Wärend den Aldo Mazzola, Flic an der Paräisser Peripherie Seine-Saint-Denis ("93"), iwwer déi déidlech Vergëftung vun engem Operesänger mat Falsetto-Stëmm enquêtéiert (an dobäi seng musikalesch Oder entdeckt), féiert säin Aarbechtskolleeg Juan Santillana e ganz perséinleche Kräizzuch géint d'Dekadenz vun der Männlechkeet.
Besonnesch am Viséier ass säin eegene Fils René, eng Pop-Vedette an der Queer-Zeen, deen eng Geschlechtsëmwandlung an d'A faasst. A sengem Kampf schléisst sech de Santillana dem Bouclier un, enger riets-extreemer Vereenegung vu Gläichgesënnten, dorënner eng Rei gradéiert Polizisten.
Vulgariséiert Kulturgeschicht
Mat sengem aachte Roman "Les Fleurs du mâle" (evident Uspillung un dem Baudelaire säi berüümte Gedichtband) féiert de Claude Schmit säi scho bekannte Programm weider. Dee besteet zënter engem Joerzéngt doranner, Aspekter aus der Iddiegeschicht an enger zäitgenëssescher, méi oder manner populärer Erzielform ze vulgariséieren. No der däischterer Séil vun der Opklärung, der Eugenik, dem Nihilismus oder nach der sexueller Abstinenz, beschäftegt sech de fréiere Philosproff dës Kéier mat der Genderproblematik.
D'Afrostellung vu sexuellen Normen an déi aggressiv Reaktioun vu verschiddene Männer, déi ëm hiert traditionellt Rollebild fäerten, bezitt de Roman op den anticke Mythos vum Androgyn (wéi beispillsweis beim Platon) oder nach d'Bedeitung vum Kastrat am klassesche Gesang:
"Un chanteur mâle avec une voix de soprano, n'est-ce pas le paradis ? remarqua Diamante. C'est mystique, c'est l'éternité. Divine ambiguïté ! N'est-ce pas le plus but de l'art que de redécouvrir l'unité originelle du masculin et du féminin ? L'être parfait ! L'androgyne ! L'acte d'amour complet !"
Kultivéierte roman de gare
D'Form, déi de Claude Schmit fir seng Erzielung ausgewielt huet kéint een als eng Zort kultivéierte roman de gare bezeechnen. De kulturgeschichtleche Referenzen, déi de Pôle vun enger neier, delikater a vläicht als méi héich betruechter Iddi vu Männlechkeet representéieren, stinn eng besonnesch trivial, labber an an enger deelweis salopper Sprooch geschriwwener Kriminalgeschicht géintiwwer, déi op de Pôle vun enger instinktiver, bal primitiver Maskulinitéit verweisen.
Et fillt een sech un d'Ästhetik vun den SAS-Spionage-Romaner vum Gérard de Villiers erënnert, mat hirem explosive Cocktail aus Gewaltverherrlechung an dat wat hautdesdaags wuel als "toxesch Männlechkeet" bezeechent gëtt.
"C'est ma faute. Je ne lui ai pas appris à devenir un homme. J'ai laissé faire Flora. Mais un gamin ne peut devenir un homme dans les bras de sa mère. Trop doux ! Trop aimable ! C'est du sauvage qu'il lui aurait fallu, de la méchanceté, de l'indomptable."
Déi relativ graff gezeechent, psychologesch wéineg glafwierdeg Personnagë passen duerchaus an de schemateschen Opbau vum Roman an déi strikt binär Denkweis vun engem Juan Santillana. Si sollen net subtil eriwwer kommen a sech entwéckelen, mee eng Funktioun erfëllen.
Vläicht net fir näischt heescht de "béise" Flic Santillana. Dat kann een als Bezuch op dem Lesage säi "Gil Blas de Santillane" (1715-1735) an déi méi al Traditioun vum picareske Roman liesen. Iwwer d'Aventurë vun engem Anti-Held war et deem literaresche Genre ëm eng pessimistesch Gesellschaftskritik gaangen.
Ambiguitéit
Däischter ass dem Claude Schmit seng Visioun duerchaus. Mee säi Pessimismus ass diffus, generell. Hie stellt déi verschidde Positioune géintiwwer ouni selwer kloer Stellung ze bezéien. Zwar mécht hien alles fir de Santillana als bornéierten a faschistoiden Drecksak duerzestellen. An awer léisst hie säi Personnage e Grupp vun afrikanesche Sexsklavinne befreien. Wat an deem heite Kontext als luewenswäert Aktioun geduecht ass, kéint grad esou gutt als Macho-Fantasie ofgestempelt ginn.
Ëmgedréint gëllt dem Auteur seng Sympathie wuel dem Oper-Enthusiast Mazzola. Deen huet doheem allerdéngs eng Fra sëtzen, déi ëm grad dofir virgehäit, keng Couillen ze hunn. Och dëse weibleche Personnage géif et bei enger radikal feministescher Autorin esou warscheinlech net ginn...
Ënnert dem Stréch wierken déi zwee männlech Haaptpersonnagë wéi Affer vun enger déif gräifender kultureller Entwécklung, mat där se alle béid net eens ginn - jiddereen eben op seng Manéier.
Mat "Les Fleurs du mâle" ass dem Claude Schmit eng relativ originell Kombinatioun vu Fong a Form gelongen, gläichzäiteg direkt an déck opgedroen, an dann op eng subtil Manéier zweedeiteg. An de Rayon vu konsequenter militanter LGBTQIA+-Literatur léisst dee Roman sech net grad aklasséieren.