Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Casino Lëtzebuerg ass nees op

Géigewaartskonscht

De Casino Lëtzebuerg ass nees op

No 11 Wochen huet de Casino Lëtzebuerg seng Dieren nees opgemaach. Gläichzäiteg gouf den 20. Gebuertsdag gefeiert. De radio 100,7 war live dobäi. Hei ass d'Emissioun nach eng Kéier integral.

auto_stories

4 min

Bei Geleeënheet vun der Porte Ouverte am Casino-Forum fir zäitgenëssesch Konscht hat de Radio 100,7 fir eng Live-Emissioun ee provisoresche Studio am Infolab installéiert. "Provisoresch" ass e gutt Stéchwuert, fir op d'Ufänk vum Kulturinstitut ze schwätzen ze kommen. Als Espace fir modern, awer kuerz drop zäitgenëssesch Konscht, huet den ale Biergercasino am Kulturjoer 1995 eng éischt, wichteg Renaissance gefeiert. Eng Rei Zoufäll hu gemaach, datt en duerno seng Destinatioun als Forum fir zäitgenëssesch Konscht definitiv fonnt huet. 

Als eegestännegt Haus mécht de Casino zënter 10 Joer an enger Aart harmonescher, villäicht eng Grimmel kompetitiver Complémentaritéit zum Musée um Kierchbierg säi Match. An dréit dozou bäi, datt Lëtzebuerg och baussent senge Grenzen als Uert, wou Géigewaartskonscht passéiert, wouer geholl gëtt.

Iwwert d'Bedeitung vum Casino äussere sech eng Rëtsch Politiker. Virop de Staats- an, ënner anerem, Kulturminister Xavier Bettel. Zu Wuert kommen och Donateuren, déi dem Appel "Devenez Mécène du nouveau Casino" nokomm waren. an net zulescht Kënschtler a Kënschtlerinnen.

De Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt mécht senger Begeeschterung fir déi nei amenagéiert Raimlechkeete Loft. A verséchert, datt den Dossier Konschtgalerie fir Wierker, déi zu Lëtzebuerg entstan sinn, weidergedriwwe gëtt. De Paul Reiles, President vum Casino, erënnert zesumme mam Jo Kox (administrativen Direkter bis haut) an Enrico Lunghi (kënschtlereschen Direkter vum Casino bis 2009, an aktuellen Direkter vum Mudam) un d'Ufänk vun der Institutioun. An evoquéiere Meilesteng an der Geschicht vum Casino, respektiv der Géigewaartskonscht zu Lëtzebuerg.

v.l.n.r. Guy Arendt, Enrico Lunghi, Jo Kox

​D'Isi Henrion, eng vun de rare jonke Lëtzebuerger Curatricen schwätzt vum Projet "Making of". De Casino hat 2012 jonk Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi e Lien mat Lëtzebuerg hunn, an d'Fënster gesat hat.

De Gilles Pegel, lëtzebuerger Kënschtler, beschreift wéi wichteg de Casino als Plattform fir jonk Kënschtler ass.

De Robert Garcia, Direkter vun de Rotonden, hëlt kuerz virun der Pensioun kee Blat virun de Mond. Hie pickt nach emol no, ob de Casino net dach ursprénglech als Galerie vum Mudam geduecht war. Hien huet awer d'Roll vum Établissement als Pepinière fir Konscht, Kënschtler a Konschtprojeten, gelueft.

De Münchner Kënschtlerduo M+M, déi 2015 hir Expo "7 Tage" am Casino presentéiert haten, ënnersträichen, ënnert wat fir engen exzeptionell gudde Konditioune si hir Ausstellung zu Lëtzebuerg net just weisen, mä och kompletéiere konnten.