Et begéint ee villen a villem am Nora Wagener hire kuerze Geschichten. E Chrëschtbam, dee kee wëll sinn. Eng jonk Mamm, déi an engem Saz, deen sech iwwer sechs Säiten erstreckt, hir Roll, hir Gefiller a sech selwer a Fro stellt. Koppelen, déi nieftenee liewen. Mënschen, déi bleiwen obwuel se goe wëllen, an déi di ginn, och wann et vläicht gutt wier ze bleiwen.
Et mécht wéineg Sënn op all eenzel Geschicht vu “Larven” hei anzegoen, well et net den Inhalt, net dat wat passéiert, bedeitend ass, mee déi Intimitéit, déi d’Lieser mat de Figure während e puer Säiten deelen. Dofir hunn ech déi Momentopnamen net als kuerz Geschichten, mee als Liewensfragmenter erlieft.
Sprooch vu besonnescher Kraaft
Fragmenter, well een d’Gefill huet, et wier een e ganz rouegen an onsiichtbare Visiteur a Liewensperiode vun de verschiddene Protagonisten. Et géif een zur Dier erakommen, kucken, nolauschteren, d’Gedanke liesen, a sech erëm eraus schläiche fir dann déi nächst Dier opzemaache fir do nei Mënschen, Reflexiounen a Situatiounen ze begéinen.
Des ganz intimistesch Renconteren erméiglecht d’Nora Wagener duerch déi besonnesch Kraaft vun hirer Sprooch, déi hir eegen ass, well se ëmmer erëm erstaunt, iwwerrascht, d’Lieser fir e puer Minutten esou accaparéiert, datt een sech den Iwwerleeungen an Erliefnisser vun de Personnagen net einfach entzéie kann...
Wie ein schmuddeliger Eimer mit Schlammwasser, so fühlt sich das Licht an, wenn man nach draussen schaut.
Im Haus gegenüber: die Fenster von Unbekannten, die in Wohnzimmern hocken, in denen schon Jahrzehnte vorher Leute hockten, deren Wunschlisten immer länger wurden.
Trotzdem verändern sich unter Lampen, die ewig gleich von der Decke hängen, nur die Geschmäcker in den Zuckerschalen (Eukalyptus oder Lakritze):
Ein Stockwerk weiter oben - ein flaches Dach. Befand sich dahinter nicht der spitze Hut eines Gebäudes, das viel zu hoch geraten war? Über all diesem Wollen hängt jedenfalls Donner, knurrende Wolken, überwiegend bösartig.
Och wann der Nora Wagener hir Sprooch an hirem Buch “Larven” kloer als hir eegen erkennbar ass, si keng Widderhuelungen ze fannen, hir Metaphere sinn originell a passend, ni ze vill, ni iwwerdriwwen, ni mat den Hoer erbäi gezunn.
An och wann een hei ganz intim Momenter mat de Protagonisten deelt, huet een nimools den Androck vu Voyeurismus, well d’Nora Wagener hir Protagoniste mat vill Respekt behandelt. A gläich wéi perséinlech an no si d’Lieser un hir Figuren eru léisst, et bleift ëmmer e renge Voile dertëschent, deen déi néideg Distanz garantéiert an des Episoden zu enger ganz faszinéierender Lecture mécht.
Der Nora Wagener hir "Larven" si bei Hydre Editions erauskomm.