Radioen

On air

Espresso Beats  |  St. Paul & The Broken Bones - Sea Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musée fir sakral Konscht zu Lëtzebuerg?

Patrimoine

Musée fir sakral Konscht zu Lëtzebuerg?

Reliéis Konscht, UNESCO, Kulturierwen... De Patrimoine a senge verschiddene Forme ass de Schwéierpunktthema vun der neier Nummer vun "Nos Cahiers. Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur".

auto_stories

3 min

Wärend hei am Land iwwer zwee Honnert Kierchen a Kapellen, zwou Synagogen, verschidde Kierfechter an anere Mobilier ënner nationalem Denkmalschutz stinn, stellt sech d'Fro, wat mat soss reliéise Konschtobjete geschitt. Ëm de fréiere Besëtz vun de Kierchefabricke bekëmmert sech elo de rezente Kierchefong. Mee deen huet dofir, wéi et schéngt, keen Depot, schreift de Konschthistoriker an Diozesanarchivar Alex Langini am Virwuert vun Nos Cahiers.

E Musée fir Sakralkonscht wier, senger Meenung no, eng Léisung - mee de Bistum géif sech deem widdersetzen, well d'Objeten hir Plaz an de Kierchen hätten. Fir den Alex Langini wier et deemno d'Roll vum Staat, fir esou e Musée an d'Liewen ze ruffen, zum Beispill an enger entweihter Kierch oder an engem Deel vum fréieren Athénée, wou bis viru Kuerzem nach d'Nationalbibliothéik ënnerbruecht war.

UNESCO zu Lëtzebuerg

De 25. Oktober 1947 war Lëtzebuerg der UNESCO bäigetrueden. An de Joerzéngten duerno koumen zousätzlech Konventiounen dobäi, mat deenen ee sech zum Erhalt vum Weltkulturierwe engagéiert huet. Ënnert der Fieder vun der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, liese mer eng méi laang Presentatioun vun de breetgefächerten Aktivitéite vun där UN-Agence hei am Land. Ugefaange mam Schutz vun der Iechternacher Abtei, déi Enn de 60er Joren duerch e Contournement sollt vun hirem Parc mat der Orangerie getrennt ginn. D'Zerstéierung vum Loeschenhaus, enger Dependance vun der Abtei, konnt awer net verhënnert ginn: dat Gebai huet missen dem kënschtleche Séi wäichen.

Zënter 1994 ass d'Festung Lëtzebuerg mat hirer Alstad geschützt. D'UNESCO-Kommissioun huet den Tracé vum Tram am A behalen, respektiv iwwerwaacht de Projet vun der Renaturéierung vun der Péitruss an de Reamenagement vum Péitruss-Park. D'Simone Beck ënnersträicht déi rezent Inscriptioun vun der Minettsgéigend an den UNESCO-Programme "Man and the Biosphere". D'Kandidatur vum Mëllerdall, dës Kéier fir de Geoparc-Programm, ass, no engem éischten Echec, erëm aktuell.

Immatierellt Kulturierwen

"De Mënschen hiert Kulturierwe stielen oder futti maachen heescht de Mënschen hiert Liewen huelen", gëtt de Patrick Dondelinger ze bedenken. Hien ass zënter e puer Joer Responsabelen hei am Land fir dat immateriellt Kulturierwen, zu deem jo zënter November 2020 déi musikalesch Konscht vun den Haupeschbléiser a scho méi laang déi Iechternacher Sprangprozessioun gehéieren. De Pierre Kauthen erënnert un déi reliéis Originne vun deem fréieren heednesche Ritual, dat verchrëschtlecht gouf. E reliéisen Hannergrond, dee vun den Historiker manner betruecht géif gi wéi d'Legende ronderëm d'Sprangprozessioun, bedauert de Pierre Kauthen.

De Philosoph Hubert Hausemer stellt dem däitsche Reliounssoziolog Hans Joas seng Säkulariséierungstheorie vir. Där Theorie no hätt d'Verweltlechung vun de Gesellschaften d'Relioun net ofgeschaaft, éischter géif et en Nieftenee vu Relioun a säkulären Tendenze ginn. De Joas wier der Opfaassung, datt de Mënsch zwar net vun Natur aus reliéis ass, mee de Besoin huet, sech u Wäerter z'orientéieren.

Wéi d'Stad Lëtzebuerg keen iewescht Geriicht méi hat

Den Historiker Paul Feltes skizzéiert an engem méi laangen Aufsatz d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Justizwiesen am 19. Joerhonnert. Datt de System fundamental vun der franséischer Revolutioun an der napoleonescher Zäit gepräägt ass, dierft allgemeng gewosst sinn. Manner bekannt ass zum Beispill déi mouvementéiert d'Zäit tëschent 1830 an 1839. Wéinst den territoriale Verännerungen an der belscher Revolutioun hat d'Stad Lëtzebuerg nom Dezember 1830 keen Zougank méi zu enger ieweschter Geriichtsinstanz, am Géigesaz zum Rescht vum Land, fir dee Léck a Bréissel als Appell- respektiv Cassatiounsgeriicht zoustänneg waren.

Also war 1831 an der Stad eng Cour Supérieur an d'Liewe geruff ginn. Deen Hin an Hir hat an der Magistratur zu Rivalitéiten a Kämpf gefouert, déi den Opbau vun enger Justizverwaltung bannent neie staatleche Grenze méi schwéier gemaach hat, konstatéiert de Paul Feltes.