Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pit Schlechter krut de Lëtzebuerger Buchpräis

Lëtzebuerger Buchpräis

Pit Schlechter krut de Lëtzebuerger Buchpräis

D'Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis si bekannt. An der Kategorie Literatur gouf de Pit Schlechter fir säi Wierk "De Fléiepëlz" ausgezeechent.

auto_stories

3 min

D'Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren setzt all Joer eng nei Jury zesumme fir déi bescht Publikatiounen an de Kategorië vu Literatur, Sachbicher a Kanner- a Jugendliteratur auszewielen.

Fir d'Sachbuch ass de Choix op "Luxembourg-Lorraine au Moyen Age" vum Philippe Stachowski, Jean-Jacques Sitek & Jean-Marie Blaising (Editions Gérard Klopp) gefall.

An der Kategorie Kanner-a Jugendliteratur huet sech de Jury fir d'Kannerbuch "Watgelift?" vun der Isabelle Hild an dem Andréi Clontea entscheet, dat am Perspektiv-Verlag erauskomm ass. D'Kannerbuch huet och de Publikumspräis gewonnen.

E weidere Präis gouf et nach fir den Design, an deen ass un de Robert L. Philippart & Christian Aschman gaangen, fir hier Publikatioun, "Le difficile chemin vers la grande ville, regards croisés sur l'œuvre de Paul Retter" gaangen, wat bei éditions guy Binsfeld eraus komm ass.

"Einfach erfrëschend"

Fir d'Literatur ass dem Pit Schlechter säi Wierk "De Fléiepëlz" (Edition Kremart) ausgezeechent ginn, Dozou de Jemp Schuster, Member vum Jury mat der Begrënnung fir de Lëtzebuerger Buchpräis fir "De Fléiepëlz"

"Wann een den Titel liest "Fléiepëlz", dann denkt een: Fléiepëlz? wat ass dat do dann? an do fänkt hien un domat ze spillen, mat der Sprooch ze spillen, Fléiepëlz ass jo op Däitsch eigentlech den Fliegenpilz, deen ass och an der Illustratioun, et ass de Pit Weyer, deen d'Illustratioune gemaach huet an dat ganz flott duerstellt. An esou geet et och weider am Buch. Et si kuerz Geschichten, et sinn Anekdoten, an et ass einfach erfrëschend, wéi hien mat der Sprooch spillt, wéi hien al Wierder erëm sicht, an da probéiert nei Wierder, déi et haut ginn, op d'Schëpp ze huelen, déi nei Ausdréck op d'Schëpp ze huelen. Mee hien geet och ganz déif, hien geet philosophesch , etymologesch a literaturwëssenschaftlech drun erun. Et ass näischt Iwwerflächleches, et ass eppes, wat an d'Déift geet, mee wat dech och ëmmer erëm esou mam falsche Fouss erwëscht. Wann s du mengs, da mécht hien eng Kéier an da fiert hien den anere Wee weider. Et ass ganz flott ginn."

A senger Ried, huet de Vizepresident vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, de Marc Binsfeld op déi schwiereg Situatioun vun den Editeuren opmierksam gemaach.

Duerch déi enorm Erhéijung vum Präis vum Pabeier, den iwwer 30 Prozent an d'Luucht gaangen ass, wier de Secteur an enger prekärer Situatioun.

Walfer Bicherdeeg

De Lëtzebuerger Buchpräis gouf am Kader vun de Walfer Bicherdeeg verginn, déi hir Dieren de Samschden an de Sonnden op maachen.

Sonndes ass och de radio 100,7 mat derbäi an dat um 11 Auer am Café Littéraire mat der Emissioun "Déi wonnerbar Valibraire", déi och live op eiser Antenn iwwerdroe gëtt.