Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Premières amours -12 auteurs luxembourgeois

Buchkritik

Premières amours -12 auteurs luxembourgeois

Editions Phi huet e Buch mam Titel "Premières amours" erausginn. Zwielef Lëtzebuerger Autorinnen an Auteure si gefrot gi sech a kuerze Geschichten an der Sprooch vun hirem Choix zum genannte Sujet auszedrécken. D'Valerija Berdi mat hiren Andréck vun dëser Anthologie.

auto_stories

4 min

Wann een den Ausdrock éischt Léift héiert, da kommen ëmmer Erënnerungen op, a wat esou flott a spannend ass, do huet jiddwereen eng aner Geschicht ze erzielen. Esou geet et och den 12 Autorinnen an Auteuren, déi an der Serie Aphinités bei Editions Phi hier Erënnerungen an Iwwerleeungen iwwer déi éischt Léift oder Léifte literaresch verschafft hunn.

E Generatiounsënnerscheed

De Choix vun den Autorinnen an Auteuren , deen d' Corina Ciocarlie, Sproochewëssenschaftlerin, Literaturkritikerin a Mataarbechterin bei Editions Phi hei gemaach huet, ass an dem Sënn interessant, datt si generatiounsiwwergräifend gesicht huet, vun engem Jean Bürlesk, Joergang 1992 bis e Lambert Schlechter, deen dëst Joer säin 80. Gebuertsdag feiert.

An dës Generatiounsënnerscheeder spigelen sech dann och an de Geschichten zeréck. Déi eng ginn d'Saach mat méi Humor un, wéi d'Anja di Bartolomeo, där hier éischt Léift kengem liewege Wiese gegollt huet, mee engem Spuerschwäin, dat si mat Passioun, Gedold an groussem Engagement eruewert huet.

Verschidden Zorte vu Léift

Premièrs amours - am Pluriel - net just am Titel vum Buch, mee och an den eenzele Geschichte geet et seelen ëm eng éischt Léift.

"Il n'y a jamais qu'un seul premier amour, ils sont plutôt - et c'est tant mieux - plusiers. Et bien divers en genre", schreift de Ian De Toffoli an och bei him geet et net exklusiv ëm Mënschen, mee ëm Musek, Literatur an eng däitsch Dogg.

D'Carla Lucarelli geet éischter pragmatesch un d'Jugendléiften erun, déi net ëmmer esou erfëllend war an de Jean Bürlesk erzielt ganz intimistesch, beréierend a mat enger anstänneger Portioun Selbstironie iwwer Léiften, déi net waren an net sinn.

De Jean Portante bezeechent sech als" Collectionneur des premiers amours" an och de Lambert Schlechter geet wäit iwwer d'Grenzen eraus - an de geographeschen, emotionalen an nostalgeschen.

Bei der Elise Schmit ginn d'Gedanken un d'Tatta Tilly. Si beschreift wéi si des Fra als Kand erlieft huet a stellt sech d'Fro iwwer hier Gefillswelt.

Mam Georges Hausemer, schéin och e Bäitrag vu verstuerwene Lëtzebuerg Auteur hei ze liesen, fänkt d'Geschicht dann am typesch Hausemer-Stil un: "Sonja mochte ich nicht. Am liebsten hätte ich sie umgebracht."

Een intimistesche Sujet

Interessant an dëser Anthologie ass, datt een, wann een d'Literatur vun den eenzelen Autorinnen an Auteure kennt, een se direkt erëm erkennt. Net just wat se schreiwen, mee virun allem wéi si schreiwen, wéi se dësen dach intimistesche Sujet uginn, wéi vill se, egal ob Fiktioun oder Realitéit, vu sech selwer Präis ginn.

Domat sinn elo net déi emotional Erfarunge gemengt, mee d'Approche zu dëser Thematik, déi den Nico Helminger mam Buschtaf M verbënnt an d'Nathalie Ronvaux eis e geheimnisvoll Gäert entféiert, awer och Erënnerungen erwächt un déi kitscheg Cartoone vun der Kim Casali: L'amour c'est... an drop hier Äntwerte gëtt, déi an engem Steen ze fanne sinn.

Mam Florent Toniello mécht een eng musikalesch a literaresch Weltrees, déi laang virun der Gebuert vum Auteur ugefaangen huet, fir am Beetebuerger Park unzekommen an de Pierre Joris ass dann och iwwerzeegend a sengem radikale Plädoyer: "Against first love".

E puer Bemolen

E Potpourri un Iwwerleeungen, Erënnerungen, Temoignagen, Reesen an d'Fantasie, an d'Vergaangenheet, Exkursen an déi eegen an an déi friem Literatur, dat eegent a friemt Liewen an d'Fro, wat ass d'Erënnerung, wat ass vun hier bliwwen a wéi fiabel, sënnvoll a reell ass se? Wéi entwéckelt sech de Mënsch a seng Léift(en) a firwat a fir wien empfënnt een se?

D'Buch ass mat Fotoen aus der Stater Fotothéik illustréiert, mat méi oder manner verléifte Koppelen als Motiv.

E puer Bemole sinn awer ze verzeechnen. Déi meescht Geschichte sinn einfach ze kuerz, et spiert een, datt et do méi ze soe gouf, datt de Lieser méi liese wollt. Ze kuerz fir sech e Bild vum Stil an der literarescher Approche vun de Schreiwenden ze maachen an da kënnt awer och d'Fro op, wisou beim Choix vun der Literaten d'LGBTQIA inexistent ass.