Radioen

On air

Kultur um 5  |  Caribou - Odessa (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mom and Other Loonies in the Family"

CinEast 2016

"Mom and Other Loonies in the Family"

D'Ibolya Fekete léisst bal e Joerhonnert ungaresch Geschicht unhand vun enger Familljechronik Revue passéieren. Véier Generatioune vun, wéi si sech selwer bezeechnen, Mëller, trieden an der Realisatrice hirer Fresque op. Am Mëttelpunkt steet awer d’Mamm, déi an diverse Liewensphase gewise gëtt. Notamment als al Fra vu 94 Joer, déi hirer Duechter déi ganz Familljegeschicht erzielt

auto_stories

3 min

Mom and Other Loonies in the Family. Foto: Szlovák Judit

D'Mamm, eng Fra vu 94 Joer erzielt an "Mom and Other Loonies in the Family" hirer Duerschter déi ganz Familljegeschicht. Eng honnertprozenteg fiabel Narratrice ass si allerdéngs net. Si ass dement. Well hir Duechter sech meeschtens op dat aléisst wat se hir seet, erginn déi Gespréicher eng ganz Rei herrlech skurril Dialoger. Déi dann ënner anerem bewierken, datt een eng grouss Affektioun fir béid Figuren entwéckelt.

An enger ganzer Rei Flashbacke gi gëtt de Spectateur méi iwwert all dës "Loonies" gewuer. A virun allem iwwert der Mamm hiren onrouege Liewenswee. Si ass net manner wéi 27 mol geplënnert. Wat awer och op mëttlerweil historesch Ëmstänn zeréck ze féieren ass. Deemno ass "Mom And Other Loonies From The Family" niewebäi eng Rekapitulatioun vun engem knappe Joerhonnert ungarescher Geschicht.

Mat engem klenge Schlenker an d’Virgeschicht, bei d’Grousselteren, déi sech ëm 1870 oder 1880 - sou genee weess dat kee méi - matenee "vertschüsst" haten, fir sech heemlech ze bestueden. Reliéis Differenzen tëschent de Familljen hätten d’Unioun ëm een Hoer verhënnert, an dee Clivage tëscht Katholiken a Protestante gëtt nach ee vun de Leitmotiver am Film.

Vu K.u.K-Monarchie bis den Opstand vu 1956

Déi éischt Plënneraktioun huet d’Mamm, als klengt Meedchen erlieft, kuerz nom éischte Weltkrich, wéi un de Grenze vum fréiere K.u.K. Monarchie-Deel gezunn a gedréckt gouf. D’Kärstéck vum Film ass hir Zäit als erwuesse Fra. De Film weist, wéi si sech verléift a bestuet huet. Mee thematiséiert gëtt och déi d’narzisstesch Occupatioun, d’Befreiung duerch déi rout Arméi, den Opstand vun 1956 an déi uschléissend Repressioun Alles dëst huet d'Mamm mat erlieft.

Si, hir Famill, an hire Frëndeskrees stellen ee charmante multikulturelle Kéipchen duer. Ethnesch Däitscher, Judden, an Ungaro-Rumänen, jee no aktueller Grenzelag, hëllefe sech a "Mom and Other Loonies in the Family" géigesäiteg aus. A si wonneren sech iwwert déi jeeweileg Ideologie, déi grad un der Dagesuerdnung ass. A si ducken, wat am Fall vun der Haaptfigur heescht: Plënneren, soubal et ufänkt brenzeleg ze richen. Sou vergeet e Joerhonnert.

Gegléckten Integratioun vun Archivmaterial

Déi sëllech dramatesch Entwécklungen evoquéiert d’Ibolya Fekete mat vill Gaalgen-Humor. Duerch déi dresche Kommentaren, déi si hire Protagonisten a Protagonistinnen an de Mond leet, a virun allem, duerch déi spilleresch, an immens gegléckt Integratioun vun Archivmaterial an hirem Film. Dat an déi mat vill Léift ausgefeilt Personnagen, an och Detailer wann de Papp Rollschong ausprobéiert, déi vun enger quasi onbekannter awer zum Gléck vergläichsweis räicher Tatta aus Amerika geschéckt goufen, si magesch Momenter. Si maachen aus dëser Famillje Chronik een häerzerwiermenden an immens kuckeswäerte Film.


"Mon and Other Loonies in the Family" ass am Kader vum CinEast Festival gewise ginn.