''je reste, mon amour, je reste encore un peu''
Dee Vers fënnt een op enger vun deene leschte Säite vum Lambert Schlechter sengem neie Gedichtband ''Mais le merle n'a aucun message. 99 neuvains. VIe série'' (Editions Phi), eng Sammlung vun Néngzeiler, déi de Schrëftsteller tëschent Mee 2018 an Abrëll 2020 geschriwwen huet : de Gros op Franséisch, eenzel Gedichter och op Englesch, Italieenesch a souguer Afrikaans (Iwwersetzung). Deen een oder aneren Text liest een zweemol, eng Kéier op Franséisch an eng Kéier iwwersat.
De Lambert Schlechter huet elo 79 Joer. D'Perspektiv vum Doud, deen hie vläicht wéinst senger Unzéiungskraaft ''la camarde en porte-jarretelles'' nennt, bestëmmt säi Schreiwe schonn zënter méi laangem. Wéi soll et an deem Alter och anescht sinn...
War et dat?
Am Laf vun de Gedichter presentéiert sech e Mënsch, dee virun de Ruine vu sengem Liewe steet. D'Kandheet ass definitiv verluer (''l'enfant est parti/se noyer dans la grande mer''), vu senger Amante krut en de Kuerf, eng Erektioun kritt e souwisou net méi (''et je sors un stylo pour noter://c'est la seule raideur qui va me rester''). E Bléck an de Spigel geet duer :
''i looked at that old man
so ugly, so doomed and lost''.
Souguer d'Sprooch schéngt sech opzeléisen, léisst Unzeeche vu Senilitéit erkennen :
''des fois que me venirait une idée
mais il ne m'en viendre pas''.
Wa schonn d'Conjugaisoun net méi sëtzt, da kann ee grad esou gutt apaken, oder ?
''je reste, mon amour, je reste encore un peu'' ass am Fong e pessimistesche Vers.
Carpe diem
Mee et kann een dee Vers och anescht liesen : ''je reste encore un peu'', et ass nach net fäerdeg, et bleift jo nach e bëssen Zäit. Anescht wéi nach a sengem rezente Buch ''Je n'irai plus jamais à Féodossia'', schéngt de Lambert Schlechter elo d'Angscht virum Doud iwwerwonnen ze hunn. D'Liewensenn ass zwar virgezeechent, hien akzeptéiert et awer.
Elo heescht et, dat Bescht dorausser maachen : ''croque la avant qu'elle ne pourrisse'', carpe diem, also. ''hay que caminar, n'y a qu'à cheminer''. Dem Doud ëmmer méi no ze kommen heescht awer net, datt een dofir ëmmer méi onglécklech géif ginn:
''c'est un bonheur si exquis
de marcher, pas après pas
chaque pas réfute la chute''.
Komplementar Zeechnungen
Eng ''douce mélancolie'' ass dem Auteur seng Grondstëmmung. Si spigelt sech an den Illustratioune vu senger Schwëster Lysiane Schlechter erëm, déi am Buch gläichberechtegt nieft dem Text existéieren : op der lénker Säit all Kéiers zwee Néngzeiler, op der rietser eng Zeechnung.
Meeschtens sinn et monochrom Dramvisiounen, déi sech op d'Texter niewendru bezéie kënnen oder och net, jiddefalls si se komplementar an droen zur genereller Atmosphär vum Band bäi.
''Asiatesch'' Serenitéit
Et ass eng Form vu Serenitéit, déi de Lambert Schlechter erreecht huet : ''à la mort je pense, et souris''. D'Referenz op klassesch chinesesch Dichter ewéi den Du Fu respektiv de Lu Yu kënnt net vun ongeféier. De Gedichtband ass vun asiatescher Weisheet duerchdrongen.
Et ass d'Iddi vun enger Harmonie tëschent Mënsch an Natur, d'Begeeschterung fir elementar Naturphänomeener wéi d'Sonn (''cette chose/absolument inouïe : l'existence du soleil''), de Stärenhimmel, den Zyklus vun de Joreszäiten.... Et ass de Verweis op de populäre chinesesche Glawen un déi Giel Quellen (''te noyer dans les Sources jaunes''), also d'Land vun den Doudegen, Source vum Liewen.
E weidere Bezuch op déi asiatesch Traditioun sinn Déiereparabelen. Dem Lambert Schlechter säi räiche Bestiarium ëmfaasst Spannen, Schlécken, Wierm, Kiewerleken, Ameisen, Déieren also, déi um Buedem krauchen, sech mat der Matière erëmklappen, an net héich am Himmel iwwert Allem schwiewen : ''il n'y a pas d'aigle dans mes poèmes''. Eng flott Manéier fir säin Hang zum Materialismus als Liewensphilosophie z'ëmschreiwen.
Essentiell
A wann hie sech scho mat engem Vull identifizéiert, da mat der Märel, am Géigesaz zum Kueb, Symbol vum Doud :
''ne t'alarme pas quand
croasse le chafouin corbeau
ce n'est pas toi qu'il vise
il ne parle que pour lui-même
écoute plutôt le merle
qui n'a aucun message
il ne fait que chanter
et il n'y a rien à comprendre
sa mélodie te ramène à l'essentiel''.
Dat Essentiellt, dorëms geet et dem Lambert Schlechter elo.