Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spektakulär Krimineller an tragesch Onschëlleger

Podcast-Serie

Spektakulär Krimineller an tragesch Onschëlleger

Vum klenge Fait divers bis zum grousse Schauprozess: Geschichten, déi d'Liewe schreift sinn déi beschte Virlage fir de Kino. D'Justiz, d'Police an d'Gangstere si wichteg Deeler vum Kriminalfilm. De Christian Mosar beschäftegt sech a fënnef Emissioune mat der Justiz am Kino.

auto_stories

6 min

Den Al Pacino a "Serpico" (1971)

Vum Geriichtsprozess bis zur Prisongsstrof ass de Justizsystem e ganz wichtegen Deel vum Kriminalfilm. Vum klenge Fait divers bis zum grousse Schauprozess, si Geschichten, déi d’Liewe schreift, déi bescht Virlage fir de kommerzielle Kino, dee sech bis haut dorauser seng erfollegräichsten Dréibicher schreift.

An "Twelve angry men" vum Sidney Lumet aus dem Joer 1957 spillt den Henry Fonda dee Mann, deen an engem Volleksjury als eenzegen un der présomption d’innocence festhält. Eleng dat ass Matière fir e ganz spannend Kammerspill, an deem d’Fro vun der Gerechtegkeet am Kriminalprozess beispillhaft ausgemoolt ass.

Et ginn awer och déi, déi sech ausserhalb vun der Justiz gesinn. Anarchisten an Terroristen, déi sech net nëmmen un d’Regelen halen, mä fir déi et iwwerhaapt keng Regele ginn. An da brécht alles zesummen, wann et sech erausstellt, datt esouguer an der Police d’Justiz an d’Gerechtegkeet net déi Plaz huet, déi mer eis virstellen.

D’Endstatioun ass de Prisong, eng Plaz ouni Hoffnung, ausser et preparéiert een de ganz groussen Ausbroch. Esouguer vun Alcatraz soll een et fäerdeg bruecht hunn, fort ze schwammen, ëmstridden ass dat haut nach.

Abonnéiert Iech op dëse Podcast: iTunes | RSS


"Objection your honour"
Den amerikanesche Geriichtsfilm

1982 huet de Paul Newman am Sidney Lumet sengem "The Verdict" en desillusiounéierten Affekot gespillt, dee sech eng leschte Kéier géint den amerikanesche Justizsystem stellt. Dëst ass eent vun de beschte Beispiller vum ganz amerikaneschen Filmgenre, dem Geriichtsfilm.
(Emissioun vum 3. Mäerz)

Lauschteren

 

Terror an Anarchie am Kino
Vun Attentäter a Bommeleeër

1971 gouf d’Geschicht vum Nicola Sacco a Bartolomeo Vanzetti fir de groussen Ecran adaptéiert.
De Film huet d’Form vun engem Dokument, enger hybrider Kinosform, déi sech mat der Duerstellung vun den historesche Fakte beschäftegt, dobäi awer eng inszenéiert Dramaturgie zur Hëllef hëlt.
(Emissioun vum 10. Mäerz)

Lauschteren

 

Die Polizei, dein Freund und Helfer?
1973 huet den Al Pacino d’Haaptroll am Polizistendrama "Serpico" gespillt. E Film, deen um Schluss vun der Nixon-Ära, d’Korruptioun vun engem Deel vun der New-Yorker Police bloussstellt. E Film, deen en enorme Succès hat a bei deem d’Forces de l’ordre fir d’éischte Kéier net als "incorruptibles" gewise ginn.
(Emissioun vum 17. Mäerz)

Lauschteren

 

Am Prisong ...
Vum "Cool Hand Luke" (1967) iwwer "Midnight Express" (1978) bis bei "Shawshank Redemption" an dem Michel Audiard sengem "Prophète" (2009), ginn et eng ganz Parti Kinosfilmer, déi de Prisong als Kuliss an an engems als Sujet zu engem vun de grousse Stereotype vum Mainstreamkino gemaacht hunn. Mä d’Realitéit ass dacks méi no beim Robert Redford sengem "Brubaker", wéi beim Elvis sengem "Jailhouse Rock".
(Emissioun vum 24. Mäerz)

Lauschteren

 

D’Moral vun der Geschicht
Am amerikanesche Kino hunn déi éischt vertounte Gangsterfilmer eng Sympathie fir d’Verbriechen ausgeléist, déi den Autoritéiten net geheier war. Et gouf dofir 1930 eng Zensur mat präzise Regelen agefouert. Regelen, déi dunn awer nees vum Film noir a Fro gestallt goufen.
(Emissioun vum 31. Mäerz)