Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portrait vun engem Crazy Pop-Museker

ArteKino Festival

Portrait vun engem Crazy Pop-Museker

Trash-Entertainer oder authentesche Museker? Den Documentaire "Sébastien Tellier: Many Lives" versicht hanner déi franséisch Popvedette ze kommen. Selektioun vum ArteKino Festival.

auto_stories

3 min

Den ArteKino Festival, dee vum däitsch-franséische Kultursender Arte organiséiert gëtt, feiert dëst Joer seng fënneft Editioun. An der Selektioun sinn zéng Filmer vu jonke Realisateuren, déi eng Zort Panorama vum europäeschen ''art et essai''-Kino a senger ganzer Diversitéit sollen duerstellen. De ganze Mount Dezember kënnen dës Filmer gratis um Site vum ArteKino Festival gekuckt ginn.

Ënner dësen zéng Longmetragen ass een Documentaire, nämlech de Portrait vun engem franséische Popmuseker, dee sech a gutt zwee Joerzéngten eng international Unerkennung erschafft huet: ''Sébastien Tellier: Many Lives'', esou den Titel vum François Valenza sengem 80 Minutte-Wierk.

Trash-Entertainer?

Et war schonn eng gutt Iddi fir ze kucken, wat wierklech hanner dem Personnage Sébastien Tellier stécht, virun allem bekannt fir säi barocke Schmuddel-Look aus laangen Hoer, Baart a schwaarzem Sonnebrëll.

De grousse Public hat dëse physesch imposanten Typ 2008 beim Concours Eurovision de la chanson entdeckt, wéi hie mat engem Golf Cart op d'Bün gerullt koum. Mee dat sollt net déi eenzeg Provokatioun vum Owend sinn: de Sébastien Tellier hat mat ''Divine'' en engleschsproochegt Lidd presentéiert, eng Première fir Frankräich beim Eurovision. Ass do dann elo méi dohannert wéi just rengen Trash-Entertainment?

Crazy Pop

De Film ass relativ klassesch, ganz am Stil vun den dacks interessante Museker-Portraiten, déi ee reegelméisseg op Arte gesäit. Deen heiten ass chronologesch opgebaut, hieft déi markant Etappen am Sébastien Tellier senger Entwécklung ervir. Vermëscht ginn Archiv-Biller (vu Concerts- an Tëleeoptrëtter, vu Studio-Sessiounen an anere méi private Videoen) mat enger ganzer Rei vun Temoignagen.

Zu Wuert komme Produzenten a Museker, déi entweder dem Tellier seng Karriär vun no begleet hunn oder awer iergendwa mat him ze di kruten, vun onbekannte Leit bis hin zu Vedettë wéi Jean-Michel Jarre, Christophe oder nach Nicolas Godin vum Elektro-Duo Air.

Als ''crazy pop'' huet de Sébastien Tellier säi Museksstil beschriwwen, anerer schwätze vun engem labberen a melancholesche ''psychédélic à la française''. Skurrilitéit a musikaleschen Usproch schénge scho vun Ufank un Hand an Hand gaangen ze sinn. Den Image vum versoffenen an drogéierte Strummert, dee sech net all ze eescht hëlt, engersäits.

Musikaleschen Usproch

Anerersäits dann och Kollaboratioune wéi déi 2006 mam legendären Drummer Tony Allen fir säi bekannt Stéck ''La Ritournelle''. Fir de plastesche Kënschtler Xavier Veilhan, mat deem hien zesummegeschafft huet, wëllt den Tellier souwuel de grousse Public wéi och d'Avant-garde uschwätzen. De Jean-Michel Jarre vergläicht hie mam Léo Ferré, an deem seng Tendenz fir op der Bün en dräi Minutte-Stéck debordéieren ze loossen.

Duerch de Choix vun den Albumen, op déi e sech besonnesch konzentréiert, léisst de Film ganz gutt d'Progressioun an där Karriär novollzéien, musikalesch, mee och déi verschidde Personnagen, déi sech den Tellier periodesch fir sech erfonnt huet. Mam Album ''My God is Blue'' vun 2012 hat seng Megalomanie e virleefegen Héichpunkt erreecht: de Kënschtler hat sech als Guru inzenéiert. ''Il aime à mêler le sublime et le minable'', erkläert ee vu senge Museker-Kolleegen.

Zeréck an de Studio

Och wann de Sébastien Tellier nach dëst Joer eng nei Aarbecht verëffentlecht huet, setzt de Film de Schlusspunkt am Joer 2014. Mam Album ''L'Aventura'' hat hie sech op eng gewësse Sobrietéit zeréckbesënnt, mat engem Retour zur Kandheet.

Déi deementspriechend Sequenz gëtt och net méi mat Biller vun üppegen an exzessive Live-Optrëtter illustréiert, mee hei si mer zeréck am Studio, einfach nëmme mat den Instrumenter a mat anere Museker. Am Fong fir ze ënnersträichen, datt et do ass, wou et zielt: alles virdrun, dat war Show.