Radioen

On air

Espresso Beats  |  Surfaces - Baby Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Dynamik am Literatursecteur?

Lëtzebuerger Literatur

Nei Dynamik am Literatursecteur?

Schrëftsteller hätten haut nach ëmmer mat ville Virurteeler ze kämpfen, datt hiert Schreiwen als e léiwen, awer onwichtegen Hobby ugesi gëtt. Wéi geet et dem Lëtzebuerger Buch?

auto_stories

4 min

Et misst de Leit bewosst sinn, datt "Literatur eng Ausenanersetzung mat der Gesellschaft ass, mat soziale Problemer mat mënschlechem Verhalen, vläicht e Bléck an d'Zukunft, wéi eppes kéint sinn. Wierklech eng konkret politesch Ausenanersetzung deelweis och, déi fir mech ganz kloer op deem selwechte Level steet wéi eng parlamentaresch Diskussioun", esou de Guy Helminger.

Literatur exportéieren

Reading LX a Kultur LX hunn als Aufgab Lëtzebuerger Literatur a Kultur am Ausland ze promovéieren. Literatur kéint sech zu Lëtzebuerg net eleng behaapten, dofir wier et extreem wichteg, do zweegleiseg ze fueren, national an international, esou d'Susanne Jaspers.

D'Nathalie Ronvaux stellt fest, datt et e Besoin gëtt, dee Beruff ze professionaliséieren. "De Secteur ze strukturéieren, nei Outilen, nei Méiglechkeeten unzebidden, wierklech an d'Zukunft ze kucken, wéi mer dat Ganzt developpéieren, fir datt mer och aus där Prekaritéit erauskommen, datt Schrëftsteller zwee, dräi, fënnef Beruffer musse maachen an dann de Publikum sensibiliséieren."

Den Auteur Guy Helminger

Et géif immens vill Méiglechkeeten a Potential ginn, esou d'Nathalie Ronvaux weider, an de Guy Helminger plädéiert fir d'Schafe vun enger Plattform, fir datt een am eegene Land ugesi gëtt. Zu Lëtzebuerg géifen déi eegen Auteuren net gelies ginn, an do misst ee kucken, wourunner dat läit.

"Well ebe gesot gëtt, déi aus dem Ausland schreiwe besser, wat natierlech Quatsch ass. Natierlech hu mir keng honnerte Leit, déi international kënne mathalen, awer eng 20 Stéck bestëmmt. Et muss een op alle Fronten ufänken, an dat fänkt an de Schoulen un. Datt d'Texter vun de Lëtzebuerger an de Schoule behandelt ginn, dat gëtt jo tatsächlech elo gemaach, dat muss ee soen, dat war ondenkbar, wéi de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband gegrënnt gouf. Dat sinn esou kleng Fortschrëtter, mee do muss ee weider dru schaffen, wann dann déi Leit aus de Lycéeë kommen, da kennen déi op eemol gewëssen Nimm."

Literatur och doheem promouvéieren

Literatur ze exportéiere wier de richtege Schrëtt, mee et misst och hei eng Basis geschafe ginn, datt d'Auteure wouergeholl ginn. "Esou eppes wéi d'Rentrée littéraire, dat fannen ech eng groussaarteg Iddi, dat hätt ee scho kéinte virun 20 Joer maachen."

Déi nei Associatioun A:LL Schrëftsteller*innen, déi sech fir d'Rechter vun den Auteuren asetzt, wier elo amgaang d'Besoinen ze identifizéieren an d'Revendicatiounen, déi kéimen herno, erkläert d'Nathalie Ronvaux.

"An da sinn et awer och Saachen, wou mer e bëssen den Ekosystem vun der Chaîne du livre eis ukucke mussen, a wou mer ganz konkret musse soen, wa mer elo hei e Levier usetzen, da musse mer och op enger anerer Plaz de Levier usetzen. Eng Zesummenaarbecht ass absolut noutwendeg, grad wéi Récksprooch ze huele mat den anere Beruffer vun eisem Ekosystem."

Dee ganze Secteur professionaliséieren

Wann een de Beruff vum Schrëftsteller wëllt professionaliséieren, da misst een de ganze Secteur professionaliséieren, seet d'Nathalie Ronvaux. "Da kommen och Beruffer, déi et am Ausland ginn, hei am Land awer net oder nach net agesat ginn." Dat sinn d'Beruffer wéi Korrekter, Iwwersetzer, Agenten a Leit an der Distributioun.

Eng Zesummenaarbecht géif et net just ënner den Auteure ginn. Et hätt sech vill gedoen an de leschte Joren, an dat géif scho mat der Ënnerstëtzung an dem Engagement vum Nationale Literaturzenter ufänken, seet d'Susanne Jaspers:

"Si schaffen Unterrechtsmaterial aus, wat ganz wichteg ass. Mir hunn entretemps Reading Luxembourg, wat extreem hëllefräich ass bei der Promotioun, virun allem am Ausland, fir d'Visibilitéit. Dat gouf et och virun zéng Joer net. Mir hunn e Kulturministère, wou ech wierklech d'Impressioun hunn, datt e wëlles huet, net nëmme fir d'Literatur, mee fir de ganze Konschtsecteur. Et ass de Moment eng Vague vun Dynamik a vun Enthusiasmus a vu Wëllen do. Dat deet gutt, an do mécht ee mat."