Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Land of Mine" ass grousse Gewënner

Filmfestival 2016

"Land of Mine" ass grousse Gewënner

De Präis fir dee beschte Film, de Präis vum Public an de Präis vum jonke Jury ginn un den däneschen Nokrichsdrama "Land of Mine". Déi tschechesch Produktioun "Mallory" gëtt beschten Documentaire.

Maxi Pesch / ys

auto_stories

4 min

Martin Zandvliet (Realisateur) a Mikael Rieks (Produzent)

"Land of Mine" huet sech an der Kompetitioun géint néng aner Fiktiounsfilmer duerchgesat. Den Drama vum Martin Zandvliet erzielt d'Geschicht vu jonken, däitsche Krichsgefaangener, déi nom zweete Weltkrich an Dänemark Minne mussen entschäerfen.

"Ee grousse Realisateur"

D'Gabrielle Lazure ass Member vum Jury. Dem Martin Zandvliet säi Wierk hätt alleguerten d'Qualitéiten déi ee Film misst hunn. Souwuel Geschicht, wéi och d'Acteureféierung wäre perfekt, sou déi kanadesch Actrice. "Et spiert ee wierklech, datt ee grousse Realisateur hannendru steet. Hien huet nach net vill Filmer gemaach, awer et ass net vun ongeféier, datt hien iwwerall sou vill Präisser gewënnt."

Et wiere vill däischter Filmer an der Competitioun gewiescht, dorënner och "Land of Mine". Den Ënnerscheed wier d'Hoffnung. Beim dänesche Film géif déi mënschlech Säit um Enn d'Iwwerhand huelen.

De Martin Zandvliet hätt sech net erwaart, datt "Land of Mine" als grousse Gewënner beim Lëtzebuerger Filmfestival ervir géing goen. Et kéint ee sech ni sécher sinn, ob een de Public mat senger Aarbecht géif beréieren, esou de Realisateur. Hien hätt probéiert eng ''lokal'' Geschicht ze erzielen, déi am Endeffekt zu enger "globaler" Geschicht gi wär.

De Martin Zandvliet um Mikro vum Michel Delage

De Plot vum dänesche Long-Métrage ass net komplizéiert. Awer de Realisateur bréngt et fäerdeg, d'Spannung iwwer 100 Minutten ze halen. Hie schafft mat einfache Mëttele vum Kinos-Handwierk: All Moment kann eng Minn lass goen, awer kee weess wéini.

Deen nächste Film vum Martin Zandvliet handelt vun der japanescher Mafia.

D'Mention spéciale vum interntaionale Jury goung un den tierkesche Film ''Frenzy''. Ee paranoid Andauchen an en aarme Quartier vun Istanbul.

Vill interessant Documentairen

Vun den aacht Documentaire-Filmer huet déi tschechesch Produktioun ''Mallory'' sech duerchgesat. Ee Film iwwert eng fréier drogenofhängeg allengerzéiend Mamm, déi ëm d'Iwwerliewe kämpft. D'Kamera vun der Helena Trestikova begleet d'Mallory iwwer siwe Joer duerch ee sozialen Drama. De Film beweist eng grouss Empathie vis-à-vis vun de Mënschen um Bord vun der Gesellschaft.

Dem Antoine Compagnone vum Jury ass virun allem d'Aktualitéit vum Sujet opgefall: "Et ass eng Geschicht iwwer den Néant. Si steet op, si fält an erkritt sech nees. Ech mengen, dass dat haut d'Liewe vu ville Mënschen ass. Dofir hu mir dëse Film gewielt."

 

Alleguerten d'Dokumentarfilmer wieren interessant gewiescht, esou den Antoine Compagnone. Just dem Michael Moore seng neiste Produktioun "Where to Invade Next" hätt senger Meenung no missen hors compétition gewise ginn. "Dat ass een Här, deen iwwer jidderengem steet, a mir konnten net fir dësen Här wielen."

D'Mention speciale vum Documentaire-Jury goung un de Film ''Sonita'' vun der iranescher Cineastin Rokhsareh Ghaem Maghami. En erziel vun enger jonker afghanescher Fra, där hir Eltere si wëlle verkafen.

"Als Persoun wuessen"

De Kritikerpräis geet un déi schwedesch Produktioun "The Here After" vum Magnus von Horn. De Film handelt vun där schwiereger Re-Integratioun vun engem kriminelle Jugendlechen. Virun allem den Haaptacteur Ulrik Munther stécht eraus. Dobäi stoung hie fir d'éischte Kéier virun enger Kamera: "Et war eppes komplett Neies, an eppes wat sech einfach reell ugespiert huet. Ech hu mir geduecht, datt ech doduerch als Persoun villäicht wuesse kéint. Dofir sot ech jo zum Film. Ech sinn immens frou iwwer meng Entscheedung. Ech hoffen, datt ech iergendwann nees eng Kéier d'Chance kréien fir Acteur ze sinn."

Den Ulrik Munther freet sech um Ecran iwwer de Präis vun de Kritiker

D'Kritiker hunn den däitsche Film ''Wild'' vum Nicolette Krebitz mat enger Mention speciale geéiert. Dëst Wierk beschreift eng bizar sensuell Bezéiung tëschent enger jonker Fra an engem Wollef.

De Coup de Coeur vun de Kanner geet un den däitsche Film ''Rettet Raffy'' vum Arend Agthe. Déi jonk Jury huet sech och fir "Land of Mine'' entscheed.

Bei där sechster Editioun vum Luxembourg City Filmfestival goufen iwwer 20.000 Spectateure gezielt.

Den Antoine Campagnone am Gespréich mam Maxi Pesch