Radioen

On air

De Moien  |  King Tuff - Tell Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onfriséiert Gedanken

Een Theema, e Buch

Onfriséiert Gedanken

An der Katastroph hëlleft just nach den Humor: de polneschen Dichter a Satiriker Stanislaw Jerzy Lec (1909-1966) huet déi grouss Ëmwälzungen am 20. Joerhonnert materlieft: Krich, Totalitarismus, Persecutioun. Verschafft huet hie seng Liewenserfarung an herrlechen Aphorismen, fir déi hie berüümt gouf.

auto_stories

7 min

"Il y a très peu d'hommes qui avaient prévu au XIXe siècle qu'allait venir ensuite le XXe siècle."

Dat 20. Joerhonnert sollt dat vun den totalitäre Regimmer ginn, vu Faschismus a Kommunismus, vu Massemorden. E Joerhonnert also, wou dem Mënsch säi schlëmmste Feind de Mënsch selwer war, mat Hëllef vun der Technik.

"La technique atteindra un tel niveau de perfection que l'homme pourra se passer de lui-même."

De britteschen Historiker Eric Hobsbawm huet dat 20. Joerhonnert ''the age of extremes'' genannt. A vläicht konnt een et och just mat Humor erdroen, engem bëssegen, engem schwaarzen, engem luciden Humor, wéi dat zum Beispill de polneschen Dichter a Satiriker Stanislaw Jerzy Lec ënner Beweis gestallt hat.

"Il paraît que je suis un maître de l'humour de situation. De situations sans issue."

Brillant, paradoxal, déifgrënneg

Den italieeneschen Intellektuellen Umberto Eco huet de Stanislaw Jerzy Lec mam Karl Kraus verglach, en anere groussen Aphoristiker vum 20. Joerhonnert, och hien e mëtteleuropäesche Judd. Kéint hien d'Bicher nëmme vun engem vu béide mat op eng einsam Insel huelen, da géif hien, Umberto Eco, sech fir de Lec entscheeden. Dee wier, dem Uschäin no, méi brillant a paradoxal, géif a Wierklechkeet awer de Saache méi op de Fong goen.

"Un monde sans psychopathes ? Il ne serait pas normal.

Ce sont les nains qui font les meilleurs croche-pieds ; question de rayon d'action.

Les nains, il faut les saluer bien bas.

Les grandes époques peuvent contenir une quantité remarquable de petites gens.

La droiture humaine n'est pas le chemin le plus court pour arriver au but."

Dat mannst wat ee ka soen: dem Lec seng Texter charakteriséieren eng duerch a duerch pessimistesch Opfaassung vun der mënschlecher Natur, e radikaalt Mësstraue géigeniwwer all Form vu Muecht. Sécherlech eng Fro vu Liewenserfarung.

De Stanislaw Jerzy Lec ass 1909 am deemolegen éisträichesch-ungaresche Räich, an der Provënz Galizien, zu Lviv, an der haiteger Ukrain gebueren, als Jong vu jüddeschen Aristokraten. Säi richtegen Numm war de Tusch-Letz. Wärend dem Éischte Weltkrich ass d'Famill op Wien geplënnert. Duerno goung et zeréck op Lviv, oder Lwow, wéi d'Stad op polnesch heescht.

"Espérons que la littérature de bas étage deviendra un jour élitiste. Pour le cercle étroit des derniers crétins.

Attention ! Quand la gloire t'illumine de tout son éclat, tes ennemis ont un avantage : ils te guettent dans l'ombre."

Renommée koum eréischt nom Zweete Weltkrich

De jonke Stanislaw hat an Tëschenzäit Germanistik an Droit studéiert an hat an den 1930er Joren ugefaangen, Gedichter a satiresch Texter an diverse lénke Publikatiounen ze verëffentlechen, dorënner och kommunistesch Zeitungen. Member vun der KP gouf hien ni. Seng Aphorismen, fir déi hie spéiderhi weltberüümt sollt ginn, hat hien haaptsächlech nom Zweete Weltkrich geschriwwen a publizéiert.

"Les autres ont tout ridiculisé, or c'est moi qui recueille de façon imméritée des lauriers de satiriste."

Nom däitsch-sowjetesche Pakt vun 1939 war Lviv ënnert d'Kontroll vun der Sowjetunioun geroden. De Lec hat sech an den Déngscht vun de Kommuniste gestallt, als Propagandist. Wéi Nazi-Däitschland d'Stad 1941 iwwerfall hat, koum de Stanislaw Jerzy Lec als Judd an d'Aarbechtslager Tarnopol. Zwee Joer drop war et him gelongen, ze flüchten a sech dem kommunistesche Widderstand an der polnescher Regioun Lublin unzeschléissen. Wéi wann dat net u sech scho schwéier genuch war, gouf et an de Reie vun de polnesche Partisanen och eng Hellewull Antisemitten.

"Jamais je ne me suiciderais. Je crois en l'homme : il se trouverait toujours un assassin prêt à rendre service.

L'humanité fait quand même des progrès. Les responsables de génocides sont jugés de façon de plus en plus humanitaire.

L'homme a découvert les outils de façon successive. Mais, depuis les temps les plus reculés, l'homme a toujours été un outil pour l'homme.

Il est facile de peupler le monde. Il est facile de dépeupler le monde. Alors, où est la difficulté ?"

Kritesch Fieder ënner de Kommunisten net méi gefrot

Nom Krich, deen hien als eenzege vu senger Famill iwwerlieft hat, goung dem Lec säi mouvementéiert Liewe weider. Seng Sproochekenntnisser, seng sozial Kompetenzen, ënner anerem, haten et him erlaabt, am sowjetesch besaten Deel vu Wien polnesche Presse-Attaché ze ginn. Allerdéngs hat hie séier mat senge satireschen Texter, déi weiderhi verëffentlecht goufen, ugeeckt. D'Kommuniste konnten zu där Zäit näischt mat senger spatzer Fieder ufänken; gefrot war elo Regimm-treie sozialistesche Realismus.

"La satire ne peut jamais passer son examen avec succès ; les jurys sont composés de ceux qu'elle fustige."

1950 war de Stanislaw Jerzy Lec an Israel ausgewandert, war do allerdéngs net glécklech ginn, an dofir goung et no zwee Joer zeréck a Polen, op Warschau. Als verbuedenen Auteur hat hie sech misste mat Iwwersetzungen aus dem Däitschen, dorënner Brecht an Celan, iwwer Waasser halen.

"Certains exigent de moi que je dise : " Le monde est beau ! " Ce sont, en général, ceux qui m'en ont dégoûté.

C'est un téméraire : il mange dans la main du tyran.

D'après les angles formés par les sourires, on peut évaluer le degré de liberté.

Malheur quand la tête de celui qu'on applaudit se retrouve entre les mains de ceux qui applaudissent."

Unfrisierte Gedanken

Mam Doud vum Stalin 1956 sinn déi kommunistesch Regimmer uechter Europa méi liberal ginn, souwäit een iwwerhaapt vu Liberaliséierung konnt schwätzen. De Stanislaw Jerzy Lec konnt jiddefalls nees a Polen publizéieren, fir d'éischt seng Gedichter, da seng Aphorismen.

1957 koume seng kuerz gefaasste Gedanken oder Sätz - de Begrëff Aphorismus wollt hie selwer manner gebrauchen - eng éischte Kéier a Buchform eraus: ''Unfrisierte Gedanken'' oder ''Pensées échevelées'', wéi se jee no Iwwersetzung genannt goufen - eng Uspillung un e Vers vum Heinrich Heine: ''Schön gekämmte, frisierte Gedanken.'' Inspiréiert hat sech de Lec éischter un däitsch-sproochegen Auteuren, virop de Karl Kraus, manner un de franséische Moralisten aus dem 18. Joerhonnert, notéiert de polnesche Literaturwëssenschaftler Leonard Neuger.

"Est-ce si difficile de brûler de désir dès lors que la vie vous montre son postérieur ?

Il avait bonne conscience. Elle n'avait pas beaucoup servi.

Les valeurs éternelles n'ont malheureusement pas de date limite de réalisation.

Couronnons uniquement la tête de ceux qui en ont une.

Sésame, ouvre-toi : je veux sortir !"

De Stanislaw Jerzy Lec ass 1966 zu Warschau gestuerwen. D'Welt, an där hie gelieft hat, war eng onstabil, vu permanente Verännerunge gezeechent. Hanner dëse Wierder verstoppe sech extrem Grausamkeet, Genozid an Terror, beschreift de Leonard Neuger de Liewenskader vum Lec a sengen Zäitgenossen.

"Rêve séculaire du bourreau : se faire complimenter par le condamné par la qualité du travail exécuté.

Le rêve des esclaves : un marché où on pourrait acheter des maîtres.

Il rendit service comme un chien ; on le tua comme un chien."

Och wann hie léiwer fir seng Poesie unerkannt gi wier. Mat sengen Aphorisme war de Stanislaw Jerzy Lec a Polen e populären Auteur ginn, déi sëlleg Iwwersetzungen hunn him eng international Renommée geséchert.

"Si je suis croyant ? Dieu seul le sait.

Dis-moi avec qui tu dors, je te dirais de qui tu rêves.

Avec les rêves aussi ont peut faire des confitures. Il suffit d'ajouter des fruits et du sucre.

Pour penser, il faut avoir un cerveau, et, cela va sans dire, un être humain.

C'est très malsain de vivre. Quand on vit, on meurt.

Je tenais le bonheur par la queue ; il s'est dégagé, me laissant dans la main une plume, avec laquelle j'écris."