Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Päerd sinn och nëmme Mënschen

Cabaret

Päerd sinn och nëmme Mënschen

De Freideg 22. Abrëll huet 'Päerd sinn och nëmme Mënschen' am Mierscher Kulturhaus d'Première gefeiert. E literaresche Galopp op zwee a véier Been a klassesche Cabaret mat Texter vu lëtzebuergeschen an däitschen Auteuren.

auto_stories

4 min

Rudi Schubert, Véronique Kinnen, Sabine Rossbach, Mars Klein

De klassesche Cabaret bréngt de Mars Klein rëm zréck op d'Bühn. Mat him a senger neier Equippe erliewen ënnert anerem den Tucholsky, de Ringelnatz, den Heine an d'Kaleko, sou wéi de Rodange an de Manderscheid e musikalesche Revival. De Museker Rudi Schubert, déi klassesch Sängerin Véronique Kinnen, déi professionell Schauspillerin Sabine Rossbach bidden eng spannend Symbios aus kuerzer Prosa, Gedichter, Chanson a Zeenen.​

Literaresche Cabaret

Am "Chat noir" um Montmartre huet et 1881 ugefaangen. De Rodolphe Salis huet d'Diere vir den éischte literaresche Cabaret zu Paräis opgemaach a bis haut erlieft de Cabaret weltwäit Succès bei den Duersteller a beim Publikum. Comedy, stand-up comedy si lo weiderentwéckelt Forme vun dëser sougenannter Kleng-Konscht. De Mars Klein huet sech mat sengem Programm op d'Urspréng vun der satiresch-ästhetescher Duerstellung beruff a bréngt eng klassesch Cabarets-Virstellung op d' Bühn.

Zwee mol 45 Minutten si gefëllt mat nodenklechen, satireschen, gesellschafts-kriteschen a pointéierten Texter.

De Medium vun den Texter an der Musek

Déi véier Kënschtler vu 'Päerd sinn och nëmme Mënschen' sinn eng Equippe, déi sech fonnt huet. "Et geet net ëm eis duerzestellen fir eis duerzestellen, och wa mir et duerstellen." Dem Rudi Schubert wier et wichteg, datt wann een op der Bühn steet, een enger Saach déngt an net onbedéngt Persounen-Kult bedreift. "Du bass e Vehikel", ergänzt d'Sabine Rossbach.

An dësem Stéck, géing et kee politesche Message ginn, esou de Mars Klein. "Dat hei ass e potpourri vu gudden Texter".

"Mir sangen eigentlech ouni Nouten"

Well en eng Mëschung wier tëscht klasseschem Gesang a Spriechgesang, géing de Gesang am Stéck op Improvisatioun berouen, esou de Rudi Schubert: "Quitt, datt d'Melodien natierlech festgehal sinn, huet awer jidderee nach seng Fräiheeten seng Gefiller natierlech ze follegen."

D'Päerd ass och nëmmen e Mënsch?

"Ich bin ja nur der Droschgengaul, doch philosophisch regsam. Der Fress-Sack, der Fress-Sack hängt mir kaum ums Maul, da werd ich überlegsam."

Nächst Opféierungen: