Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Skaterzeen zu Lëtzebuerg

Subkultur

Skaterzeen zu Lëtzebuerg

Mam neie Skatepark bei der Péitruss huet Lëtzebuerg elo och eng grouss Infrastruktur fir Skater. Zanter dem 22. Juli, kënne sech Profien, grouss Badettien a kleng Butzen op 2500 Quadratmeter ausprobéieren. De Projet gouf net ëmmer ënnerstëtzt.

auto_stories

3 min

Skatepark Péitruss

D'Subkultur ass an de 60er duerch d'Surfer an den USA entstanen, well si Holz ënnert de Féiss wollte spieren, och wa si net op de Welle waren. Am Grand-Duché koum d’Skaten dunn an de 70er Joren un. Déi éischt Skateparken hunn awer iwwer zwee Joerzéngten op sech waarde gelooss.

Dat hätt domadder ze dinn, datt während laanger Zäit Skaten e negative Ruff hat, erkläert den Dan Luciani. Hien ass net nëmmen als Skater, mee och als Soziolog an Anthropolog permanent op der Rull, a interesséiert sech zanter Joren fir d’Skaterzeen zu Lëtzebuerg. A Bezuch op Skateparke géing een och nach haut déi Viruerteeler héieren, "datt do Jonker géifen hikommen fir eben Drogen ze consomméieren oder soss hir Partyen ze maachen, Kaméidi ze maachen an esou weider." Iergendwann an deene leschten 10 Joer, wier et zu engem Ëmdenke komm.

E Skater am "Bowl"

Fir de geléierte Fotograf Alex Reicherts, dee Skate-Coursen zu Tréier gëtt, entsprécht de Klischee, datt Skaten an Drogekonsum zesumme gehéieren, net der Realitéit. Als fréiere Profi weess hien, wat ee sech bei dësem Sport leeschte kann a wat net: "Ech sinn 100 Prozent konzentréiert. Ech lafen net einfach mam Ball mat a kucken, datt ech e mol kréien, mee ech hunn déi ganzen Zäit de Ball!"

Subkultur

Wéi all aner Subkultur ass de Skateboard och kommerzialiséiert ginn. Dem Dan Luciani no, wier awer och an der Skatewelt Kritik entstane. "Ech kennen effektiv Besëtzer vu Skateshops, déi zum Beispill refuséiere gewëss Marken an hir Kollektioun opzehuelen." Marken, déi géingen als kommerziell ugesi ginn, déi Skaten nëmmen ausverkafen.

Déi Géigebeweegung wier noutwenneg fir ze weisen, datt d’Skatewelt net einfach alles matmécht, wat si vu Konzerner imposéiert kritt, sou den Dan Luciani.

E Skater probéiert en Trick

De Skatepark an d’Politik

D’Ëmsetzung vum Skatepark-Projet an der Péitruss huet 12 Joer gedauert a ronn zwou Milliounen Euro kascht. Ähnlech wéi scho viru puer Joerzéngte gouf et dës Kéier net nëmmen Ënnerstëtzer vun der Initiativ. Vu Säite vun de Skater gëtt awer gelueft, datt si staark agebonne ware beim Entwéckele vum Park.

De "Skatepark Péitruss"

Datt et Leit ginn, déi de Projet kritiséiert hunn an um Enn bei der Ouverture an der réischter Rei stoungen, hëlt den Dan Gantrel, Fräiwëllege bei der ASBL skatepark.lu, éischter mat Humor. Wéi de Skatepark Péitruss ëmmer méi konkret ginn ass, ass den Interessi am Ausland ëmmer méi gewuess. Wéi Politiker dat gemierkt hunn, hätten se sech natierlech och wëlle profiléieren. "Ouni elo Nimm ze nennen", laacht de Dan Gantrel.