Nominatioun Polemik ronderëm déi nei Directrice vun der BNL

Net jiddwereen ass glécklech mam Choix vun der neier Directrice vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, der Franséischproff an LSAP-Politikerin Joanne Goebbels, déi den 3. Juli de Poste vun der Monique Kieffer iwwerhëlt. D'Valerija Berdi huet bei verschidden Deputéiert nogefrot an och d'Kulturministerin Sam Tanson huet hir Erklärunge ginn.

Valerija Berdi / cbi

BNL
D'Nationalbibliothéik um Kierchbierg. Foto: Luc Boentges (Archiv)

D'Kulturministerin Sam Tanson seet, datt sech ganz facettëräich Leit fir d'Plaz als Directrice oder Direkter vun der BNL gemellt hätten.

"Mir hunn eben opgrond vun de verschiddenen Erausfuerderungen, déi sech an der Bibliothéik stellen, déi een ebe muss kënne meeschteren an den nächste Joren, eis fir d'Joanne Goebbels decidéiert, well si definitiv menger Meenung no déi beschte Kandidatin war, déi sech hei gemellt huet."

D'Joanne Goebbels hätt déi néideg Viraussetzunge fir all déi ënnerschiddlech Missioune vun der Nationalbibliothéik ze bewältegen, seet d'Sam Tanson.

Nieft der Recherche wier déi edukativ a sozial Missioun e ganz wichtege Volet vun enger Bibliothéik an d'Nationalbibliothéik wier e wichtegen Acteur vum Kulturliewen zu Lëtzebuerg a wier an engem ganz enken Dialog mat anere kulturellen Instituter vum Land. Et wier wichteg d'Kanner vum jonken Alter un un d'Welt vum Buch erunzeféieren, seet d'Sam Tanson.

"D'Bibliothéik ass e grousse Betrib vun 100 Leit, sou datt et och net onwesentlech ass, datt een och eng Persoun huet, déi déi néideg Capacitéiten huet fir déi Leit ze leeden, fir zesumme mat hinnen d'Bibliothéik an déi nächst Etappen ze féieren, sou datt och dat eben eppes war, wat an de Profil eragefloss ass."

Kritik vun der ADR

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ass awer guer net dovun iwwerzeegt, datt d'Joanne Goebbels dem néidege Profil gerecht gëtt. Et wier eng Persoun gesicht ginn, déi Erfarung am Beräich "Sciences de l'information et de la gestion documentaire hätt" (ndlr: An der éischter Ausschreiwung an och an der zweeter Ausschreiwung war dat als méiglechen Atout an net als Konditioun gefrot). Dat wier net de Fall gewiescht, an d'Joanne Goebbels hätt och net déi néideg Erfarung an den Technologien an am Numérique.

D'Nationalbibliothéik wier eng Bibliothéik vun den Etüden a vu Recherche, mee d'Joanne Goebbels hätt keen Doktorat an och keng wëssenschaftlech Publikatiounen, si wier dohier "net qualifizéiert", fënnt de Fernand Kartheiser. D'Joanne Goebbels hätt dowéinst och Problemer d'Bibliothéik international ze representéieren, fir dem Land "eng gewësse Kredibilitéit an deem Beräich" ze ginn.

Beim Ausschaffe vum Profil wier och iwwer d'Grenzen eraus gekuckt ginn, seet d'Sam Tanson:

"Mir hunn eis natierlech och inspiréiert un der Situatioun am Ausland, a wann een do déi auslännesch national Bibliothéike kuckt, da stellt ee fest, datt och hei d'Nominatioune vun den Direktere wierklech op ganz ënnerschiddlech Profiller zeréckgräifen. Et gëtt net de klassesche Studiegang fir Direkter vun enger Nationalbibliothéik ze ginn."

D'Sam Tanson weist drop hin, datt d'Profil vum Kandidat bewosst méi vag gehale gouf. Et hätt een de Profil esou oppe wéi méiglech wëllen halen, "well eben och d'Missioune vun der Bibliothéik ganz variéiert sinn". Et wier wichteg gewiescht eng Persoun ze fannen, déi déi néideg Kompetenzen hätt fir déi ënnerschiddlech Missioune vun der Bibliothéik ze regroupéieren an ënner hirer Hand ze leeden.

Bibliothekär wier keng Viraussetzung gewiescht

D'Associatioun vun den Bibliothekären, Archivisten an Documentaristen, kuerz ALBAD, huet an engem Pressecommuniqué hir Enttäuschung doriwwer matgedeelt, datt kee vun de qualifizéierte Bibliothekären, dee postuléiert hat, zeréckbehale gouf.

D'Djuna Bernard, Presidentin vun der Kulturkommissioun betount, datt de Posten net als Bibliothekärsposten ausgeschriwwe gi wier. Deemno wier déi Qualifikatioun keng Konditioun, fir dee Posten ze kréien.

"Allgemeng ass de Choix vun der Persoun eng personell Regierungsdecisioun, déi ech net a Fro stellen, an donieft fannen ech, datt d'Joanne Goebbels mat hirem Background aus der Educatioun an dem Management vun enger Bildungsariichtung, mee natierlech och hiren Etüden an der Literatur duerchaus vum Profil dohin ze passe schéngt."

Och d'Octavie Modert vun der CSV huet d'Bedeitung vun der Nationalbibliothéik um nationalen an internationale Plang ervirgehuewen an och op de wëssenschaftlechen Aspekt higewisen. Och si stellt sech d'Fro iwwer d'Prozedur vun der Ausschreiwung. Si freet sech ënner anerem, wisou de Posten zweemol ausgeschriwwe gi wier:

"Waren net genuch Kandidaten do? Waren net déi richteg Kandidaturen do, war dat duerno anescht bei der zweete Kéier? War de Profil geännert gi bei den zwou Ausschreiwungen? Hu sech aner Leit gemellt? Hu sech och Leit hausintern gemellt?"

D'Octavie Modert fënnt, datt dat Froe sinn, déi ee stelle misst, mee si erwaart sech dorop awer keng Äntwert.

Recours géint d'Decisioun

Verschidde Medien hu gemellt, datt den Thierry Hirsch, deen als ee vun zwee Finalisten net zeréckbehale gouf, Recours géint déi Decisioun vun der Nominatioun ageluecht huet. Och d'ADR wëllt dës Decisioun net acceptéieren, seet de Fernand Kartheiser:

"Mir wäerten als ADR an där Sëtzung, déi mir gefrot hunn, d'Madamm Tanson virun hir Verantwortung stellen, de Virworf vum Favoritismus steet hei ganz, ganz grouss am Raum an ech mengen, d'Madamm Minister muss ganz gutt Erklärunge ginn, fir déi heiten Nominatioun iergendwéi plausibel duerzestellen."

D'Joanne Goebbels war zu dësem Zäitpunkt net bereet, eis en Interview ze ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

BNL
Bibliothéik

Dat neit Gebai vun der Nationalbibliothéik huet hir Dieren dem grousse Public opgemaach. Zéng Joer huet d'Planifikatioun a fënnef Joer d'Konstruktioun gedauert. D'Valerija Berdi huet Andréck aus dem neie Gebai.

Bicher an enger Bibliothéik
Mammutprojet

Enn September soll d'Nationalbibliothéik am neie Gebai um Kierchbierg hir Dieren opmaachen. Déi Responsabel erklären d'Plënneraktioun vun 1,8 Milliounen Dokumenter an 200.000 Bicher fir den neie Liessall.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen