"roh.fassung", dat ass den Titel vum Claude Reiles sengem éischte Buch: Engem Gedichtband, dat hien am Eegeverlag publizéiert huet. Et ass also elo eng réi Fassung mee eng definitiv Fassung. An eng, déi impressionnéiert. Mee de Claude Reiles, Däitschprofesser vu Beruff, hat gutt Grënn dësen Titel bäizebehalen. Hien hätt d'Texter am Virfeld verschiddene Leit gewisen an an de soziale Medie gepost. "Well dat spontan éischt Skizze waren, hunn ech ëmmer drënner geschriwwen: 'Rohfassung'." Den Titel vum Wierk géif dorunner erënneren.
"roh.fassung" wier awer och eng Referenz ob de Schreifprozess selwer. "Et war eng emotional, ganz réi Erfarung, d'Krankheet an den Dout vu menger Fra." De Schreifprozess wier awer och eng Zort Heelungsprozess gewiescht. De Claude Reiles erzielt, hien hätt mam Schreiwe probéiert erëm zou sech ze kommen "a Fassung ze kréien."
Trauer verschaffen
Am Virwuert vu "roh.fassung" kann een d'Situatioun, déi zum Titel gefouert huet, noliesen a verstoen. Datt de Claude Reiles no der existenzieller Erfahrung vum Dout vu senger Fra e Buch geschriwwen huet wier net vun Ufank u geplangt gewiescht. Mee seng Gedanken a Gefiller hätten aus him eraus geschriwwen, esou den Däitschprofesser.
Um Kierfecht hätt hien zum Beispill eng Elvis Presley Figur op engem anere Graf beandrockt an zu engem Text inspiréiert. "Den Elvis Presley huet am 'Graceland' gewunnt a Grace bedeit jo och Gnod. Déi hat meng Fra an hirer Krankheet net." No e puer Texter hätt hie gemierkt, datt Schreiwen him géif hëllefen. Datt doraus awer géif e Buch ginn, hat hätt de Claude Reiles uganks net geduecht.
Op an of
Déi spontan geschriwwen Texter, oder besser Gedichter, sinn am Claude Reiles sengem Ëmfeld op positiv Reaktioune gestouss. A wann een a "roh.fassung" liest, fält op, datt de Claude Reiles vill gereest ass. Hie wier ganz vill geflücht a wier während engem Joer esou vill gereest, wéi nach ni, erzielt den Auteur. "Do hunn ech iwwer d'Loftfiichtegkeet op Kuba, iwwer Amsterdam oder nach iwwer d'London Eye geschriwwen. Vill hin an hir. Dat gesäit een an den Texter."
Et ass awer och vill op an of am Buch ze liesen. De Claude Reiles schreift seng Gedichter esou, wéi si wuel wierklech a säi Kapp komm sinn. Hie verstoppt och net, datt hien no villen traurege Momenter, déi freedeg Ablécker nees konnt zouloossen. Dat gëtt dem Buch en agreabele Rhythmus.
De Lieser kann engersäits vill nodenken, anersäits awer och schmunzelen. Hie wollt kee lyresche Schicksalsroman schreiwen, ënnersträicht de frëschgebaakte Schrëftsteller. "Ech hat schonn een Usproch u meng Texter well et een Hommage ass." Fir de Claude Reiles sollt et een eenzegaartege Projet sinn. "Ech wollt och perséinlech Momenter era bréngen. Mee och verrätselen, fir datt et net ze vill evident ass.
Plaz fir Freed
D'Tatsaach, datt den Auteur probéiert vun der reng perséinlecher, intimer Vue op den Haaptsujet - den Doud vu senger Fra - ewech ze komme an hie bei ze vill Perséinlechem, d'literaresch Ästhetik an d'Spill komme léisst, deet dësem Hommage gutt. Et mécht d'Wierk fir vill Lieser zougänglech.
Am Virwuert steet geschriwwen:
Du liebtest das Leben, genossest es in vollen Zügen. Dass ich das Leben genieße ist mein erster, dieser Band mein zweiter Dank an Dich.
De Claude Reiles huet decidéiert, d'Liewensfreed no der Erfahrung vu Krankheet an Doud nees zouzeloossen. War d'Koppel sech doriwwer eens? Nee, seet de Claude Reiles. "Mir hunn ni doriwwer geschwat, wéi et kéint ausgoen." D'schlecht Gewëssen hätt dofir och eng Roll gespillt. "Mee ech hu fir mech decidéiert, datt dat net kann esou sinn." Dofir géife Liewenswëllen a Liewensfreed am Buch eng grouss Roll spillen.
Mam Dout ëmgoen
Wat d'Opmaachung vun dësem Debut ugeet, huet den Auteur sech fir Hardcover decidéiert. Tëschent den Texter si Fotoen. An um Cover ass ee Bild, dat dem Claude Reiles seng Fra gemolt huet. D'Bild géif him immens gefalen, an et géif passen, fënnt den Däitschproff.
Et passt, esou wéi dat ganzt Buch. "roh.fassung" ass trotz schwieregem Thema kee Steen am Mo. D'Wierk erméiglecht et dem Lieser, sech mam Dout a Verloscht auserneen ze setzen. De Lieser gëtt dozou verleet, sech ze froe wéi hie mat der Situatioun ëm géif goen. Mee hie gesäit och ee Beispill, wéi ee Mann mat engem Hommage u seng Fra ee Wee fonnt huet, fir sech auszedrécken, sech villes vun der Séil ze schreiwen. A fir nees kënnen eng gewësse Liichtegkeet am Liewen ze spieren.