Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Mindcage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mission accomplie? Nach net ganz!

Gesellschaft a Kultur

Mission accomplie? Nach net ganz!

Zwee Drëttel vun de befrote Leit fanne Kultur wuel wichteg, sou d'Resultat vun engem TNS-Ilres-Sondage am Optrag vum Kulturministère. Mä d’Schoul kritt an der Kultursensibiliséierung eng Datz. De Sondage vun der Regierung weist wou de Schong dréckt. Elo kéinten d'Kulturassisen déi richteg Äntwerte liwweren.

auto_stories

3 min

D’Kultur steet, fir déi befrote Leit, fir Traditioun, Sproochen, Patrimoine, fundamental sozial Valeuren, Mënscherechter oder och Identitéit. D’Kultur huet e grousse Stellewäert a se ass wichteg fir den Developpement vun der Gesellschaft. Déi Befrote gesinn d'Kultur manner als wirtschaftleche Facteur. Fir si adresséiert d’Kultur sech och net just un eng Elite. Si wier d'Basis fir eng modern, oppen, solidaresch an tolerant Gesellschaft, a wichteg fir d’Integratioun an d'Zesummeliewen zu Lëtzebuerg.

Doriwwer eraus sinn 92 Prozent vun de Leit am TNS-Ilres-Sondage iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg eng eege Kultur huet. Déi kulturell Offer zu Lëtzebuerg wier grouss, a bräicht sech net virum Ausland ze verstoppen. Wann een dës Resultater kuckt, kéint ee soen: Alles an der Rei! Mission accomplie!

Fortschrëtter, awer net an de Schoulen

Effektiv huet d’Kultur sech an de leschte Joerzéngte positiv entwéckelt. De Sondage weist awer och, datt nach vill ze maache bleift: een Drëttel vun deene befrotene Leit sinn nämlech net zefridden, wat d’Kultur an de Schoulen ugeet.

D’Schoul sensibiliséiert d’Kanner an déi Jugendlech net genuch op Kultur. Genee do wëllen déi politesch Responsabel den Hiewel och usetzen. Kultur an der Schoul géif net nëmmen heeschen ee Bild molen, oder e Lidd sangen, seet de Kulturminister Xavier Bettel. D’Kanner an déi Jugendlech misste verständlech gemaach kréien, wat Kultur ass.

Do huet, menger Meenung no, d'Schoul nach vill ze dinn, fir eng anstänneg a produktiv "Initiation à la Culture" ze realiséieren. Deen eenzege Wee ass, datt d'Kultur e fest Element am Stonneplang vun de Schoule gëtt. A se net nëmmen heiansdo enseignéiert gëtt, wann den Enseignant emol Zäit oder Loscht huet.

Dofir gëtt och een éischte Schrack bei de Kulturassisen den 1. an 2. Juli gemaach. Ee vun de Sujeten, déi diskutéiert ginn, ass iwwerschriwwen: "L’ecole - un lieu de transmission culturelle". Et geet drëms d’Kanner an déi Jugendlechen iwwert dee Wee zu Mënschen z'erzéien, déi spéider an der Kultur schaffen oder déi Kultur consomméieren. Well duerch d'Kanner fënnt een dann och de Wee bei d'Elteren. Och do sinn Ustrengunge verlaangt. Beim Sondage koum eraus, datt 57 Prozent vun de Leit net kulturell aktiv sinn.

Kulturinstitutioune bekannt, Artiste manner

Et gouf am Sondage och no de kulturelle Strukturen zu Lëtzebuerg gefrot. Ganz uewen op der Lëscht stinn de MUDAM, d'Philharmonie an de groussen Theater an der Stad. Wat ok ass, well et Strukture sinn, déi och regional, europäesch an international renomméiert sinn. D'Resultat vun de bekannte Kënschtler iwwerrascht méi: 44 Prozent vun de Leit kënne keng Nimm nennen. D'Leader vun der Lëscht heeschen dann: Serge Tonnar, Thierry van Werveke a Fausti. Eréischt méi spéit dauchen Nimm wéi Wercollier, Steichen oder Brandy op.

Et dränge sech Froen op: Si Leit éischter fir eng populär Kultur ze kréien? Hunn d’Leit awer nach méi Beréierungsängschten an der Kultur wéi geduecht? Oder geet et, wat och an de Kulturassisen en Thema ass, ëm d’Promotioun vun der artistescher Kreatioun? Hei verkeeft déi Konscht sech besser wéi Ausstellungen am Mudam oder Concerten an der Philharmonie? Oder komme mir nees op déi kulturell Educatioun zeréck: musse mir elo de Präis dofir bezuele, datt Kanner a Jugendlecher net un d'Kultur erugefouert goufen?

Aarbecht fir d'Kulturassisen

De Sondage vum Kulturministère huet een "Ist-Zoustand" presentéiert, aus deem sécher positiv Elementer eraus gezu kënne ginn, awer och nei Demarchë gefuerdert ginn. Besonnesch an der Schoul.

Op alle Fall confirméiert de Sondage d’Resultater vu Reflexiounsgruppen, déi am Virfeld vun de Kulturassisen zesumme geschafft hunn. D'Branche ass sech deemno där aktueller Situatioun bewosst a wees, wou de Schong dréckt. Elo bleift d’Hoffnung, datt d'Kulturassisë mathëllefen, déi richteg Schonggréisst ze fannen.