Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BD vum Mount: Quentin Zuttion, La Dame blanche

Gezeechent

BD vum Mount: Quentin Zuttion, La Dame blanche

De Quentin Zuttion huet sech an de leschte Jore mat sensibele Bicher zu aktuellen Theemen en Numm gemaach. A senger neier BD "La Dame blanche" geet et ëm Altersheemer, speziell ëm d'Leit, déi do schaffen, hiert Verhältnis zu de Residenten, a wéi si mat der stänneger Presenz vum Doud an hirem Liewen ëmginn.

auto_stories

5 min

De Quentin Zuttion huet sech an de leschte Jore mat sensibele Bicher zu aktuelle gesellschaftlechen Theemen en Numm gemaach. Och seng nei Bande dessinée, La Dame blanche, déi bei Le Lombard erauskomm ass, fält an déi Kategorie. Et ass eng BD iwwer Altersheemer, e Sujet, deen a leschter Zäit ëmmer méi wichteg ginn ass a vill diskutéiert gouf.

Froen rondrëm Theemekomplex Altersheem

Mir liewen an enger Gesellschaft, déi méi al gëtt, an där d'Mënschen ëmmer méi laang liewen an an där d'Leit oft net d'Ressourcen hunn, fir hir Elteren oder Grousselteren doheem ze fleegen, esou datt natierlech vill Froe ronderëm den Theemekomplex Altersheem opkomm sinn.

Beim Quentin Zuttion kann ee fir d'éischt emol festhalen, datt et hei net ëm eng Kritik un Altersheemer geet. Et geet net drëm - wéi dat a villen aneren Erzielungen de Fall ass - fir ze weisen, wéi trist d'Liewen am Heem ass. Et gi keng Mëssstänn opgedeckt a keng häerzlos Kanner ugeklot, déi hir Elteren einfach an en Heem stiechen, well se sech net méi ëm si këmmere wëllen. Et geet och net an éischter Linn ëm d'Leit, déi am Altersheem liewen, well d'"dame blanche" aus dem Titel ass eng jonk Infirmière, d'Estelle, déi do schafft.

Ënnerschiddlech Philosophien

De Fokus vum Buch läit op senger Aarbecht a senge Relatioune mat de Residenten. D'Fro, déi sech de Quentin Zuttion stellt, ass, wat et mat engem Mënsch mécht, wann d'Leit, mat deenen een all Dag ze dinn huet an déi engem och iergendwéi no sinn, reegelméisseg stierwen, wéi een domat ëmgeet, datt een oft de leschte Mënsch ass, mat dem d'Residente virun hirem Doud schwätzen oder deen se gesinn.

Et gëtt vill onspektakulär Zeenen aus dem Estelle hirem Alldag an der BD, wou si Leit wäscht oder hinnen Iessen zerwéiert, awer och d'Pausen an d'Gespréicher mat enger Kolleegin, dem Sonia, si wichteg Momenter, wou déi zwee iwwer hir Aarbecht nodenken a gewëssermoossen hir ënnerschiddlech Astellungen dozou, hir ënnerschiddlech Philosophien, wann een esou wëll, presentéieren.

D'Sonia gesäit dat Ganzt éischter pragmatesch: Wien an d'Altersheem kënnt, weess, datt dat déi lescht Statioun vu sengem Liewen ass an datt d'Leit, déi do schaffen, him einfach en Déngscht leeschten, fir dee se bezuelt ginn. D'Relatioun tëschent Infirmière a Resident ass eng reng professionell fir si, wou ee sech mat Respekt begéint, mee wou et kee Grond fir Sentimentalitéit oder soss en allze emotionale Bezuch gëtt.

D'Estelle dogéint hänkt un de Leit, déi et fleegt, a gesäit et als hir Missioun un, hinnen de Liewenswee, deen hinne bleift, esou vill wéi méiglech ze erliichteren, och wann dat bedeit, datt si se an hire zum Deel demente Gedanken an Illusiounen ënnerstëtzt. Wann, zum Beispill, eng Fra mengt, am Estelle hir Jugendfrëndin erëmzeerkennen, mat där si wollt aus dem Internat fléien, da spillt d'Infirmière bereetwëlleg d'Roll vun där Jugendfrëndin. An wann eng aner Fra sech fir enger fréier Ambassadrice hält, obwuel se hiert Liewe laang an enger Fabrick geschafft huet, schwätzt d'Estelle si als "Madame l'"ambassadrice" un, och wann d'Duechter vun där Fra dat guer net gäre gesäit an hofft, mat ale Fotoalben dem Progrès vun der Alzheimererkrankung entgéintzewierken.

En plus huet d'Heldin et sech zur Gewunnecht gemaach, kleng Objete vun de verstuerwene Residenten als "Souveniren" ze behalen, wat natierlech net onproblematesch ass, well an de Aen vun deenen aneren huet si kee Recht dorop. Et gesäit een also, datt d'Estelle d'Grenzen tëschent enger professioneller an enger privater Relatioun tëschent Infirmière a Resident bewosst verwëscht an et doduerch zu Konflikter kënnt - an och ëmmer erëm zu Iwwerraschungen an der Geschicht.

Net fräi vu kitschegen Momenter

Wéineg iwwerraschend ass warscheinlech, dass den Zeechner e ganz douce, rouege Stil benotzt a sech speziell bei de Faarwen zeréckhält. D'BD besteet gréisstendeels aus bloen Aquarellzeechnungen, déi fir eng liicht melancholesch Stëmmung suergen, déi dem Quentin Zuttion awer och déi néideg Flexibilitéit bidden, fir seng Charakteren ze portraitéieren. Wat opfält ass, datt La Dame blanche grousse Wäert drop leet, al Kierperen ze weisen, op eng Manéier, déi éierlech ass, ouni voyeuristesch ze sinn. Et geet och oft ëm de Géigesaz tëschent alen a jonke Kierperen, zum Beispill wann eng eeler Fra sech an de Spigel kuckt an do hiert Gesicht aus fréiere Zäiten erbléckt.

Visuell Kontraster notzt den Zeechner och, wann et ëm Verhältnis vum Privatliewe vun den Infirmière zu hirem Beruffsliewe geet, dat an der BD och eng gréisser Roll spillt. D'Estelle an d'Sonia ginn nämlech owes zesummen eraus, ënnerhalen sech iwwer hir Tinder-Dates an danzen am Club. Hei hëlt de Quentin Zuttion eng ganz aner, méi faarweg Palette, fir d'Differenz zum Alldag am Altersheem z'ënnersträichen. Dat ass natierlech keng ganz extravagant Iddi, mee siass effikass, fir Ofwiesslung an den Oflaf vun der BD eranzebréngen.

La Dame blanche ass sécherlech net fräi vu kitschege Momenter, an et muss ee mat der Aart a Weis, wéi d'BD d'Altersheem duerstellt a wéi se sech zum Estelle hirer pathologescher Attitüd vis-à-vis vun de Residente verhält, net onbedéngt averstane sinn. Et ass awer eng originell Perspektiv, déi sech vun aneren Erzielungen iwwer dat selwecht Theema ofhieft an engem nozedenke gëtt. An, dat Ganzt ass vum Quentin Zuttion mat vill Fangerspëtzegefill gezeechent, mat stëmmungsvolle Biller, interessanten a psychologesch komplexe Figuren, déi La Dame blanche zu engem gelongene Wierk maachen.