Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aldous Harding - The Barrel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Portante kritt Servais-Präis 2016

Literatur

Jean Portante kritt Servais-Präis 2016

"L'Architecture des temps instables" heescht dem Jean Portante säi präisgekréinte Roman. D'Fondation Servais huet de jonken Dichter Luc van den Bossche mam Prix d'encouragement belount.

auto_stories

5 min

Prix Servais fir dem Jean Portante säi leschte Roman

Et ass en décke Roman, deen de Jean Portante d’lescht Joer am November bei den Editions Phi publizéiert huet: “L’Architecture des temps instables”. 467 Säiten, déi eigentlech schonn zwee Joer éischter sollte verëffentlecht ginn. Déi verschidde Fiedem, déi hien am Text gesponnen a verwuewen hat, hunn nach misste méi fest zesummegezu ginn. Fir op en anere Punkt ze kommen, sou den Auteur an engem Wort-Interview.

D’Aarbecht huet sech gelount. Fir de Jean Portante, Lëtzebuerger Auteur mat italieneschen Originnen, ass et schonn den zweete Prix Servais. 1994 war scho “Mrs. Haroy, ou la mémoire de la baleinebelount ginn.

Autobiographesche Roman?

L’Architecture des temps instables”, eng Geschicht, erzielt vu véier Personnagen: Monni, Papp, Fils a Groussmamm. Mir reese mat hinne vun Déifferdeng bis an d’Abruzzen, mat e sëllechen Tëschenetappen: Cuba, Paräis Eng Familljesaga? Inspiréiert um Jean Portante sengem eegene Liewen? “Net wierklech”, sou den Auteur am Februar am 100,7-Interview. “D’Literatur ass ebe just do fir eng Transformatioun ze maache vun der Realitéit. Wat iwwreg bleift am Roman ass eng aner Realitéit”.

Am Roman ginn Theme behandelt wéi Migratioun, Krich, Papp-Bouf Bezéiungen. Mee och eng Siicht op d’Welt vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg, där hire Bléckwénkel op d’Welt erweidert gëtt.

Begrënnung vum Jury

Et geléngt dem Jean Portante, an dësem villschichtege Roman, déi iwwer Generatioune gestreckte Familljegeschicht mat de geopolitesche Weeër an Ierweeër vum Éischte Weltkrich bis bei de Fall vun der Berliner Mauer wäitreechend ze verknëppen, begrënnt de Jury vum Servais-Präis säi Choix. D’Architektur vum Jean Portante sengem Roman berout op dräi Pilieren: eng enk gestréckten Erzielung, eng gemeeschtert Konstruktioun an eng souverän Fieder. Den Auteur bréngt et fäerdeg, de Lieser ze fesselen, sou de Jury, och dëst Joer vum Pierre Marson presidéiert.

De Servais-Präis priméiert all Joer dat bedeitendst literarescht Wierk, dat am Laf vum Joer – an dësem Fall 2015 – erauskomm ass. Dotéiert ass e mat 6.000 €. W

De Prix d’encouragement geet dëst Joer un de jonke Luc van den Bossche fir seng Gedichter-Sammlung “Sangs”. De Jury wollt déi formell Originalitéit a poetesch Innovatioun vum Luc van den Bossche senger Lyrik ervir sträichen. Dotéiert ass dee Präis mat 4.000 €.