Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun zolitt bis ze vill soignéiert

Nei Filmer

Vun zolitt bis ze vill soignéiert

Direkt e puer Mol geet et an den neie Filmer dës Woch ëm d'Erausfuerderunge vum Papp-Sinn an ëm komplizéiert Papp-Fils-Relatiounen. Mee et geet och ëm Transsexualitéit am Dänemark vun den 1930er Joren an ëm eng Pseudo-ONG, déi an Afrika Kanner fir franséisch Adoptivelteren entféiert. Masseg Gespréichsstoff fir d'Filmkritiker.

Cléo Thoma an Tom Dockal / po

auto_stories

4 min

"Daddy's Home" vum Sean Anders, mam Will Ferrell (Utopolis Kierchbierg & Utopolis Belval): Eng "Komedie" an där ee gescheete Papp an ee Stéifpapp an der Konkurrenz sti fir Pluspunkte bei hire Kanner ze kréien. Am grousse Ganzen ass et näischt Berauschendes, do sinn d'Kritiker sech eens. Mee vläit sinn d'Kritiker alleguer Scheedungskanner, déi et net witzeg fannen un hir traumatesch Kandheet erënnert ze ginn?

"Creed" vum Ryan Coogler mam Michael B. Jordan a Sylvester Stallone (Utopolis Kierchbierg & Utopolis Belval): No Rocky 1 bis 5 a Rocky Balboa, ass dëst dee siwente Film an der Serie. An et kéint och all d'Kämpf nach emol opzezielen. Keng Suerg, verschidde vun deene Kämpf ginn a "Creed" gewisen (mat der Heldenmusek am Hannergrond). De Sylvester Stallone spillt ee gëeelsten, gebotoxten a gelifte Rocky Balboa (wann e sou weider fiert huet en den Nuebel op der Stir), mee säi Personnage ass nawell sympathesch. Am Film geet et ëm de Bouf vum Creed, dee grad wéi säi verstuerwene Papp wëll Boxer ginn. Säi Coach gëtt de Rocky, dee selwer nach sou munches opzeschaffen huet. Et kritt ee wat ee sech erwaart, well do gëtt eng Franchise nees aus den Äsche gehuewen. Um Resultat ass näischt auszesetzen.

"The Danish Girl" vum Tom Hooper mam Eddie Redmayne an Alicia Vikander (Utopolis Kierchbierg & Utopolis Belval): Den Tom Hooper ass ee behutsamen Typ, dee sech alles dräi Mol iwwerleet. Mee ee Film iwwer Transsexualitéit an den 1930er Jore brauch déi Rou an déi Reflexioun. An engem Film, deen aner Risiken agaangen a manner soignéiert wier, kéint ee sech emotional besser era fillen. Et ass een esou mat der Ästhetik vum Film beschäftegt, dass d'Geschicht een awer e bëssi kal léisst.

"Bibi und Tina 3: Mädchen gegen Jungs" vum Detlev Buck (Utopolis Kierchbierg & Utopolis Belval): Däitsche Kino fir "Young Adults". Bei den Amerikaner kritt een "Twighlight" an "Hunger Games" an déi Däitsch maache Bibi-Blocksberg-Filmer. Mee d'Konzept schéngt vill Suen eran ze bréngen, zënter 2014 ass dat hei nämlech schonn deen drëtte "Bibi und Tina", iwwer zwee Meedercher déi zaubere kënnen.

"Legend" vum Brian Helgeland mam Tom Hardy an Emily Browning (Utopolis Kierchbierg): Deen hei ass wierklech gutt. An och déi clever Marketing-Strategie mat verwirrende Plakater huet hire Charme. Et geet ëm zwee Gangster, déi am London vun de 1960er hir d'Onwiese gedriwwen hunn. D'Zwillingsbridder Cray ginn allebéid vum Tom Hardy gespillt, an dat ass impressionant ze kucken. Als Gangsterfilm funktionéiert "Legend" awer éischter mëttelméisseg.

"Les chevaliers blancs" vum Joachim Lafosse mam Vincent Lindon (Utopia): Grad wéi dem Lafosse säi leschte Film (À perdre la raison, 2012) ass dëst d'Adaptatioun vun enger authentescher Geschicht, nämlech der Affär ëm d'ONG "Arche de Zoé". Ënner dem Deckmental vun engem Entwécklunsprojet entféiert eng Pseudo-ONG an engem afrikanesche Land Kanner fir Adoptivelteren a Frankräich. De Film ass net eesäiteg: E weist Leit, déi iwwerzeegt sinn, dass se eppes Guddes maachen. De Lafosse sicht sech Themen aus, déi ee mengt gutt ze kennen a mécht eppes Iwwerraschendes draus.

"Elser" vum Oliver Hirschbiegel (Utopia): Hei geet et ëm een onscheinbaren däitsche Resistenzler. Den Elser war 1939 am Fong zimlech apolitesch, an awer iwwerzeegt, dass den Hitler muss fort. Säin Attentatsversuch scheitert, 1945 kënnt den Elser zu Dachau ëm d'Liewen. Vun der Thematik hir also fir däitsche Kino een zimlech oniwwerraschende Film, mee interessant erzielt a gutt gespillt.

Dat ganzt Gespréich vum Cléo Thoma an Tom Dockal iwwer d'Filmer, déi dës Woch nei an d'Kinoe kommen kënnt Dir hei lauschteren: