Radioen

On air

De Moien  |  Primer - Just A Clown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prix Laurence 2016 fir Délali Amega a Maxime Weber

Literatur

Prix Laurence 2016 fir Délali Amega a Maxime Weber

Am Kader vum Beetebuerger LiteraTOUR-Festival gouf de Weekend de Prix Laurence fir jonk Auteure verginn. An de jeeweilegen Alterskategorien goung den 1. Präis un dat 17 Joer jonkt Délali Amega an de Blogger Maxime Weber. Déi zwee sinn duerch engagéiert Texter opgefall.

auto_stories

4 min

D'Gewënner an der Kategorie 18-26 Joer: Nicolas Calmes, Maxime Weber, Gina Arvai a Joseph Storn

Mat "Chaudron fêlé" huet den 22 Joer ale Maxime Weber e Sonndeg d'Jury an der Kategorie vun den 18 bis 26 Joer alen Auteuren iwwerzeegt. De jonke Mann, dee sech och als Blogger ee Numm gemaach huet, hätt mat sengem Text eng "Mëschung tëscht Jim Jarmusch a Woody Allen" virgeluecht, sou de Fazit vum Martine Forty, Vesna Andonovic, Damien Ney, Jérôme Jaminet, Thomas Schoos a Pit Hoerold. Déi Jonk hunn hier Texter iwwregens net nëmme selwer geschriwwen, mee och viru Publikum a Jury virgedro, béid Performancen si bewäert ginn.

Weider Präisser an derselwechter Kategorie goungen u folgend Auteuren:

"Jury hat et net einfach"

Samschdes schonn war d'Präisiwwerreechung fir d'Kategorie vun de Jonken tëscht 12 a 17 Joer, grad wéi Sonndes am Café littéraire vum Beetebuerger Jugendhaus. Hei goung den 1. Präis ass un dat 17 Joer aalt Délali Amega fir säin engleschsproochegen Text "One shade of Black", ee sozialkriteschen Text an där d'Délali sech op eng poetesch, kritesch a gläichzäiteg witzeg Manéier mat senger Hautfaarf ausernee setzt. D'Délali Amega kënnt vun der Guadeloupe a lieft zanter véier Joer ze Lëtzebuerg.

Weider Präisser an därselwechter Kategorie goungen u folgen Auteuren:

"D'Jury huet sech et net einfach gemaach", dee Saz war e Samschdeg grad wéi e Sonndeg ze héieren. Souwuel an der Kategorie 12-17 Joer an 18-26 Joer war et fir d'Jury, eegenen Aussoe no, net einfach déi bescht Texter erauszepicken.

Zil vum Prix Laurence ass et, besonnesch jonke Schrëftsteller eng Plattform ze bidden, op där si sech op hier Manéier mam geschriwwene Wuert a Form vu Prosa oder Poesie ausdrécke kënnen. Gläichzäiteg sollen si d'Méiglechkeet kréien mat méi confirméierten Auteuren, grad wéi mat Editeuren a Kontakt ze kommen. Dëst Joer hu 40 jonk Auteuren mat 79 Texter matgemaach, an dat op däitsch (41), englesch (25), lëtzebuergesch (8) a franséisch (5). 41 Gedichter an 38 Prosatexter goufen agereecht.