Radioen

On air

Notturno  |  Laraaji - I Can Only Bliss Out (F'Days)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Sich no Lëtzebuerg

Festival de Cannes 2019

Op der Sich no Lëtzebuerg

Zu Cannes brécht Lëtzebuerg dëst Joer säin eegene Rekord. Nieft Projeten an der virtueller Realitéit si véier Lëtzebuerger Co-Produktiounen um Filmfestival vertrueden. Vun Animatioun iwwer Drama bis zur Comédie.

auto_stories

4 min

Ugefaange mat "Les Hirondelles de Kaboul", een Animatiounsfilm vum Zabou Breitman et Eléa Gobbé-Mévellec - co-produzéiert vu Melusine Production.

De Film ass eng Adaptatioun vum Yasmina Khadra sengem Roman mam selwechten Titel. En erzielt den Alldag vun zwou Koppelen an Afghanistan ënner dem Regime vun den Taliban. D'Adaptatioun ass mat Aquarell Faarwen animéiert. Duerch déi douce Téin entsteet e Kontrast zur Brutalitéit am Alldag. Eng Brutalitéit, déi speziell an engem Animatiounsfilm méiglech wier, erkläert de Stéphan Roelants, Lëtzebuerger Co-Produzent.

"D'Animatioun fir Erwuessener ass am Ufank vu hirer Carrière. Et kann ee schwiereg Sujete mat enger gewësser Distanz erzielen, mat enger gewësser Poesie. D'Spectateure kënne sech méi goe loossen, sech méi iwwerzeege loossen."

Niewent der Animatioun spillt den Toun am Film eng spezifesch Roll. En dréit zu der Brutalitéit zu Kabul ënner dem Taliban Regime bäi.

"Mir wollten, datt déi ganz Aggressivitéit och duerch de Sound gutt eriwwer kënnt. Zum Beispill wann d'Taliban mat hirem Camion ronderëm fueren, do gëtt et eng Form vu Krispatioun."

"Les Hirondelles de Kaboul" ass och e Film géint d'Oppressioun vun der Fra.

Eng afghanesch Co-Produktioun

Ee weider Long Metrage, dee sech zu Kabul ofspillt an zu Cannes an der Quinzaine des Réalisateurs leeft ass "The Orphanage" vun der afghanescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat. Een Drama iwwer een afghanescht Weesekand, dat an der Strooss vu Kabul Kinostickete verkeeft. Co-produzéiert gouf de Film vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Samsa. De Jani Thiltges erkläert, wéi et zu dëser Renconter koum.

"Mir hunn e ganz spezielle Slot am Filmfong fir Cineworld Filmer. Filmer, déi wäit hierkommen. A fir mech war et wichteg fir enger afghanescher Realisatrice, déi schonn zu Cannes war, an et gëtt nëmmen eng, ze hëllefen, ee méi en deieren a komplexe Film ze maachen."

E Film a galizescher Sprooch

En drëtte Fiktiounsfilm gouf vun Tarantula co-produzéiert. "Viendra le feu" realiséiert vum franséisch-spueneschen Oliver Laxe. Et ass säi véierte Film an deen éischte Film, deen an der galizescher Sprooch um Festival gewise gouf. De Co-Produzent Donato Rotunno beschreift de Film als intimistesch.

"Et geet ëm e Mënsch, deen aus dem Prisong kennt an nees a sengem Duerf lant. E war am Prisong, well hie Feier an engem Bësch ugefaangen huet. An et ass eng Allegorie iwwer d'Gesellschaft."

"Viendra le feu" ass e Film, deem seng Simplicitéit a ganz eegen Atmosphär am Kapp bleift.

E Labyrinth vun der Vergaangenheet

Manner dramatesch a méi theatralesch ass "Chambre 212" vum Christophe Honoré mam Chiara Mastroianni a Vincent Lacoste. Co-produzéiert vu Bidibul Productions. De Film erzielt d'Geschicht vun enger Koppel an der Kris. Ee Labyrinth vun der Vergaangenheet trëtt op eemol op. E Film, dee wéi en Theaterstéck geschriwwen ass an Experimenter zouléisst, erkläert de Christophe Honoré.

"De Film gouf quasi ganz am Studio gedréit. De Studio huet de Virdeel, datt ee méi relax mat den Acteure ka schaffen. Et kann een d'Acteure méi physeschen Asaz froen. An et stëmmt, datt ech am allgemengen éischter wéineg psychesch Direktioune ginn, mee op där anerer Säit hunn ech gäre wann d'Mouvementer an d'Geste stëmmen. "

Fir d'Chiara Mastroianni ass et déi véiert Kollaboratioun mam franséische Realisateur. An hirer Roll als Fra, déi e männleche Cliché spillt, huet si dem Christophe Honoré vertraut.

"Ech mengen net, datt ech capabel gewiescht wier dëse Film am Ufank vun eiser Renconter ze dréien. De Christophe huet mech ëmmer gepushed. Am leschte Film hunn ech missten danzen, obwuel ech ni viru Leit danzen. Hien huet alles lues a lues sou opgebaut. An dat, plus d'Statioun am Studio, gëtt dem Text eng gewëssen Natierlechkeet. "

Niewent de Long Métragen ass Lëtzebuerg dëst Joer och mat virtueller Realitéit dobäi. D'Produktiounsfirma A-Bahn presentéiert hei hire Film "Ayahuasca". D'Erliefnes vun der Drog ouni drogéiert ze sinn. D'Realisateure Pascal Piron a Karolina Marckiewcicz presentéiere "Fever". Eng interaktiv Experienz, wou een d'Gefill huet aus sengem eegene Kierper erauszegoen. D'Karlona Markiewicz:

"Et geet am Fong ëm Krankheet a wéi eng Perceptioun een da vum Kierper huet. Vu bannen. Natierlech ass et Konscht, et ass ganz abstrakt. An et ass eis eegen Interpretatioun. "

Niewent de Filmer huet Lëtzebuerg och e Pavillon zu Cannes fir eng 20 Produktiounsfirmen ze empfänken.