Lëtzebuerger Literatur Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2021
D'Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis ass eraus: nominéiert si 16 Bicher a véier Kategorien.

Dëst Joer gëtt et och eng Shortlëscht vum Designpräis. D'Gewënner ginn den 18. November zu Walfer bekannt. Noméiert sinn:
Literatur
- Jemp Schuster, Bluttsëffer, Editions Imprimerie Centrale
- Tullio Forgiarini, Céruse, Hydre Editions
- Nathalie Ronvaux, Le Chesterfield du cinquième, Editions Guy Binsfeld
- Jean Back, L'Arc di Marianna, Editions Guy Binsfeld
- Guy Helminger, Die Lombardi Affäre, capybarabooks
Sachbicher
- John Marshall, #LuxUKLinks, Maison Moderne
- Anna Molzahn, Lëtzebuerger Ardennen, Editions Schortgen
- Esch-sur-Alzette. Guide historique et Architectural, capybarabooks
- Heidi Howcroft & Marianne Majerus, Luxemburg Land der Rosen, Editions Schortgen
- Jean Bour, Les crimes devant les magistrats luxembourgeois, Paul Bauler Editions
Kannerbicher
- Marina Fonseca & Lisa Junius, Waking the Mountain, Zoom Editions
- Marie Isabelle Callier, Ma famille Patchwork. Une petite catastrophe, PersPektiv Editions
- Sonja Bintner & Snejana Granatkina, 12 Nei Gutt-Nuecht Geschichten, Editions Phi
Design
- 40 Years Valentiny Architects: Stories from the Inside, Point Nemo Publishing
- John Marshall, #LuxUKLinks, Maison Moderne
- Marina Fonseca & Lisa Junius Waking the Mountain, Zoom Editions
Am Virfeld vun der Präisiwwerreechung fënnt och den éischten Après-midi professionnelle vum Buch an Editiounssecteur statt.