Buchkritik Roland Meyer - Leandro

"Leandro" heescht den neie Roman vum Roland Meyer, dee bei Capybarabooks erauskoum. En erfrëschend-verréckte Roadtrip vun zwee Jugendlechen, déi u sech näischt gemeinsam hunn, an déi herno ganz vill verbënnt.

Valerija Berdi / sam

Buchkritik Leandro
Fotoen: Capybarabooks, Jack Ward / Unsplash

"Ähem, hallo, mein Name ist Lea-Sophia Weber."

Mat dësem Saz a mat dësem Numm geet dem Roland Meyer säi Roman Leandro un. En Numm, deen ee mat guttbiergerlechem Hannergrond, gudde Schoulnotten a wéinege Suerge konnotéiert. An domat läit een dann och zimmlech richteg.

Mam geklaute Moto op d'Rees

D'Lea-Sophia sëtzt an enger Jugendherberg mat gläichgesënnte KollegInnen a wëll mat hinnen d'Welt retten. Et ass mat "Fridays for Future" ugaangen, elo sinn si an enger weiderer Phas, iergendwou an engem Kaff an der Eifel an organiséieren Workshops.

E bësse Liebeskummer, e bësse verléift sinn, bis op eemol de Leandro opdaucht, e portugisesche Jugendlechen, dee mat senger Mamm an Däitschland geplënnert ass, well si sech de Loyer zu Lëtzebuerg net leeschte kënnen. De Leandro passt esou guer net an d'Welt vun der Lea-Sophia. Hie léist bei den engagéierte Jugendlechen e richtege Schock aus, wou hien no enger Wurscht fir op de Grill freet.

An der Nuecht fuerdert hien d'Lea-Sophia op, mat him op Berlin ze reesen oder éischter ze flüchten an hatt, iergendwéi iwwerfuerdert, péckt e puer Saachen a mat engem geklaute Moto mat Side car - natierlech weess d'Lea-Sophia net, datt en geklaut ass - geet eng turbulent Rees lass vun dëser Koppel, déi méi verschidden net kéint sinn...

Eng Rees an eng Welt vu Fräiheet

E spannenden, originellen a witzege Roadtrip erzielt eis hei de Roland Meyer. Et sinn déi komeschst Aventuren, déi déi zwee zesummen erliewen, skurrille Mënsche begéinen, a sech permanent a Gefor beginn. Mee mat all dëse verréckten Eskapaden, entféiert de Roland Meyer seng LieserInnen an eng Welt vu Fräiheet, déi een esou seelen nach begéint.

Et ass dem Leandro säi Fräigeescht, deen déi wuelbehitt Lea-Sophia, déi de Leonado Linda nennt, aus hirem "Ech sinn e gudde Mënsch an ech maache just gutt Saachen" eraushëlt a weist, wéi dach verlugen déi Welt ass, an där déi jonk Fra opwiisst.

Si, déi esou en engagéierte Mënsch ass, an déi ganz Mënschheet rette wëll, vertraut kengem, stellt alles an déi ekologesch an ekonomesch Fro, just sech selwer net. Mee lues a lues ka si lass loossen, sech selwer befreien a mam Leandro zesumme sinn, dee genee dat lieft, firwat si mengt ze kämpfen, just datt de Leandro sech deem mol net bewosst ass.

Fazit

Et ass ëmmer erëm e Genoss ze liesen, wéi de Roland Meyer sech an d'Haut vu Jonken eraversetze kann an domat deenen hier Geschichten absolut glafwierdeg eriwwer brénge kann. Et ass en Zesummespill tëschent déifster Sensibilitéit an doucem Humor.

En erfrëschenden, häerzerwiermende Roman, deen net just Jugendlecher uspriechen dierft, mee jiddereen, dee sech dovun iwwerzeege wëll, datt ee grouss Aventuren an d'Fräiheet virun der Dier erliewe kann an datt een net permanent sech selwer muss an de Mëttelpunkt stellen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Claire Schmartz - <bug>
Claire Schmartz - <bug>

Eng nei Stëmm mécht sech an der Lëtzebuerger Literatur ganz positiv bemierkbar. Den Debutroman <bug> vun der Claire Schmartz koum bei Hydre Éditions eraus. D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies.

Germaine Goetzinger Buchcover Aline Mayrisch
Germaine Goetzinger

D'Germaine Goetzinger am Gespréich iwwer hir Biografie: Aline Mayrisch de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur (Editions Guy Binsfeld).

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen