numm huet wéi eng bekannte Sängerin, deem säin neisten Hit "Mon nom sur tes lèvres" grad iwwerall leeft. Wee "Manel Naher" héiert oder gesäit, denkt also meeschtens un eng ganz aner Persoun.

Flucht an de "Grand vide"

D'Protagonistin dreemt dovun, mat engem vu senge puer Kolleegen aus der Stad ze fléien, an de "grand vide", vun deem et heescht, datt et do eng kleng Communautéit vun Aussteiger gëtt, déi sech vum Diktat vun der Présence méi oder wéineger fräi gemaach hunn an eng Offline-Existenz féieren - als Rebellioun géint d'Gesellschaft, souzesoen.

D'Manel ass allerdéngs esou schwaach, datt em d'Flucht net geléngt an et amplaz am Laf vun der BD en Traitement muss iwwer sech ergoe loossen, fir seng Présence ze stäerken. Dozou zielen ënner anerem obligatoresch Visitten an der Disco a Partyen, wou de wichtegsten Accessoire e Schëld mam eegene Numm drop ass.

Fir dat introvertéiert Manel ass dat natierlech eng eenzeg Tortur, mee Le Grand Vide huet nach e puer Iwwerraschungen an der Entwécklung vu senger Handlung prett. Well, wie wierklech net u senger Popularitéit interesséiert ass, kéint jo paradoxerweis grad dowéinst bekannt ginn.

D'Léa Murawiec erzielt eng sympathesch Geschicht, allerdéngs net ouni erzieleresch Schwächten. D'Géigeniwwerstellung vun der dystopescher Groussstad an dem utopesche "grand vide" hanner hire Grenze kënnt hei net iwwer e Science-Fiction-Klischee eraus. En plus wierkt déi ominéis Plaz, déi dem Buch säin Titel gëtt, éischter ënnerentwéckelt a spillt iwwer wäit Strecke praktesch keng Roll. De "grand vide" ass hei effektiv zimmlech vide.

Minimalistesch Formsprooch

Dozou kënnt, datt dem Manel Naher seng Geschicht zum Schluss e staark moraliséierenden Touch kritt. Datt ee sech selwer trei bleiwe soll, datt Famill a Frënn méi wichteg si wéi d'Berüümtheet an d'Meenung vun den aneren, dat sinn alles Allgemengheeten, déi et net gebraucht hätt an déi hanner de satireschen, iwwerspëtzten Toun zeréckfalen, deen d'Léa Murawiec am Rescht vum Buch kultivéiert.

Wann et trotz all deem gutt Grënn ginn, fir Le Grand Vide ze liesen, dann hunn déi virun allen mam Zeechestil vun der BD ze dinn. Et muss een d'Buch just an de Grapp huelen, fir ze gesinn, datt een et hei mat eng duerchdesignten Objet ze dinn huet, mat enger minimalistesche Formsprooch, déi u grouss Stiliste vun eiser Zäit wéi de Chris Ware oder den David Mazzucchelli denke léisst. E puer Rout- a Blotéin, eng kloer Linn ginn a d'Wäiss vum Pabeier ginn dem Léa Murawiec duer, fir seng Geschicht ze erzielen.

Op den éischte Bléck si vläicht d'Biller vu der Stad am beandrockendsten: Vuë vun endlosen skyscraper canyons, an Zentralperspektiv gezeechent, mat engem Hällewull faarwege Panneauen, op deenen d'Bewunner vun den Héichhaiser der Welt hir Nimm matdeelen. Et kéint engem bal schwindeleg ginn. Och soss notzt d'Zeechnerin oft eng streng Geometrie op de Säiten, an deenen d'Figuren, speziell natierlech d'Heldin Manel Naher, ewéi agespaart sinn.

Mee d'Léa Murawiec kann och aus dëse strenge Formen an der klaustrophobescher Atmosphär, déi se erschafen, ausbriechen, wann de Moment et verlaangt. Da ginn Perspektive verzerrt a Linnen zerfléissen.

Konventionell, mee stilsécher

D'abstrakt gezeechent Figuren, déi sech tëschent Piktogramm a Manga beweegen, ginn an d'Längt gezunn, wéi wa mer en alen Animatiounsfilm géife kucken oder eng Planche aus Little Nemo in Slumberland, dem fréien experimentelle Comic Strip vum Winsor McKay. An och wann een esou vill Aflëss a Le Grand Vide kann ausmaachen, muss ee betounen, datt d'Léa Murawiec doraus eppes ganz Eegenes gemaach huet.

All Säit oder Duebelsäit ass no engem klore Prinzip duerchkomponéiert, woubäi sech méi roueg Deeler mat reegelméissegem Panellayout mat Sequenzen ofwiesselen, wou den Opbau méi dynamesch ass, esou datt engem bei der Lektür ni langweileg gëtt.

Natierlech, d'Handlung rappt ee just zum Deel mat, well se trotz interessante Prämissen ze vill op Konventioune setzt, mee um Niveau vum Stil ass Le Grand Vide eng Revelatioun, bei där ee schonn immens gespaant dierf, wat d'Léa Murawiec als nächst upaakt.