Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Näischt ass permanent (an de Stroosse vun Esch)

Skulptur-Konscht

Näischt ass permanent (an de Stroosse vun Esch)

Op dem Wee verstreet sinn 23 national an international Wierker déi d'Visiteuren op Entdeckungsrees duerch Esch schécken. Hei kann een nieft den Installatiounen sech och méi mat de verschidden architektoneschen a kulturelle Säite vun der Stad ausernee setzen.

auto_stories

3 min

Vu Chromtornadoen als Eyecatcher virum Gemengenhaus, iwwer Neonsaffichen an der Bar vum neien Ariston proposéiert "Nothing is Permanent" en neie Wee an all Escher Ecken. Dës Entdeckungsrees zitt een och bei d'kulturell Offer vun der Stad, sou de Konschthal-Direkter Christian Mosar, de seet dass d'Wierker ganz no oder virun Eschter Kulturinstitutioune stinn:

"[..] sou dass deen, deen de Circuit mécht an zum Beispill Esch nach net gutt kennt, gläichzäiteg déi Kulturhaiser gesäit. Natierlech kommen d'Leit dann och ra bei eis. An ech mengen engersäits ass "Nothing is Permanent" eng klassesch Open Air Expo. Mee anerwäerts huet se eben de roude Fuedem, dass se grad déi Kulturinstitutioune vun Esch wéi en Netzwierk verbanne soll."

D'Kënschtler déi bei "Nothing is Permanent" ausstellen, lackele bestëmmt e puer Leit an de Minett. Mat Wierker vum Wim Delvoye, Tony Cragg, an Erwin Wurm ass déi international Konschtzeen mat grousse Nimm zu Esch vertrueden.

Dozou kéint een och de fréi verstuerwene Lëtzebuerger Michel Majerus zielen. Säi Wierk "Nothing is Permanent" huet dem Wee säi Numm ginn.

Eng vun den iwwerraschenden Interventioune vun der Fräiloftausstellung ass eng gediebelt, rout Mercedes-Camionette. Foto: Ville d'Esch-sur-Alzette

Vill lokal Kënschtler vertrueden

Niewent dem Michel Majerus senger Installatioun sinn zéng weider Wierker vun deenen insgesamt 23 vu lokale Kënschtler. Een dovunner ass den Eric Schumacher, dem seng Installatioun "Relief Structures" am Espace Mercure ausgestallt ass:

"Ech hunn am Espace Mercure eng Interventioun gemaach mat grousse Pannoe wou ech e bëssen eng kommerziell Alldagssituatioun rëmspigelen, wou ech bësse mat der visueller Pollutioun vum ëffentleche Raum spillen. A wou ech och e gewësse "daily state of mind" vun engem routinéierte Liewen dra maachen."

Op sechs Pannoe déi sech duerch den Akaafspassage zéien, spillt de Kënschtler mat der Form an dem Vocabulaire vun der Reklamm. Wärend aner Wierker op prominente Plazen an der Stad ausgestallt sinn, steet "Relief Structures" an engem Espace dee villäicht bësse vergiess gëtt. Eng Placéierung, déi de Kënschtler awer arrangéiert. Esou seet den Eric Schumacher, datt et him wichteg war, bei der Opstellung vum Wierk op den Espace anzegoen:

"An et war mer och einfach wichteg sou en Endroit ze huele wéi den Espace Mercure, wëll dat eng Platz ass déi och einfach guer kee Wäert hei an der Stad huet am Fong, wou awer trotzdeem relativ Aktivitéit ass - et ass direkt nieft der Gemengeplaz an et ass bëssen erofkomm. An dat huet mech ugesprach fir do op déi Problematik ze äntweren."

Mat lokalen an internationalen Interventiounen, ass "Nothing is Permanent" also ee gudde Wee Esch nei - oder fir d'éischte Kéier - ze entdecken.