Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schützenswäert Annex vum Schlass Heeschdref gëtt ofgerappt

Patrimoine

Schützenswäert Annex vum Schlass Heeschdref gëtt ofgerappt

Eng Extensioun vum Altersheem, dat am Schlass selwer ass, soll do entstoen. De Kulturministère wollt d'Gebai eigentlech ënner Denkmalschutz stellen. Denkmalschützer soe sech entsat.

auto_stories

4 min

D'Wirtschaftsgebai vum Schlass Heeschdref (Foto: Mouvement patrimonial)

Membere vum Facebook-Grupp ''Luxemburg under destruction'' an och vun der Vereenegung Mouvement patrimonial ass dëser Deeg opgefall, datt den Daach vum sougenannte Wirtschaftsgebai ofgerappt ginn ass. Fir d'Karin Waringo, déi selwer eng Ausbildung am Patrimoines-Wiesen huet, gehéiert dëst Gebai zum Kader vum Schlass Heeschdref an ass och u sech schonn erhalenswäert:

"Wann ee sech d'Fassad vun deem Gebai ukuckt, dat vun der Strooss aus zimmlech onscheinbar ausgesäit, dann erkennt een déi typesch Elementer fir déi historizistesch Architektur, ënner anerem mat räiche Verzierunge ronderëm d'Portaler. Dat Gebai ass doduerch en Zeie vu senger Zäit. Éischtens vun der Konstruktioun vum Schlass, déi op d'Wittfra vum Banquier Léon Lippmann zeréckgeet. Et ass och en Zeie vun der Architektur vun där Zäit. Ech fannen, datt et relativ eenzegaarteg ass. Mir hunn där Gebaier net vill hei zu Lëtzebuerg, an et ass och einfach en Element vum Schlass. Doduerch ass et mir eigentlech onverständlech, wéi een esou e Gebai zerstéiere kann."

Besoin u Strukture fir un Demenz erkrankte Mënschen

D'Gebai gehéiert der Mardeoc-asbl, also de Kongregatiounsschwësteren, déi och d'Altersheem am a beim Schlass bedreiwen. D'Wirtschaftsgebai wëlle se ofrappe loosse fir hir Strukturen ze erweideren. Do sollen an Zukunft zousätzlech Demenzkrank Mënschen ënnerbruecht ginn. Fir d'Familljeministesch Corinne Cahen (DP) besteet allgemeng e Besoin fir esou Strukturen:

"An esou hat och Maredoc vu Steesel gefrot, fir 40 Zëmmere fir un Demenz erkrankte Leit bei hirem Altersheem ze bauen. Mir kucken am Familljeministère, ob do e Besoin ass. An dann decidéiere mer, ze cofinanzéieren - mir sinn dee Moment net de Bauhär."

De Kulturministère, dee sech ëm de Patrimoine bekëmmert, wosst vun deene Pläng Bescheed. D'Ministerin Sam Tanson (déi gréng) war der Meenung, datt d'Wirtschaftsgebai vum Schlass schützenswäert wier an hat proposéiert, et klasséieren ze loossen. Der Prozedur no muss de Regierungsrot esou eng Propos no engem Joer confirméieren. Déi Decisioun wier elo am Abrëll fälleg gewiescht. Dozou déi gréng Ministerin Sam Tanson:

"Dir musst verstoen, datt mer elo wärend de Covid-Evenementer net en avance ware mat eise Prozeduren. Am Regierungsrot hat d'Madamm Cahen, wat ech och gutt ka verstoen, nach eng Kéier déi Argumenter virbruecht, datt jo do awer e Projet vu Maredoc geplangt wier, datt si eigentlech elo net kéint à ce stade mam Klassement vum Gebai averstane sinn, a gesot, mir sollten dann nach eng Kéier mat hinne kucken."

D'Covid-Kris an d'Positioun vun de Proprietären

Huet sech déi liberal Familljeministerin Corinne Cahen also elo mat hiren Argumenter duerchgesat kritt, géint d'Besoine vum Denkmalschutz? "Nee, dat ass iwwerhaapt net esou", seet d'Corinne Cahen.

"Et ass just, datt elo d'Covid-Kris dertëschent komm ass an ee net méi konnt op d'Plaz kucke goen. An do schéngen Delaien ofgelaf ze sinn. Dat eenzegt wat ech wollt war kënnen driwwer ze schwätzen, wéi a wou mer Maredoc kéinten hëllefen, déi 40 Zëmmeren eben ze realiséieren. Méi war et am Fong net. Ech mengen net, datt iergendee sech duerchgesat huet."

Wéi et ausgesäit houng d'Schicksal vun der Schlass-Annex um Enn vun de Verhandlungen tëschent dem Kulturministère an de Kongratiounsschwësteren of. Sam Tanson:

"Mee et war leider keen Accord ze fanne mat de Proprietären. Ech hat déi zesumme mat der Gemeng Steesel gesinn. Mir haten hinnen nach a Courriere Propose gemaach, déi net zeréckbehale goufen. Sou datt u sech virun nach iwwer juristesch Moyene mateneen diskutéiert gouf. (...) Hei hunn eben zwee Interête géintenee gespillt, zwee ëffentlech Interêten: deen ee vum Denkmalschutz, deen anere fir Strukture fir dement Leit. Déi Kéier ass et eben en faveur gaange fir d'Struktur fir dement Leit, wat jo och wichteg Strukture sinn."

An den Ae vun der Kulturministerin géif den Dossier Heeschdref weisen, datt en neit Denkmalschutzgesetz néideg ass. De Moment wier een am Gaangen d'Amendementer vum Gesetzesprojet auszeschaffen. De Staatsrot hat jo eng ganz Rei Bedenken a Bezuch op déi éischt Versioun zum Ausdrock bruecht.