Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek an Danz als Therapie

"Looss alles eraus"

Musek an Danz als Therapie

L'"Union fait la force" duechte sech d’Fondatioun EME, de Service national de Psychiatrie Juvénile, de Rocklab vun der Rockhal, d'Dänzerin Sylvia Camarda an de Museker David Galassi. 20 Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, déi vun der Jugendpsychiatrie betreit ginn sprange beim Projet "Looss alles eraus" iwwer hire Schied. An direkt vun Ufank u goufen et positiv Entwécklungen.

auto_stories

4 min

D’Fondatioun "EME-Ecouter pour mieux s’entendre" huet d'Zil Projete fir Mënschen ze realiséieren, déi net sou einfach a Kontakt mam kulturelle Liewe kommen. D'Fondatioun proposéiert tëscht 400 a 500 Evenementer am Joer. Déi kënnen zesumme mat Spideeler, Altersheimer, Kannerheemer, dem Prisong, oder mam Service National de Psychiatrie Juvénile ëmgesat ginn. Et sinn ëmmer méi interaktiv Projeten déi Realitéit ginn. Sou och "Looss alles eraus". Déi Jugendlech gi bei dësem Projet an de Mëttelpunkt gestallt. D'Musek ass d'Häerzstéck, well bei der Fondatioun géif sech alles ëm d'Musek dréinen, esou d'Dominique Hansen, Presidentin vun der Fondatioun EME.

Hëllef fir sech artistesch auszedrécken

De Rocklab vun der Rockhal ass e weidere Partner am Projet "Looss alles eraus". Am Rocklab geet et dorëms Lëtzebuerger Museker a Kënschtler z'ënnerstëtzen, ze begleeden an z'informéieren. Ee Volet ass d'Professionaliséiere vun der lokaler Zeen. Deen anere Volet wier et, Mënschen déi iwwert ee kënschtleresche Wee eppes ausdrécken, ze hëllefen, seet de Sam Reinrad vum Rocklab. Si kéinten ënner anerem d'Infrastruktur zur Verfügung ze stellen.

De Projet "Looss alles eraus" kann am Danzsall vum Rocklab prouwen. En plus huet de Sam Reinard annoncéiert, datt d'Schlussresultat vun "Looss alles eraus" de 27 Abrëll 2017 am Club vun der Rockhal presentéiert gëtt.

Musek an Danz als Therapie

D’Katja Engelhardt ass Ergo- a Kierperpsychotherapeutin vum Service National de Psychiatrie Juvénile. Hir Jugendlecher hätten éischter wéineg mat Musek an Danz ze doen, erkläert si. Danzen a Sange géifen net zu hirem Alldag gehéieren, ausser vläicht Radio lauschteren. Grad dowéinst wier d'Entwécklung, déi si an dësem Projet erliewen, méi wéi positiv.

Et wier ëmmer nees iwwerraschend, wéi si sech a sou engem Prozess veränneren. Wéi si hir Schwächte géifen iwwerwannen. Dofir komme Jugendlecher och dozou Sätz ze soe wéi: "Elo rappen ech, well Musek ass meng Therapie". Déi Jugendlech vun dësem Projet hu verschidde Problemer: Konzentratiounsproblemer, Depressiounen, Angschtzoustänn, Panikattacken an Ähnleches.

Lass loossen a sech fräi maachen

Et war eng grouss Erausfuerderung, an déi d'Dänzerin Sylvia Camrada an de Museker David Galassi sech lancéiert hunn. Uganks hätten déi Jonk gehofft, Danz géif "Hip Hop a Breakdance" heeschen. Et koum awer och zäitgenësseschen Danz derbäi. Et wier awer iwwerhaapt keng Fro vum Danzstil. Et géif éischter dorëms goen, lass ze loossen a sech fräi ze maachen, sou d'Sylvia Camarda.

An da geséich een, datt déi Jugendlech d'Sensibilitéit hätten nach vill méi wäit ze goe wéi d'Dänzerin ugangs geduecht a gehofft hätt. Déi Jonk hätten och geléiert, datt den Danz keng Sprooch ass déi een héiert, mä eng Sprooch déi ee gesäit.

Grad wéi am Danz wieren déi Jugendlech och beim Rappen uganks zeréckhalend gewiescht, erkläert de Rapper David Galassi. Ee Saz hätt dominéiert: "Ech weess net op ech dat kann". Awer si hätten et ganz séier konnt. Se hätten och ganz séier hir Gedanken a Gefiller op Blat bruecht, ënnersträicht den David Galassi. Et wiere vill a gutt Texter eraus komm, déi Jugendlech hätte mat all hire Problemer dach vill ze soen.

Déi positiv Entwécklung wier, datt si méi fräi denken a sech am Danz méi fräi bewege kënnen. An Aussoe wéi "Nee, dat kann ech net" hätt een am Laf vum Prouweprozess ëmmer manner héieren.

Dee richtege Wee

Déi zwee Kënschtler froe sech selwer, ob si de richtege Wee mat de Jonke ginn. A si loossen déi Jugendlech bei hire Prouwen net eleng. Wann ee gréissere Problem an de Prouwen opkéim, wier ëmmer een do deen d'Situatioun kéint opfänken, seet d'Katia Engelhardt vun der Jugendpsychiatrie. D'Ergo- a Kierperpsychotherapeutin betount, datt déi 2 Artisten de richtege Wee mat deene Jugendleche géife goen, well si eng Zort Virbiller wieren.


De 27 Abrëll 2017 weist de Projet "Looss alles eraus" ee gréissere Spektakel am Club vun der Rockhal zu Esch. Den Entrée ass fräi. Méi Informatioune ginn et um Internetsite fondation-eme.lu